An de leschten dräi Joer huet d’Politik zweemol op eng konkret Biergerbeedeelegung gesat: 2021 gouf de Biergerkommitee an d’Liewe geruff, ee Joer drop de Klimabiergerrot. An där Form war dat eng Première. Ma wéi een Impakt haten dës zwou – temporär – Strukturen op d’Memberen, op d’Bierger an op d’Politik? Dat hu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg ënnert d’Lupp geholl.
Transparenz an den Entscheedungsprozesser ass wichteg
De Biergerkommitee, wéi och de Klimabiegerrot wieren am grousse Ganzen ee Succès gewiescht, esou d’Fuerscher no hirer Analys. Ugefaange mam Biergerkommitee. Deem seng Missioun wier kloer gewiescht: ee Gremium aus 30 Memberen hat den Optrag fir Iddien ze sammelen, wéi Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ka ginn. Mee, esou d’Fuerscher: En Drëttel vun de Memberen hätte sech vun de villen Informatiounen iwwerfuerdert gefillt. Ausserdeem hätt et un engem klore politesche Suivi vun den Propose gefeelt, déi aus dem Biergerkommitee entstane sinn. Dofir proposéiert d’Fuerscherin Lisa Verhasselt vun der Uni Lëtzebuerg, datt een en Dokument schreift an deem jiddereen déi verschidde Recommandatioune kann nokucken an ob se ëmgesat goufen, oder net, oder ob et iwwerhaapt méiglech ass, si ëmzesetzen.
Beim Klimabiegerrot wier dat besser gelongen. Do gouf et ee relativ héije politeschen Impakt. Fënnef Mesuren am PNEC sinn duerch d’Propose vum Klimabiergerrot entstanen, erkläert de Fuerscher Emilien Paulis vun der Uni.lu.
“Comparé à d’autres assemblées citoyennes en europe, qui ont souffert d’un manque de suivi politique, ici il y a vraiment une considération importante de la part du gouvernement."
D‘Regierung hätt an dësem Fall zum Beispill een Excel-Fichier geliwwert, an deem all d‘Recommandatioun dra gestanen hätt an ob se e Suivi am nationalen Energie- a Klimaplang kritt hätt, oder net.
Verbesserungsvirschléi vu Memberen
Eng Majoritéit vun de Participante sot, fir si wier et eng gutt Erfarung gewiescht. Dat gëllt och fir de Fernand Reinisch, Member vum Klimabiergerrot. Mee hien nennt och Kritikpunkten. Zum Beispill, datt de Klimabiergerrot selwer hätt sollen d’Méiglechkeet kréien ze decidéieren, wéi eng Experten aus der Zivilgesellschaft mat agebonne ginn. Virun allem awer hätt et un Zäit gefeelt, fir iwwer d’Gouvernance vum Klimabiegerrot nozedenken. Dat net am Viraus kloer definéiert ze hunn, hätt fir de Projet een Nodeel duergestallt. Dofir ass ee konkrete Verbesserungsvirschlag vum Fernand Reinisch, an enger Preparatiounsphas kloer Äntwerten op folgend Froen ze hunn.
“Wéi ginn d’Decisioune geholl? Gëtt et nëmmen eng majoritär Meenung oder soll een ee Prinzip vum avis minoritaire aféieren? Wéi garantéiert een, datt all Member seng Meenung fräi an ouni Drock ka soen, wéi zum Beispill Klima-Skeptiker?”
Et wier wichteg, d’Iddi vun engem Biergerrot weiderzeféieren, sou nach de Participant Fernand Reinisch. Där Meenung sinn och d’Fuerscher vun der Uni. Si maachen d‘Recommandatioun eng onofhängeg Agence z’institutionaliséieren, déi sech ëm d’Organisatioun an d’Supervisioun vu Biergerbedeelegunge këmmert.