Radioen

On air

Notturno  |  Dick Annegarn - Coutances

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bëscher duerch Stuerm a Reen deelweis staark beschiedegt

Natur an Ëmwelt

Bëscher duerch Stuerm a Reen deelweis staark beschiedegt

Beim Stuerm an dem ville Ree virun engem Mount goufen d’Lëtzebuerger Bëscher plazeweis extreem beschiedegt, esou d'Natur- a Bëschverwaltung op Nofro hin. Virun allem den Uelzechtdall war staark betraff. Eleng zu Miersch sinn den 29. Juni 40 Hektar Bësch beschiedegt ginn. D'Opraumaarbechte kënnen elo ufänken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / imageBROKER | Volker Lautenbach

D'Holz vun de futtisse Beem kann net méi integral recuperéiert ginn. Dat hänkt nämlech vun der Aart of wéi d’Beem beschiedegt goufen, seet d'Martine Neuberg, Cheffin vum Service des Forêts.

"Et huet ee Beem, déi gi mat der Wuerzel gedréckt. Et huet ee Beem, déi ginn einfach ofgerappt, déi si sou gesplittert. Et huet ee Beem, déi ginn ofgedréit, esou datt ee verschidde Situatiounen huet."

Et misst een ëmmer kucken, ob Beem "technologesch" nach kéinte genotzt ginn, oder net.

Weeër vum Reen ausgewäsch

Beem, déi ofgedréit goufen, wieren deemno just nach fir d'Hackschnitzelanlag gutt. Nieft de Beem goufen, virun allem am Süden, Buedemweeër beschiedegt. Duerch den enorme Ree goufen déi deelweis ausgewäsch.

Hei misst een elo op déi néideg Autorisatioune waarden, fir kënne mat der Reparatioun unzefänken, esou d'Martine Neuberg. Och privat Bëscher wiere logescherweis vum Schued betraff. Do gräift d'Verwaltung Proprietäre mat engem duebele Subsid ënner d'Äerm, wa si Bëscher erëm nei wëllen uplanzen a "si kréien och nach eng Part-revenue fir dat Holz, wat lo manner wäert ass, ausbezuelt".

Mëschbëscher bidde verschidde Virdeeler

Wéinst dem Klimawandel misst een och als Natur- a Bëschverwaltung preventiv Mesuren huelen. Esou planzt ee Mëschbëscher, well déi duerch déi ënnerschiddlech Bamkroune méi stuermresistent sinn. Mee de Virdeel iwwerdréit sech och ënner d’Äerd "well d'Wuerzelwierker vun de Beem ganz ënnerschiddlech sinn". An engem gemëschte Bestand wieren d'Beem méi komplementar.

Déi nächst puer Méint heescht et elo opraumen, uplanzen a Weeër nei maachen.

Lauschterenplay_arrow

Text vum Ilana Joseph