“Dat ass fir mech natierlech eng riseg Éier. An dat ass fir mech natierlech ganz besonnesch, well ech natierlech och Lëtzebuerg representéieren. Als jonken Artist sinn ech do opgewuess an hunn do Cello geléiert."
Op Nominatioun vum radio,7 an opus 100,7 gouf de Benjamin Kruithof vum Jury vun den ICMA erausgesicht. Dëse Jury setzt sech Vertrieder vun 19 Medien aus 16 verschiddene Länner zesummen. Lëtzebuerg ass zweemol dora vertrueden: eng Kéier duerch de radio 100,7 an eng Kéier duerch den ICMA-President Remy Franck, Chefredakter an Inhaber vu pizzicato.lu. Bewäert gi bei dësem Präis keng Krittären wéi Verkafs-, oder Streamingzuelen, mee et geet reng ëm déi musikalesch Qualitéit.
Iwwerraschend Nouvelle
Fir de jonken Cellist koum d'Nouvelle, datt hien de Präis vum Young Artist of the Year gewënnt, iwwerraschend:
“Et war och net wierklech ee gewëssen Dag wou ech wosst: lo haut gëtt Bescheed gesot. Mee beemol krut ech halt déi Nouvelle a wéi ech dat gelies hunn, do war ech wierklech (laacht)... ech sinn e bëssen aus alle Wolleke gefall. An ech war super happy natierlech. Ech war grad an enger Kammermusek-Prouf, weess ech nach. An beemol [hunn ech] sou riseg Ae gemaach an dunn hunn d’Kolleegen all gekuckt. [...] Ech freeë mech immens drop och op Düsseldorf ze goen."
Den 19. Mäerz 2025 ass zu Düsseldorf an der Tonhalle niewent der Präissiwwerreeschung och de groussen Gala-Concert, wou de Benjamin Kruithof als Solist mat den Düsseldorfer Symphoniker ënner der Direktioun vum Ádám Fischer optrëtt. Um Programm steet e Wierk vum Pjotr Ilitsch Tschaikowsky – engem Komponist, deem seng Musek den Cellist well op sengem Debutalbum mat der Nordwestdeutschen Philharmonie opgeholl huet, an deem seng Rococo Variatiounen hien am November 2024 an der Philharmonie an am CAPE zu Ettelbréck gespillt huet.
Eng grouss Visibilitéit
Vum Präis erwaart sech de Benjamin Kruithof virun allem eng gréisser Visibilitéit:
“Et ass natierlech ëmmer ee wonnerschéinen Nebeneffekt, deen esou ee Präis huet, fir gesinn ze ginn. An dat ass ganz wichteg als jonke Kënschtler an dofir sinn ech och esou dankbar, dass d’ICMA soueppes mécht."
Et wier eng Méiglechkeet sech als jonke Kënschtler virun engem internationale Publikum, viru Kritiker an och viru Concertsorganisateuren ze weisen.
Optrëtt mat neiem Chefdirigent
Bei senge leschten zwee Concerten zu Lëtzebuerg ass de Benjamin Kruithof zesumme mam designéierte Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker opgetrueden, dem Martin Rajna. E Choix, iwwer dee sech den Cellist freet:
“Ech si super happy fir si. Well et huet mer immens gefall, wéi hie geschafft huet. Hien ass super frësch, jonk, ganz vill Energie an ech mengen, hien huet och ganz vill Honger fir den Orchester weider wuessen ze loossen."
De Concert vum designéierte Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philahrmoniker Martin Rajna zesumme mam Benjamin Kruithof, dem Young Artist of the Year vun den International Classical Music Awards 2025 gouf vum radio 100,7 opgeholl an ass nach bis en Donneschdeg (16.01) an der Mediathéik vum opus 100,7 disponibel.
ICMA-Gewënner 2025
All Joer gi Produktiounen aus 16 verschiddene Kategorie bei den International Classical Music Awards geéiert. 374 Releasen vu 17 internationale Labele ware fir déi aktuell Editioun nominéiert. Do dernieft ginn et eng Rei Special-Awards. De Geiist Gidon Kremer gewënnt de Lifetime Achievement Award an den Dirigent García Alarcón ass den Artist of the Year. Déi ganz Lëscht mat de Gewënnerinnen a Gewënner fannt Dir iwwer den offizielle Site vun den ICMA.