Radioen

On air

9 bis 1  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bombardementer am Noen Osten och um éischte Joresdag vun der Hamas-Attack

Aktuelles aus dem Noen Osten

Bombardementer am Noen Osten och um éischte Joresdag vun der Hamas-Attack

Israel huet den éischte Joresdag vun der Hamas hirer Attack vum 7. Oktober zejoert mat Gedenkzeremonie markéiert. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu sot an engem Videomessage, Israel géif weider kämpfen, fir datt esou eng Attack net méi kéint geschéien, an Israel wier am gaangen, dee Kampf ze gewannen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

Um Dag vun de Commemoratiounen huet Israel gëschter bal 200 Rakéite vun der Hisbollah aus dem Libanon interceptéiert. Déi israeelesch Arméi huet nees Dosenden Ziler vun der Hisbollah am Libanon aus der Loft ugegraff.