Benu Village Esch war dat éischt sougenannten Ökoduerf zu Lëtzebuerg. D’asbl Benu Village hat sech virop der Kreeslafwirtschaft verschriwwen an huet ënnert anerem een Öko-Restaurant zu Esch bedriwwen.
E Wee deen een net goe well
Zanter Enn September ass gewosst, datt d’asbl finanziell Schwieregkeeten huet. An de leschte sechs Joer krut d’asbl siwe Milliounen Euro ëffentlech Gelder fir hire Projet ze realiséieren. An engem gemeinsame Communiqué vum Nohaltegkeetsministère an der Stad Esch d’lescht Woch heescht et, et hätt een d’Finanze vun engem onofhängegen Expert kontrolléiere gelooss.
D'Konklusioun war, datt d'asbl weider eng Millioun Euro bräicht fir aus de finanzielle Schwieregkeeten eraus ze kommen, a weider 2 Millioune pro Joer vun ëffentlecher Säit. Dat wier e Wee deen een net goe wéilt, heescht et weider am Communiqué.
Et hätt een och misse feststellen, datt et keng Gestiounsstrategie an der asbl géif ginn.
Keng Kommunikatioun mat de Salariéen
De Smail Suljic vum OGBL, deen a Kontakt mat den iwwer 40 Salariéen ass, seet och d’Aarbechter hätten déi feelend Gestiounsstrategie bemierkt.
"Et gouf einfach Geld ausginn, wat net do war, och wann d’Salariéen drop higewisen hunn, datt dat net géif goen. Dat war elo een Deel. Deen aneren Deel ass, wann d’Salariéë bei verschiddene Saachen ee Matsproocherecht gefuerdert hunn, datt dat einfach komplett ofgewiert gouf."
Och elo géif net mat de Salariéë geschwat ginn, kritiséiert den OGBL. D’Salariéë wieren och net driwwer informéiert ginn, datt d’Prozedur vun der Faillite ageleet ginn ass. Un dat Dokument, op dem d’Entscheedung festgehale gouf, wieren d’Aarbechter just iwwert e Leak komm, seet de Smail Suljic weider.
Aus dem Dokument geet och ervir, datt d’Aarbechtskontrakter bis op Weideres bestoe bleiwen. D’Salariéë wieren awer fräigestallt. Wéi et fir déi 42 Aarbechter weider geet, ass an dem Dokument net festgehalen.
Marc Baum: Déi Schëlleg musse genannt ginn
De Projet wier wichteg gewiescht, ënnert anerem als “Vorzeigeprojet” vun der ekologescher Transitioun, an et wier bedauerlech, datt elo d’Prozedur vun der Faillite ageleet gi wier, fënnt de Marc Baum aus dem Escher Gemengerot. Déi Schëlleg dofir misste genannt ginn. Op der enger Säit wier effektiv déi schlecht Gestioun vu Säiten der Asbl, fënnt de Marc Baum vun déi lenk nach weider.
"Mee op der anerer Säit mengen ech, wann d’ëffentlech Hand esou vill Suen engagéiert, ech mengen dann ass et awer och an der Verantwortung vun der ëffentlecher Hand ze kucken, dass déi Suen och sou employéiert ginn, datt net wéi elo de Fall ass, awer Dosende vun Aarbechtsplazen a Gefor sinn."
Keen iwwerhëlt Responsabilitéit fir den Echec
D’ASBL selwer hat op de soziale Reseauen e Message gepost, datt se misst zoumaache wéinst “onverantwortlecher Gestioun” an “enger héijer Schold“. D’Mataarbechter géifen hire generéisen Donateuren, also der Escher Gemeng an dem Ëmweltministère, mat hire Kompetenzen a Motivatioun zur Verfügung stoe fir sech weider fir d’Kreeslafwirtschaft anzesetzen. Dee Message ass awer séier nees geläscht ginn.
Mëttlerweil goufen d’Konte vum Benu Village op de soziale Reseaue ganz zougemaach. Aus dem Escher schwaarz-blo-grénge Schäfferot wollt an de leschten Deeg kee sech derzou äusseren, et wier am Communiqué alles gesot ginn, huet et op eis Nofro hi geheescht. Domat huet bis elo nach keen d’Responsabilitéit fir den Echec vum Projet iwwerholl.