A Frankräich brennt et ënner anerem an den Departementer Gironde, Landes a Var. Dat gréisste Feier ass an der Gironde. Wéinst dem Bëschfeier gouf déi touristesch Hallefinsel Cap-Ferret evakuéiert. Honnerte Leit si mat Schëffer virun de Flame geflücht. D‘Prefektur hat hënt weider Evakuatioune vun Dierfer a Uertschafte beim Cap Ferret ordonéiert. Beim Feier der Gironde sinn an Tëschenzäit 12.500 Hektar verbrannt an iwwert 44.000 Leit goufen evakuéiert.
E grousst Bëschfeier gëtt et och am Departement Landes. Do goufe bis elo 23.000 Leit evakuéiert
Hëllef aus den EU-Memberstaaten
Zwee kroatesch Canadair-Läschfligeren, zwee portugisesch Air-Trakteren an zwee Black-Hawk-Helikopteren aus Tschechien an der Slowakei kéinte Frankräich aus aneren EU-Memberstaaten zur Hëllef kommen, esou de franséische President.
Bëschfeieren a Spuenien
Och a Spuenie brennt et weider an der Géigend vun der Haaptstad Madrid. D‘Regierung huet elo den nationalen Noutstand fir d‘Regioun Madrid an d‘Provënz Ávila ausgeruff. Doduerch kënnen zousätzlech Ressourcë mobiliséiert gi fir d‘Feieren ze bekämpfen.