search

/ Bau vu Käerjenger Contournement: BIGS wiert sech weider géint Zerstéiere vum Bobësch

Naturschutz

|
reading time

3 min

Bau vu Käerjenger Contournement: BIGS wiert sech weider géint Zerstéiere vum Bobësch

D'Biergerinitiativ BIGS vu Suessem huet ee Recours géint de Bau vum Käerjenger Contournement virum Verwaltungsgeriicht agereecht. D'BIGS wëllt verhënneren, datt ee wichtegen Deel vum Bobësch a vum Zämerbësch Affer gëtt vun de Baggeren.

reading time

3 min

Patrizia Arendt vu BIGS an den Affekot Frank Wies | © Radio 100,7
Patrizia Arendt vu BIGS an den Affekot Frank Wies (Foto: Radio 100,7)

Sollt de Käerjenger Contournement gebaut ginn da géifen direkt 3,57 Hektar u wäertvollem Bësch zerstéiert ginn. Am Ganze wieren 21 Hektar betraff, woubäi een Deel dovunner an enger Zon Natura 2000 läit.

De Bësch ass nämlech een zesummenhänkende System, wou d’Vegetatioun sech esou entwéckelt huet, datt d’Fiichtegkeet vun de Beem produzéiert a gehale gëtt. D’Temperaturen si méi niddreg, d’Loftzirkulatioun mee och den Austausch vun Närstoffer an de Biedem si weider Elementer vun deem Ekosystem. Zerstéiert een een Deel, dann ass et wéi wann een an engem Haus eng Mauer géif ofrappen. De Bësch brauch da Joerzéngten, fir nees ze heelen. De Bobësch ass awer esou kleng a schmuel, datt déi geplangten Aarbechte kéinte fatal sinn. 

EU-Direktiv seet, just an extreeme Fäll dierft Natura 2000 Zon zerstéiert ginn

De Fait, datt een Deel vum Bësch an enger Natura 2000 Zon läit ass an deem heite Fall wichteg. Eng EU-Direktiv gesäit vir, datt esou Bëscher nëmmen an extreeme Fäll kënnen zerstéiert ginn, erkläert den Affekot Frank Wies.

"Also déi schwätze vun enger raison impérieuse d'intérêt public. Dat ass elo méi wéi dat, wat mir am nationale Recht hunn, wéi do zum Beispill am Fall vun enger Expropriatioun, oder just en einfachen Intérêt public."

Grad déi Raison impérieuse géif et hei net ginn.

Argumenter, déi op falsche Fakte baséieren, esou Affekot

D‘Argumenter fir de Käerjenger Contournement ze bauen, géifen och op falsche Fakte baséieren, seet nach de Frank Wies.

D’Argument vum fréiere Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter fir esou ee Contournement vu senger Gemeng ze fuerderen, war de Verkéiersprobleem, d’Loftverschmotzung. Op Basis vun Zuele gouf dee Contournement gefuerdert, mee déi Zuele konnte widderluecht ginn, betount d’Patrizia Arendt vun der Biergerinitiativ BIGS.

"Zënter 2018 gëtt also mat homologéierte Miessapparaten op där selwechter Plaz, dat ass wichteg, op eng wëssenschaftlech Aart a Weis gemooss, an d'NO x (Stéckstoff) Wäerter louchen, d'lescht Joer op 22 Mikrogramm. An de Grenzwäert ass 40. An an der Chamber hu se vun 80 geschwat."

Plaidoyere sinn de 16. Dezember

D’Biergerinitiativ vu Suessem huet ee Recours um Verwaltungsgeriicht agereecht. De 16. Dezember sinn d’Plaidoyeren. Den Impakt op d‘Natur, notamment eng Natura 2000 Zon wäerten d‘Haaptargumenter sinn. Grad wéi de Fait, datt et keng Raison impérieuse d‘intérêt public gëtt. 

Bis den Dezember géif ee weider aktiv bleiwen, ënnersträicht d’Patrizia Arendt. Mat Informatiounsowenter, Sensibiliséierungsaktioune wëllt een de Leit bewosst maachen, datt de Bësch muss verteidegt ginn.

De Contournement géif de Verkéiersproblem net léisen, et misst een den ëffentlechen Transport optimiséieren, fir datt eeben déi allermannst nach mam Auto musse fueren, esou d’Conclusioun vun der BIGS.