Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Besser geet ëmmer

Amnesty Lëtzebuerg

Besser geet ëmmer

A Saache Mënscherechter hu mir hei am Land eng privilegéiert Situatioun, seet d’Fernanda Perez, Interimsdirektesch vun Amnesty International Lëtzebuerg. Et ginn awer op verschiddene Punkten nach Diskriminatiounen, wou Efforten ze maache sinn. Um internationalen Dag vun de Mënscherechter läit de Fokus awer op der Situatioun vun de Leit, déi am Krich liewen.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch play_arrow
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Natierlech denkt een do direkt un den Noen Osten. “Déi israeelesch Geisele mussen direkt fräigelooss ginn.”, fuerdert d’Fernanda Perez vun Amnesty Lëtzebuerg. Mee och déi israeelesch Arméi misst bei hirer Interventioun déi allgemeng Reegele vun de Mënscherechter anhalen. Fir all Verstéiss, déi et op den zwou Säite ginn, missten déi Responsabel finalement viru Gericht gestallt ginn, esou der Fernanda Perez hier Conclusioun.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Natierlech huet ee Land ewéi Lëtzebuerg eng privilegéiert Situatioun. Et ass schonn een Avantage, wann een an engem Land lieft, an deem et Fridde gëtt, esou d’Fernanda Perez. Mee och hei géifen et ëmmer nach eng Partie Problemer ginn. Ënner anerem a Saachen Diskriminatioun. Et gi Leit op Grond vun hirem Geschlecht, hirer Nationalitéit oder hirer Hautfaarf diskriminéiert, seet d'Fernanda Perez. Fir dat ze stoppen, missten Efforte gemaach ginn, Notamment am Domaine Sensibiliséierung. Besser geet ëmmer.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft