Ugefaange mat der gréisster Partei, déi mam Luc Frieden wuel och an den nächste Premier wäert stellen: D’CSV kënnt mat engem liichte Stëmmegewënn op 29 Prozent an 21 Sëtz. Par Rapport zu de leschte Walen ännert sech bei der Sëtzverdeelung fir d’CSV also guer näischt.
Wat sech ännert ass, datt d’CSV elo um laangen Hiewel sëtzt fir Koalitiounen ze bilden.
Entweder mat der DP oder mat der LSAP, déi och allebéid Stëmme gewonnen hunn.
Sëtzméisseg ass d’DP op zweeter Plaz: mat 14 Sëtz, an also 2 méi wéi virdrun. D’LSAP leet ee bäi an huet 11 Mandater. Stëmmeméisseg leien déi zwou Parteie ganz no beienee mat ëm déi 18-19 Prozent.
déi gréng verléiere Fraktiounsstäerkt
Däitleche Walverléierer sinn déi gréng, déi zanter der Fusioun vu GAP a GLEI viru bal 30 Joer ni esou ee schlecht Resultat haten. Mat engem Minus vun iwwer 6 Prozentpunkten a 5 Sëtz bleiwen nach 8,5 Prozent a véier Deputéiert. déi gréng hunn also an der neier Chamber keng Fraktiounsstäerkt méi. Am Géigesaz zur ADR, déi mat 9 Prozent vun de Stëmmen elo nees op 5 Deputéiert kënnt. Esou ee gutt Resultat hat d’ADR fir d’lescht viru bal 20 Joer.
D’Pirate bleiwe stabel bei ronn 6 Prozent vun de Stëmmen. Si hunn elo nieft hiren Deputéierten am Zentrum a Süden och ee Mandat am Norden.
déi Lénk verléiere Stëmmen, konnten hir zwee Sëtz awer knapp verdeedegen.
Vun de fënnef ganz klenge Parteien, déi ugetruede sinn, huet Fokus mat 2,5 Prozent am Beschten ofgeschnidden, mee och dat geet net duer fir ee Sëtz an der Chamber.