Al an nei Regierungsparteien
D'CSV-Héichbuerge ware bei dëse Chamberwalen zu Wuermer (40,43 Prozent), an der Stauséigemeng (39,74) an zu Rouspert-Mompech (38,28). Déi mannste Stëmme krut d’CSV zu Déifferdeng (21,71), Diddeleng (22,7) a Rëmeleng (22,95), allen dräi Gemenge mat engem niddrege sozio-ekonomeschen Index. Déi Chrëschtlech-Sozial louchen am Ganzen a 65 Gemenge bei iwwer 30 Prozent vun de Stëmmen. Am Beschte goufe si do gewielt wou d'Medianléin héich sinn, dee Lien wier souguer nach méi staark ewéi bei der DP, hat d'Lëtzebuerger Land analyséiert.
D’DP huet hir Héichbuergen zu Munneref (35,39 Prozent), grad ewéi an de räiche Speckgürtel-Gemenge Stroossen (30,33) a Bartreng (30,07). Am mannste ginn déi Liberal an de Süd-Gemengen Diddeleng (9,85), Suessem (10,81) a Rëmeleng (11,22) gewielt.
An och déi gréng kruten déi meeschte Stëmmen do, wou déi gehuewe Mëttelschicht lieft: zu Schëtter (13,44), Walfer (13,22) an an der Stad (13,04) hunn déi gréng am Beschten ofgeschnidden. Am mannste goufe si zu Rëmeleng (3,97), grad ewéi an de ländlechen Nord-Gemenge Wëntger (4,06) a Bauschelt (4,11) gewielt.
Quasi inverséiert ass d’Situatioun bei der LSAP: Där hir Héichbuerge sinn Diddeleng (33,75), Rëmeleng (33,25) an d'Ost-Gemeng Mäertert (27,54). Déi dräi Gemengen, déi am ënneschte Véierel vum sozio-ekonomesche Gemengeranking leien. Am mannste Stëmme kruten d’Sozialisten an de räiche Gemenge ronderëm d’Stad Lëtzebuerg: Bartreng (9,8), Hesper (10,57) a Walfer (10,61).
Kleng a ganz kleng Parteien
D’ADR huet hir Héichbuergen am ländlechen Norden: si gouf am Beschten zu Kiischpelt (18,1), Wëntger (15,73) a Parc Housen (15,17) gewielt. Am mannste Stëmme krut d’ADR zu Nidderaanwen (4,54), Stroossen (5,28) a Schëtter (5,62).
D’Pirate goufen zu Colmer-Bierg (13,71 Prozent) am Beschte gewielt, an där eenzeger Gemeng also wou si och d’Buergermeeschtesch stellen. Dat zweetbescht Resultat hunn d’Piraten zu Péiteng (13,12), vu wou de Süd-Deputéierte Marc Goergen kënnt. Dat drëttbescht Resultat maachen d’Piraten zu Viichten (11,2). Am mannste Stëmme krute si zu Betzder (2,63), Manternach (3,13) a Wuermer (3,24).
Déi Lénk hunn am meeschte Succès zu Esch (7,3 Prozent), Noumer (5,47) a Suessem (5,43). Am mannste Stëmme kruten déi Lénk zu Groussbus-Wal (1,4), Wëntger (1,66) a Veianen (1,73).
Fokus ass am Beschten zu Hiefenech (7,86 Prozent), Viichten (6,31) a Colmer-Bierg (5,86) gewielt. Liberté-Fräiheet huet zu Beefort (3,58 Prozent), Manternach (3,14) an an der Fiels (2,55) am Beschten ofgeschnidden. D’KPL kënnt zu Rëmeleng op déi meeschte Stëmmen (2,65). Déi Konservativ hunn hire beschte Score (1,53) zu Ëlwen gemaach.
Vill Net-Wieler:innen
Am Ganzen hunn 19 Prozent vun de Walberechtegte keng Stëmm ofginn: well se net un de Walen Deel geholl hunn, respektiv een eidelen oder een ongültege Walziedel ofginn. Deen Taux war deen héchsten zu Veianen (28,04 Prozent), zu Esch (25,92) an an der Stad (25,38).
Um Beispill vun der Stad Lëtzebuerg kann ee weisen, wéi geréng d’Walbedeelegung deels ass: Just 29 Prozent vun den Erwuessenen hunn hei d’Walrecht. Déi gülteg Walziedele maachen um Enn nach 21,2 Prozent vun den erwuessener Populatioun aus.
Am gréisste war d’Walbedeelegung zu Sëll: hei hu just 5,09 Prozent vun de Walberechtegte sech enthalen, respektiv een eidelen oder ongültegen Ziedel ofginn). D’Abstentioun war zu Viichten am niddregsten (4,55 Prozent). De “Vote Blanc” ass zu Nidderaanwen am niddregste mat 1,11 Prozent.