Méi wéi 100 Leit wier bei der Offensiv zu Raffah dobäi ëm d'Liewe komm, sou déi palästinensesch Autoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn.
Trotz internationalen Appeller un Israel, keng Buedem-Offensiv op d‘Stad Rafah ze lancéieren, sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu, Israel géif un där geplangter Offensiv festhalen, anescht wier de Kampf géint d‘Hamas net ze gewannen.
D‘UNO huet virun enger weiderer humanitärer Katastroph gewarnt. Zu Rafah, un der Grenz mat Ägypten, hale sech eng geschaten 1,5 Millioune Palästinenser op, déi vun anere Plazen an der Gazasträif dohinner geflücht sinn.
Israel seet, et wieren Evakutiouns-Routen fir d‘Zivil-Populatioun en place gesat ginn.