Weider soll eng nei Infraktioun am Code pénal agefouert ginn. Bestrooft gëtt dann d‘Weidernotzen vu perséinlechen Donnéeë vu Riichteren a Grafien, déi an den Urteeler enthale sinn, wann dës fir en automatiséierte Profiling benotzt ginn.
D‘Mesure soll d‘Transparenz verbesseren a gläichzäiteg Mëssbrauch duerch den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz verhënneren – wéi zum Beispill bei Pronosticë vu Geriichtsentscheedungen.
Opwäertung vu Gesondheetsberuffer
Iwwerdeems ginn et Ännerungen am Gesetz iwwer d‘Ausübung an d‘Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer. Konkret soll d‘Annex iwwer de Beruff vum Infirmier ersat ginn. D‘Gesetz soll un d‘Realitéit vum Beruff ugepasst ginn. Infirmiere kréien haut méi nei Verantwortung a schaffe méi selbststänneg. Si iwwerhuelen eng méi grouss Roll bei der klinescher Evaluatioun, bei der Organisatioun a beim Asaz vun neien Technologien.
Dës Ëmsetzung wier een Deel vum Koalitiounsaccord fir de Beruff vum Infirmier méi attraktiv ze maachen, esou heescht et am Schreiwes vun der Regierung.