arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei der CFL ginn et an noer Zukunft eng Rei Ännerungen

Mobilitéit

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Bei der CFL ginn et an noer Zukunft eng Rei Ännerungen

23 vun insgesamt 34 neie Coradia-Zich vun der CFL sinn zënter dem 1. September am Asaz. Dat seet d’CFL am 100,7-Interview am Kader vun der Mobilitéitswoch. Eelef weider nei Zich solle bis 2027 ukommen. Iwwerdeems soll eng nei Streck bis d'nächst Joer entstoen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© CFL
(Foto: CFL)

Parallel zur Moderniséierung vun der Zuchflott soll nämlech och déi nei Streck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg an engem Joer méi Kapazitéit a méi Pünktlechkeet bréngen. 

Verduebelung vun den Zuelen an de leschten 20 Joer

Den éischte Coradia-Zuch ass viru knapp zwee Joer a Betrib geholl ginn. Mëttlerweil sinn 23 vun de 34 bestallten Zich am regulären Asaz: 17 méi kuerz mat dräi Waggonen a sechs méi laang mat sechs Waggonen, erkläert d’Alessandra Nonnweiler vun den CFL.

"Déi lescht 20 Joer hunn d’Zuele sech verduebelt, soudatt mir einfach d’Offer och mussen erhéijen, fir den Uspréch vun de Clientë gerecht ze ginn, mat eben der Visioun 2027 kënnen d’Sëtzplazen ëm bal 50 Prozent ze erhéijen."

Zich ginn ëmmer méi nei

Déi al Z2-Zich sinn dëst Joer komplett aus dem Verkéier geholl ginn. Donieft moderniséiert d’CFL och en Deel vun hirer besteeënder Zuchflott: Zéng Zich si scho komplett erneiert ginn, eelef Weiderer sollen nach bis 2032 renovéiert ginn.

© CFL
(Foto: CFL)

Méi Plaz soll awer net nëmmen an den Zich entstoen, mee och um Schinnereseau selwer. Am September 2027, also an engem Joer, soll déi nei siwe Kilometer laang Streck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg opgoen.

"Mir kréien doduerch einfach méi Pünktlechkeet, well déi Zich aus Richtung Esch an Diddenuewen/Metz vunenee getrennt kënne fueren. Et bedeit domadder direkt méi Capacitéit a konkreet heescht dat och, datt mir bis zu aacht Zich pro Stonn tëschent Lëtzebuerg a Frankräich kënne fuere loossen, ausser den TGV."

© CFL
(Foto: CFL)

Duerch déi nei Streck soll sech eng Stéierung op enger Linn och manner séier op de Rescht vum Reseau auswierken. Fir d’Passagéier soll dat virun allem méi zouverlässeg Verbindungen am Süden an a Richtung Frankräich bedeiten.

 

play_arrow Lauschteren