Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Bettenduerf: Biergerinitiativ wëllt Referendum iwwer Nordstadfusioun

Biergerinitiativ Pro Referendum

Bettenduerf: Biergerinitiativ wëllt Referendum iwwer Nordstadfusioun

D'Biergerinitiativ Pro Referendum sëtzt sech an der Gemeng Bettenduerf fir e Referendum a Saachen Nordstad an. Wéi d'Administratioun, déi sech net ëffentlech ze erkenne gëtt, op Facebook schreift, wéilt ee keng Debatt pro oder contra Nordstad. 

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Et wéilt een einfach de Bierger:inne d'Geleeënheet ginn, sech selwer ausdrécken. Dat nodeems de Gemengerot vu Bettenduerf den 23. Oktober majoritär decidéiert hat d'Verhandlungen ofzebriechen.

D'Aktioun op Facebook krut allefalls mol de Support vun der fréierer Bettenduerfer Buergermeeschtesch Pascale Hansen an dem fréiere Schäffe Paul Troes.