Radioen

On air

9 bis 1  |  Heather Woods Broderick - Wherever I Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beirut an d'Hisbollah Miliz sti weider vun Israel ënner Beschoss a schloen zeréck

Krich am Noen Osten

Beirut an d'Hisbollah Miliz sti weider vun Israel ënner Beschoss a schloen zeréck

Israel huet hënt nees Ziler vun der Hisbollah Miliz zu Beirut aus der Loft ugegraff. D‘Attacke waren nees an de südleche Viruerter vun der libanesescher Haaptstad, déi als Héichbuerg vun der Hisbollah gëllen. Et gouf staark Explosiounen. Der israeelescher Arméi no waren ee Waffelager an den Haaptquartéier vun der Hisbollah hirem Geheimdéngscht viséiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto; picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Gëscht um Sonndeg ware bei israeelesche Bombardementer och zwee Dierfer an de Bierger ronderëm Beirut getraff ginn. Vill Leit aus der Haaptstad wieren dohi geflücht, an 12 Mënsche wiere bei den israeelesche Bombardementer ëm d‘Liewe komm, esou déi libanesesch Autoritéiten.

D‘Hisbollah huet hirersäits ballistesch Rakéiten op déi israeelesch Hafestad Haifa geschoss. Zwou Rakéite wieren do ageschloen an 10 Leit blesséiert ginn, esou déi israeelesch Autoritéiten.

Den arméierten Aarm vun der Hamas huet de Moien elo gemellt, datt si Rakéiten op Tel Aviv geschoss hätt. Zu Tel Aviv an am Zentrum vun Israel war de Moie rëm Bommenalarm. D‘Rakéite wiere vun Israel interceptéiert ginn.

Och d‘Hisbollah wier de Moie mat hiren Attacken un der libaneesescher Grenz mat Israel weidergefuer. Zil wieren israeelesch Zaldoten, déi am Kader vun der israeelescher Buedemoffensiv an Dierfer am Süde vum Libanon agedronge sinn.