arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Berlin: Sondéierungsgespréicher tëschent Linke, Grüne an SPD dierfte schwiereg ginn

Däitschland

|
reading time

2 min

Berlin: Sondéierungsgespréicher tëschent Linke, Grüne an SPD dierfte schwiereg ginn

Dräi Wochen no der Landtagswal an däitscher Haaptstad Berlin preparéiere sech dräi Parteien op Sondéierungsgespréicher. D’Walgewënner vun Die Linke si sech beim decisiven Theema Antisemitismus mat der SPD an dem B90/Die Grünen eens ginn. Innerhalb vun der Lénkspartei gëtt et awer Widderstand.

reading time

2 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Enn leschter Woch hunn d’Berliner Spëtze vun Die Linke, B90/Die Grünen an SPD eng gemeinsam Erklärung verëffentlecht. Am Virfeld vu Sondéierungsgespréicher wier ee sech beim Theema Antisemitismus eens ginn, heescht et an deem gemeinsame Statement.

Ofsécherung virun de Sondéierungsgespréicher

Ënner anerem gëtt festgehal, datt d’Existenzrecht vun Israel onverhandelbar wier an datt Politiker vun den dräi Parteie bei antisemittesche Virfäll aus hirer Fraktioun kënnen erausgehäit ginn.

Datt esou e Statement am Virfeld vu Sondéierung iwwerhaapt néideg ass, huet domat ze dinn, datt Deeler vun der Berliner Lénkspartei, besonnesch am Bezierk Neukölln, ëmmer nees antisemittesch Aussoen virgehäit kréien.

SPD a Gréng wollte sech ofsécheren, ier si iwwerhaapt a Sondéierungsgespréicher géife goen.

Onkloer, wéi et fir Die Linke weidergeet

Mee Deeler vun der lénker Basis zu Berlin gi sech mat der Erklärung vun hirer Parteispëtzt net zefridden. An net just si: Och e Grupp vu 17 Bundestagsdeputéierter vun der Lénkspartei hunn de gemeinsame Statement mat SPD a Grénge kritiséiert. D’Sondéierungsgespréicher ginn also wuel nach komplizéiert.

A sollte Lénk, Gréng a Sozialdemokrate sech op e Koalitiounsaccord eenegen, misst deen op engem Parteidag nach den Accord vun der Basis vun Die Linke zu Berlin kréien. Ob dat klappt ass am aktuelle Klima an der Partei net garantéiert – scho guer net, wann d’Partei an den nächste Wochen a Méint eng Rei Leit misst wéinst antisemittesche Virfäll aus hire Reie geheien.