Radioen

On air

Notturno  |  Pva - Bunker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Berufflech ganz nei duerchstarten: Geet dat wierklech?

Beruff

Berufflech ganz nei duerchstarten: Geet dat wierklech?

De Beruff wiesselen a mat eppes ganz Neiem ufänken. Ee Schrack, dee vill Leit iwwerleeën ze maachen, sech awer net trauen. D’Tessy Steffen Koenig huet mat zwou Frae geschwat, deenen dat awer gelongen ass.

auto_stories

2 min

headphones

26 min

D'Lis Adams (lénks) an d'Michelle Barthel (riets). | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Lis Adams (lénks) an d'Michelle Barthel (riets). (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Lis Adams huet mat 40 Joer der Finanzwelt Äddi gesot fir sech hire Kandheetsdram ze erfëllen: een eegene Glacëbuttek opmaachen. Domadder awer net genuch: d’Lis Adams huet nach eng zweete Kéier eng 180-Grad-Kéier gemaach an de Beruff eng zweete Kéier gewiesselt. Elo schafft si bei der Caritas.

Ob d’Ofwiesslung kënnt et un

D’Generatioun vun eisen Elteren huet oft ee ganzt Liewen an engem Beruff geschafft. Datt dat haut net méi onbedéngt de Fall ass, läit der Lis Adams no drun, datt d’Leit dat wëlle maachen, wat hinne Spaass mécht.

Och d’Michelle Barthel ass där Meenung. Si ass geléiert Infirmière-Anästhesistin, mécht awer elo ee Volontariat beim radio 100,7 als Journalistin. Hiren éischte Beruff wier schéi gewiescht, seet d’Michelle Barthel, awer och physesch a psychesch ustrengend. Schwéier Aarbechtskonditiounen an ee Gefill, net ëmmer wäert geschat ze ginn, hu si dunn zum Changement beweegt.

Alle béid si si sech eens, wat ee gudde Beruff ausmécht: Ofwiesslung, léif Kolleegen, an ee gudde Chef.

Op den Timing kënnt et un

Mee wéi huet hiert Ëmfeld op dee Changement reagéiert? D’Lis Adams konnt op d’Ënnerstëtzung vun hirem Ëmfeld zielen. Dat selwecht gëllt och fir d’Michelle Barthel. Hir hu souguer e puer Leit gesot, datt si dat och gäre géife maachen, wa si kéinten.

Natierlech muss den Timing vun esou enger Ëmstellung passen. Famill, Prêt, Kanner: all dat mécht esou grouss Ännerungen am Liewen net méi einfach. An um Enn vum Dag mussen d’Suen och iergendwéi erakommen.

Wat rode si de Leit, déi hire Beruff wiessele wëllen, sech awer net trauen?

Bei der Michelle Barthel war d’Angscht, vum Beruff ze vill frustréiert ze sinn, iergendwa méi grouss wéi d’Angscht, de Beruff ze wiesselen. Fir d’Lis Adams ass et wichteg, sech selwer gutt aschätzen ze kënnen. Well och an engem neie Beruff géing ee sech selwer nei kenneléieren, esou déi fréier Gelatière.

Lauschterenplay_arrow