Radioen

On air

Palatino FM  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Bee Secure Helpline: Ëmmer méi Jugendlecher melle sech wéinst "Sextorsion"

Gefor aus dem Internet

Bee Secure Helpline: Ëmmer méi Jugendlecher melle sech wéinst "Sextorsion"

8002 1234: Dat ass d‘Telefonsnummer vun der Helpline vu Bee Secure. Anonym, gratis a vertraulech kann ee sech op där Nummer berode loossen, wat den Ëmgang mat der Sécherheet am Internet ugeet. Eng 450 Uriff sinn am leschte Schouljoer gezielt ginn, déi meescht dovu vun Erwuessenen, déi fir hir Kanner uruffen oder fir sech selwer, ganz dacks wéinst beonrouegenden E-Mailen déi se kruten. Ëmmer méi Kanner a Jugendlecher ruffen awer och selwer un.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Illustratioun fir Sextorsion | © Bigstock / Olegkalina play_arrow
Foto: Bigstock / Olegkalina

Et géifen ëmmer méi Jonker wéinst „Sextorsion“ bei der Helpline uruffen, seet d’Aline Hartz vum Kanner- a Jugendtelefon, deen d’Helpline vu Beesecure geréiert.

„Sextorison dat ass zesumme gesat: Extorsion a Sex. Also dat ass d’Erpressung unhand vun intime Biller.“

Dacks géifen déi Jonk iwwer Dating-Portaler kontaktéiert ginn, op eng ganz professionell Aart a Weis, an vun Erwuessene Leit. Grooming nennt een dat, erkläert d’Aline Hartz, also d’Kontaktopnam iwwert den Internet vun Erwuessene mat Mannerjäregen. Lues awer sécher gëtt Vertrauen opgebaut, bis déi Jonk intim Fotoe vu sech maachen an hinne schécken.

„An dat ass da wierklech ee Gefillschaos, deen do zesumme brécht. Et ass Panik, et ass Angscht, et ass Roserei, Verletzung, Scham, Scholdgefiller. An oft och Trauregkeet, well se soen alleguer, ech wosst et jo, ech hat e komescht Gefill derbäi.“

Kontrollverloscht dee belaascht

E weidere Grond, aus dem sech d’Leit un d’Helpline adresséieren, ass de Cyberbullying, also de Mobbing iwwer online Plattformen. De Probleem wier hei, datt déi Jonk zu all Moment kéinte vu Kommentarer bombardéiert ginn, iwwer verschidde Kanäl an zu all Auerzäit. Dat wier extreem belaaschtend.

Ma heiansdo verstoussen esou Kommentarer awer och géint Gesetzer an déi kann een dann op enger anerer Plaz mellen, an zwar bei der Stopline vu Bee Secure, erkläert d’Aline Hartz.

„Melde kann ee Saachen aus de Beräicher: CSAM – dat sinn d’Duerstellunge vu sexuellem Mëssbrauch u Mannerjäregen, et kann ee melden: Rassismus, Revisionismus, Diskriminéierung an Hate Speech. An Terrorismus.“

Ëmmer méi strofrechtlech relevante Contenu

Erschreckend wier, datt een zejoert iwwer 9.500 URLen a Relatioun mat sexuellem Mëssbrauch u Mannerjärege gemellt kritt hätt. Eng Vervéierfachung also bannent engem Joer, esou d’Aline Hartz.

232 rassistesch Bäiträg wiere bei hinne gemellt ginn, bal d’Hallschent ass un d’Police weidergeleet ginn. Dacks sinn d’Grenzen tëscht Rassismus an Diskriminéierung oder Hate Speech fléissend, an net sou liicht ze trennen, ma opfälleg wier de Mount Juli gewiescht.

„Am Juli war och do esou e Pik. Do hu mer haaptsächlech Hate Speech kritt, an Diskriminéierung géint LGBTQIAplus Persounen.“

Wourop dee Pik zréck ze féieren ass, ass iwwerdeems net gesot ginn. Opfälleg schéngt awer, datt grad an deem Mount d’Drag-Queen Tatta Tom vun ënnert anerem ADR-Memberen op de soziale Medie fir hir Liesungen iwwer Inclusioun an Toleranz attackéiert ginn ass.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kanner