Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis - Cumulous Potion (For The Clouds To Sing)

play_arrow Live
search

/ Keen normale Schëffsverkéier bis Mäerz: Wat bedeit dat fir d'Ekonomie?

No Accident an der Schleis

Keen normale Schëffsverkéier bis Mäerz: Wat bedeit dat fir d'Ekonomie?

Wéinst dem Accident an enger Schleis zu Müden op der Musel hänken eng 70 Schëffer fest. Iwwer de Weekend gouf eng Noutléisung getest, fir Schëffer Nout ze schleisen. Deen éischte Frachter konnt op déi Aart a Weis um Méindeg duerchgeschleist ginn. Een normale Verkéier iwwer d'Musel bis bei de Rhäin ass awer nach net méiglech. 

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Thomas Frey play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey

Et dauert op d'mannst bis Sylvester fir all déi 70 Frachter duerchzeloossen. Wann et bis Enn Mäerz dauert fir d'Schleis ze flécken, da wier dat fir verschidde Secteure ganz schwiereg, seet de Malik Zeniti vun den europäeschen Handelskammeren. 

Verschidde Produkter kënnen net einfach iwwer Zuch oder Camion transportéiert ginn

Pro Joer ginn iwwer d'Musel tëscht 8 an 10 Milliounen Tonnen u Wueren transportéiert, dorënner och Produkter, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn, ënnersträicht de Malik Zeniti vun der UECC, der Unioun vun den europäeschen Handelskammeren an der Transportindustrie. Dat wieren an der Haaptsaach Eisenäerz, Steng, Buedem oder Mineralueleg.

"Natierlech och fäerdeg Putteren, déi eis ARCELOR hei zu Lëtzebuerg produzéiert, déi och dann esou zesumme geschweesst ginn zu Mertert, dass se net méi kënnen einfach op engem Zuch oder op engem Camion transportéiert ginn, ouni dass et Sondertransport wier."

Optioun vun enger Ersatzdier gëtt analyséiert

Déi beschiedegt Schleis kéint fréistens Enn Mäerz nees operationell sinn, gouf an enger éischter Analys vun de lokalen Autoritéiten an den Ingenieuren ageschat. 

D'Ingenieure sinn elo amgaangen ze kucken, ob et net méiglech ass eng aner Dier, een Ersatzstéck vun enger anerer Schleis anzesetzen. Eventuell kéim do eng Dier vun Tréier a Fro. 

Eventuell aner Transportweeër fannen

Den Impakt op d'Lëtzebuerger Industrie ass och ze spieren, erkläert de Malik Zeniti. Virun allem fir d'Bauindustrie an d'Stolindustrie.

Et gi fir den Transport iwwer d'Waasser eventuell Auswäichméiglechkeeten, mee déi bleiwe schwiereg, betount de Malik Zeniti. De Schrott fir d'Héichiewe kéim zum Beispill net just aus Däitschland, mee aus der ganzer Welt, erkläert de Malik Zeniti,

"Dat heescht, deen huet natierlech d'Méiglechkeet entweeder duerch Frankräich eranzekommen oder duerch Norddäitschland, bezéiungsweis wéi am Hamburg anzehappen an esou weider."

Eng Rei Eisebunnsstrecken an Däitschland si gespaart

Eng aner Méiglechkeet ass den Transport iwwer d'Bunn. Allerdéngs ginn et an Däitschland eng Rei Eisebunnsstrecken, déi wärend e puer Méint zougemaach ginn. A beim Stroossentransport misst ee bedenken, datt een 100 Camione brauch fir dee selwechte Volume ze transportéieren, dee pro Schëff méiglech ass. Do géifen d'Präisser dann drastesch an d'Luucht goen.

De Malik Zeniti plädéiert dowéinst, datt een an Däitschland d'Schleisen all verduebelt. Vun den 10 Schleisen op der däitscher Säit vun der Musel sinn der just dräi, déi eng Duebelkammer hunn. Déi erlaben et an déi zwou Richtungen ze schleisen. Am Fall vun enger Maintenance kann een am Noutfall dann awer ëmmer eng vun den zwou Schleisen notzen.

Lauschterenplay_arrow