Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - It's Not Just Me, It's Everybody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch: Koalitiounsgespréicher op Héichtouren

No Parlamentswalen

Belsch: Koalitiounsgespréicher op Héichtouren

D‘Belsch Regierung ënnert dem Alexander de Croo huet hir Demissioun beim Kinnek agereecht. No de Parlamentswale vun e Sonnde lafen elo d‘Koalitiounsgespréicher op Héichtouren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi lafen, wéi an er Belsch üblech, op den zwee Niveauen: Federal a Regional. Um Niveau vun de Regioune wëllen an der Wallonie de Mouvement Réformateur MR a Les Engagés zesummeschaffen. D’Gespréicher fir d’Regioun Bréissel dierfte méi komplizéiert ginn. Do huet a Flandern d’NVA d’Initiativrecht a muss elo no engem potentielle Koalitiounspartner sichen.

Al Regierung definitiv keng Optioun

Um federalen Niveau waren et de Moien déi eenzel Parteipresidenten déi beim Kinnek defiléiert sinn. Dorënner d’Walgewënner Bart de Wever vum NVA, Tom Van Grieken vum Flams Belang a Georges-Louis Bouchez vum MR.

Déi al Vivaldi-Regierung, déi 12 Sëtz verluer huet ass definitiv keng Optioun méi, zënter de VLD ugekënnegt huet an d’Oppositioun ze goen.

NVA an MR warscheinlech d'Basis vun neier Regierung

Ambitiounen op de Premierposten huet den NVA Chef Bart de Wever ugekënnegt, dat am léifste mat den Zentristen an de Liberalen. Ob de politesche Programm, deen op Flandern zougeschnidden ass, vum frankophonen MR toleréiert gëtt ass awer alles anescht wéi sécher.

Trotzdem dierften NVA an MR d’Basis vun der neier Regierung ginn, et freet sech just wien als drëtte Partner a Fro kënnt. VLD verzicht fräiwëlleg, Vorruit an CDV kéinten dofir mat an d’Regierungsboot. Souwuel um regionale wéi och um nationale Plang hätt esou eng Regierung dann eng Majoritéit.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft