Et géif een nach no Iwwerliewende sichen, esou eng Spriecherin vun der flammännescher Police.
Kuerz virun 10:00 Auer de Moie wier d'Feier ausgebrach. D'Grënn dofir sinn nach net bekannt. Am concernéierte Wunnhaus ginn et am Ganze ronn 80 Wunnunitéiten. Iwwer dem Haus huet sech eng grouss Dampwollek gebilt.
Op de soziale Medien huet de belsche Premier Bart de Wever de Famillje säi Bäileed ausgeschwat.