Déi fréier Gendaarme kréie Falschaussoen oder Behënnerung vun der Justiz virgeheit. Bei deenen aacht handelt et sech em:
-
Pierre Reuland (zur Zäit vun den Attentater an der Gendarmerie, spéider Police-Generaldirekter vun 2001 bis 2008. Huet misse vum deemolege Justizminister Luc Frieden ofgesat ginn, well de Parquet him schonn deemools Behënnerung vun der Justiz virgeheit hat)
-
Charles Bourg
-
Aloyse Harpes
-
Armand Schockweiler
-
Guy Stebens
-
Marcel Weydert
-
Guillaume Büchler
-
Paul Haan
Si kréien net méi virgeheit, och Co-Auteur vun den Attentater selwer gewiescht ze sinn. D'Chambre du Conseil deelt domat net d'Positioun vum Parquet, dee verschiddenen Inculpéierten och virgeheit hat, Co-Auteur vun den Attentater gewiescht ze sinn.
Ben Geiben net viru Geriicht
Och net viru Geriicht kënnt laut Chambre du Conseil de Ben Geiben. De Parquet hat ganz spéit seng Meenung geännert an awer nach e Renvoi vum fréiere Chef vun der Brigade mobile gefrot. D'Chambre du Conseil huet dat net zeréckbehalen.
De fréieren Enquêteur Lucien Linden war 2019 inculpéiert ginn, mee ass kuerz drop verstuerwen. Dofir konnt fir hie kee Renvoi gesprach ginn.
Eng immens laang Prozedur
Déi aacht fréier Memberen, fir déi gëscht vun der Chambre du Conseil e Renvoi viru Geriicht gesprach gouf, hu fënnef Deeg Zäit fir an Appell ze goen, esou d'Justiz an engem Communiqué. Sollt et dozou komme wäerten nach emol Méint vergoe bis eng definitiv Decisioun virläit.
Viru ronn 40 Joer goufen et uechter Lëtzebuerg eng 20 Bommenattentater op vital Infrastrukturen. D'Attentater konnte bis haut net opgekläert ginn. En éischte Prozess géint zwee fréier Gendaarme war viru gutt zéng Joer op Äis geluecht ginn. Dono koum et zu deene weideren Inculpatiounen, well am Prozess ganz vill Zeie widderspréchlech Aussoe gemaach hunn.