Radioen

On air

Vue sur mer  |  The Wombats - Blood On The Hospital Floor

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bau-Promoteur Marc Giorgetti invitéiert Politiker op privat Soirée

Kuerz viru Chamberwalen

Bau-Promoteur Marc Giorgetti invitéiert Politiker op privat Soirée

Kuerz virun de Chamberwale vum 8. Oktober huet de Bau-Promoteur Marc Giorgetti eng Soirée organiséiert, op déi och eng ganz Rei Politikerinnen a Politiker invitéiert waren. De Luc Frieden vun der CSV war als eenzege vun de Spëtzekandidaten um Owend dobäi.

auto_stories

3 min

RTL hat de Mëtteg als éischt vum Marc Giorgetti senger Soirée an engem Monnerecher Restaurant bericht. De Marc Giorgetti schwätzt op Nofro hi vun engem privaten Event mat iwwer 150 Gäscht, op där net iwwer Politik geschwat gi wier.

Den Zäitpunkt vun der Soirée wier een Zoufall, an hätt näischt mat de Walen am Oktober ze dinn, sot eis de Marc Giorgetti. De Promoteur argumentéiert, en hätt Leit invitéiert, déi hie perséinlech kennt. Dorënner Membere vun der DP, der CSV, déi gréng an der LSAP. Nimm wollt de Marc Giorgetti net nennen.

​Membere vun CSV, DP an LSAP ware present

Wéi RTL mellt, waren ënnert anerem de Luc Frieden, de Laurent Mosar, de Claude Wiseler an de Serge Wilmes vun der CSV present.

De Laurent Mosar an de Claude Wiseler wollte sech op eis Nofro hin awer net zu der Soirée äusseren. Den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden war bis elo fir ee Statement net ze erreechen. Vun der DP waren d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Vize-President vum Staatsrot Alain Kinsch dobäi. De Premierminister Xavier Bettel seet, e wier net um Owend gewiescht, a fir de Rescht géif hie säi privaten Agenda net kommentéieren, heescht et aus dem Staatsministère. ​

Vun der LSAP war laut RTL de fréiere Minister Etienne Schneider dobäi, dee bei dëse Walen net kandidéiert. D’LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert war invitéiert. Si wier awer net gaangen, well si an der Walcampagne keng Zäit fir esou Evenementer hätt, seet d’Paulette Lenert op Nofro hin. Déi gréng Spëtzekandidatin Sam Tanson sot eis, si wier net invitéiert gewiescht. 

​CSV deelt Fuerderung vu Giorgetti

De Marc Giorgetti huet als Bau-Promoteur politesch Fuerderungen, déi fir seng Firma vu Bedeitung sinn. Ënnert senge Fuerderungen ass eng Hausse vum Amortissement Accéléré, deen et Immobilien-Investisseuren erlaabt Steieren ze spueren. Als eenzeg vun de véier grousse Parteien deelt d’CSV déi Fuerderung an dësem Walkampf. 

Déi blo-rout-gréng Regierung hat eng Rei Steiervirdeeler fir Immobilien-Investisseuren an de leschte Jore limitéiert. 

Kritik vun déi Lénk a Piraten​

Schaarf Kritik gëtt et vun déi Lénk: Dem Alain Kinsch seng Präsenz op dëser Soirée géif weisen, datt enk Kontakter tëschent Membere vum Staatsrot an de Promoteuren üblech sinn. 

Déi véier grouss Parteien an dichteg Geschäftsaffekote géifen d’Legislatioun fir d’Finanzplaz schreiwen, wärend Aarbechter op de Chantiere fir de Mindestloun schaffen a Famillje mat engem normale Salaire sech keen Dag iwwer dem Kapp leeschte kënnen, heescht et an engem Communiqué vun der Oppositiounspartei an der Chamber. 

Och d’Piratepartei kritiséiert d’Participatioun vu Parteivertrieder:innen un der Soirée vum Marc Giorgetti. D’Pirate verweisen an engem Communiqué drop, datt dem Promoteur seng Firma net an den Transparenzregëster vun der Chamber agedroe wier, fir iwwert den offizielle Wee Lobbyaarbecht beim Parlament ze maachen.