Radioen

On air

Tockcity  |  Lola Young - Wish You Were Dead

play_arrow Live
search

/ Ben Claus: De Panspiano an d’Kap

Sot emol

Ben Claus: De Panspiano an d’Kap

Wann et ëm Lëtzebuerger Lidder geet an Dir héiert en Akkordeonist spillen a sangen, da sinn d’Chancë grouss, datt et de Ben Claus, oder allgemeng nëmmen “De Claus” genannt, ass. Hien ass een Adept vun ale Lëtzebuerger Lidder an hie spillt gären eleng oder mat de “Paltongszéier”, mam “schéine Poli”, als “Krunnemécken” oder och mat den Toxkäpp.

auto_stories

3 min

headphones

55 min

Ben Claus | © Jean-Claude Majerus play_arrow
Ben Claus (Foto: Jean-Claude Majerus)

Fir de Claus elo bildlech ze beschreiwen, et ass de Museker a Sänger mat sengem “Panspiano” an der Kap op. An déi Kap deet hien, wéi hie selwer seet, just fir ze iessen, an der Kierch a beim Grand-Duc of.

Ech heeschen iwwerall “De Claus”

Am Fong ass säi richtegen Numm Ben oder Benjamin Claus. An der Primärschoul war hien de Benny, a wou hien an de Lycée koum, gouf hien eebe Claus geruff an dat ass bis haut esou bliwwen.

“Ech géing mech och ni als Ben virstellen. Ech soen ëmmer: “Moien, ech sinn de Claus.” Ausser op Familljefeieren, do ass et natierlech e bësse méi problematesch, wann do ee Claus rifft da sinn der zwanzeg déi jo soen. An der Famill sinn ech de Ben, mee soss iwwerall: De Claus”

Vum Keyboard bei de Panspiano

De Claus huet mat 13 Joer ugefaange Keyboard ze spillen, an huet an der CAVEM beim Marco Rech nawell vill geléiert, besonnesch och wat Danzmusek ass. An du koum hien op der Goût vum Akkordeon, eben dem Panspiano. Een Instrument, wou hien am Ensembel spille kann, mee et ass een awer och am Fong säin eegenen Orchester.  

“Voilà, dat esou, wéi ee mech kennt, wéi ech Lëtzebuerger Lidder sange ginn, wat ech awer och léiwer am Duo maachen, well et méi Spaass mécht zu Zwee, mee du hues eng relativ komplett Begleedung mat enger Melodie, déi s de kanns maachen a mam Gesang derbäi hues de quasi e ganzen Orchester. An du bass mobil a brauchs kee Stroum.”

De Panspiano an de Réck

Et ass ee mobil mam Akkordeon an et kéint een och denken, deen Apparat dréit sech gutt. Mee do kontert de Claus, datt een awer e bëssen de Réck wéi kritt.

“Ech lafen duerch d’Leit, ech gi bei d’Leit selwer an ech rappe wierklech un deem Instrument. Ech maachen och mëttlerweil e bësse Muskulatioun fir de Réck e bëssen ze stäerken, well et ass awer physesch och ustrengend.”

An genee dat ass sécher ee Gedanken, deen engem net als éischt beim Akkordeon an de Kapp kënnt.

“Wann ee mech gesäit awer do, ech rappe wierklech un deem Déngen an ech weisen de Leit och wéi vill Loft do dra geet an dee Balléck. Ech hat vill oder dacks Problemer a vun do un, wou ech Muskulatioun maachen, geet dat vill besser.”

  Lauschterenplay_arrow