Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Donut Of Darkness

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ “Bienvenue à la Villa ! (2)”: No ale Meeschter elo zäitgenëssesch Konscht

 Villa Vauban

“Bienvenue à la Villa ! (2)”: No ale Meeschter elo zäitgenëssesch Konscht

D’Ausstellungs-Serie “Bienvenue à la Villa!” vun der Villa Vauban stellt Wierker aus, déi an de leschte Joren an hire Besëtz komm sinn. An aacht Raim mat verschiddene Sujete sinn 41 Kënschtler:inne bei der zweeter Editioun mat Fotographien, Skulpturen a Molereien dobäi.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Direkt hannert der Entrée vun der Ausstellung lauert déi éischt ästheetesch Bomm.

Iwwer d’Grenze vun der Konscht eraus

Dem Pit Molling seng Skulptur “Elephant in the Room” ass zwar net sou grouss wéi e richtegen Elefant, mee d’Wierkung op hir Plaz am Musée ass op d’mannst genau sou staark. Déi wäiss Form gouf 3D-geprint an erënnert un de Gips vun engem krommen Aarm oder enger anerer komescher Schank. Oder kéint et awer eng exotesch Muschel sinn aus engem déiwen, onbekannte Mier?

D’Skulptur deelt sech de Raum mat enger Wandmolerei vun der Tina Gillen, déi e puer Meter u gréngen a bloe Faarwen an engem minimalisteschen an atmosphäresche Stil bitt. Béid Wierker kommunizéiere mat anere Formen, Faarwen an och Gréissten – si iwwerschreide souzesoe Grenzen. Passend dozou krut de Raum d’Iwwerschrëft “Across the border”.

En Aperçu vun der Konscht an der Villa Vauban

Siwen zousätzlech Raim mat aneren Iwwerschrëfte komplettéieren d’Ausstellung. “Shapes and Surfaces”, “Images of Humanity” an “Artificial/Lost Places” si just e puer Beispiller dovun. D’Gabriele Grawe, d’Conservatrice an der Villa Vauban, erkläert, datt d’Opdeelung vun de Raim sech praktesch aus dem Material erginn hätt.

“Der Umkehrprozess war schon, dass wir geschaut haben: Was haben wir gekauft in den letzen Jahren, oder im letzten Jahrzehnt? Und dass sich daraus eher die Themen ergeben haben.”

Et wier wichteg gewiescht, fir sech en Iwwerbléck ze verschafen, deen een dann ausstelle kéint. Do wier kloer ginn, datt ee vill Kënschtler:innen a prezis Kategorien andeele kéint. Doraus wier dann d’Ausstellung mat den aacht Raim entstane, wéi een se elo gesi kann.

D’Ausstellung dréit jo den Numm “Bienvenue à la Villa ! (2)”, et ass also déi zweete Kéier, datt d’Villa Vauban esou en Iwwerbléck iwwer hir Acquisitiounen erméiglecht. Déi lescht Editioun hat sech op Wierker aus de leschten 300 Joer bezunn, dës Kéier konzentréiert ee sech allerdéngs op dat lescht Joerzéngt. Bis op e puer Ausnamen aus de 60er an 80er sinn déi meescht Kreatiounen net méi wéi e puer Joer al.

D’Bienvenue soll och an Zukunft weider stattfannen

De Musée géif vill vun de Konschtwierker beim Cercle Artistique de Luxembourg, de Galerien awer och de Kënschtler selwer akafen, heescht et vun der Gabriele Grawe. Et wéilt een hei och an Zukunft un dëser Ausstellungs-Serie festhalen. Et géif ee seelen d’Méiglechkeet kréien, fir esou geziilt d’rezent Akeef ze regruppéieren an dem Public ze weisen. Dacks géifen d’Tableauen nämlech an aner Büros-Raim oder ëffentlech Gebaier vun der Stad Lëtzebuerg plënneren.

Reegelméisseg géif de Musée ugefrot ginn, fir eng Foto oder e Bild an engem nei ageriichte Büro opzehänken. De Musée wier natierlech weider de Besëtzer vum Tableau, mee et géif ee se gäre stellen, fir an engem Büro ze hunn. Bei Skulpture wier dat allerdéngs anescht, betount d’Conservatrice Gabriele Grawe. Déi géife ganz seelen ausgeléint ginn a meeschtens am Depot landen.

Der Konscht hiren Echo

Besonnesch un der Ausstellung an der Villa Vauban ass, datt d’Wierker sech wéi eng Aart Echo duerch déi verschidde Raim an Themen zéien. Bei der éischter Editioun vun der Ausstellung zum Beispill war der Tina Gillen hir Wandmolerei schonn dobäi, elo markéiert se den Ufank.

Och dem Pit Nicolas seng Skulpturen aus Terrakotta um Rez-Chaussée kréien eng Resonanz aus engem anere Raum vum éischte Stack. Do steet nämlech eng Keramik vun der Anni Mertens. Obschonns d’Skulpturen aus verschiddene Generatioune stamen an déi eng kanteg, déi aner ronn sinn, hunn d’Konschtwierker an dëser Ausstellung eppes gemeinsam: Se bestinn allebéid aus Toun.

Déi verschidde Raim bidden also eng Kontinuitéit, se füge sech praktesch wéi Puzzelstécker aneneen an erginn e ganzen Iwwerbléck. Dat wier der Gabriele Grawe an hirer Aarbecht immens wichteg. Esou géif een d’Entwécklungen a Schwéierpunkten an der Konscht op ee Bléck gesinn.

Et wier der Conservatrice vun der Villa Vauban och wichteg fir Géigeniwwerstellungen ze maachen. E Beispill ass déi éischt Editioun vun der “Bienvenue”, bei där al an nei Konscht matenee konfrontéiert goufen.

“Gegenüberstellungen finde ich sehr wichtig, weil es eben das Sehen schult. Also es schult das Auge, die Wahrnehmung.”

Fir all déi, déi d’aacht verschidde Raim mat de rezenten Akeef selwer gesi wëllen, sinn d’Diere vun der “Bienvenue” an der Villa Vauban nach bis Mee 2024 op.

Lauschterenplay_arrow