Radioen

On air

One World  |  Summertime

play_arrow Live
search

/ Bal wéi am 'Tatort': Rechtsmedezin a chemesch Analysen am LNS

Den Hallwer Néng

Bal wéi am 'Tatort': Rechtsmedezin a chemesch Analysen am LNS

Jiddereen, dee schonn eng Kéier den 'Tatort' op der däitscher Tëlee gesinn huet, weess: Nodeems d’Läich fonnt ginn ass geet et direkt an d’Rechtsmedezin fir d'Autopsie. Mee wéi leeft dat a Realitéit of? De Maurice Molitor war an de Laboratoire national de santé op Diddeleng kucken.

auto_stories

4 min

headphones

23 min

play_arrow
Den Dissektiounssall am LNS. (Foto: Maurice Molitor)

Zënter 10 Joer gëtt et elo den Departement vun der Rechtsmedezin am LNS zu Diddeleng. Den Dr. Thorsten Schwark ass Chef vum Departement. Gëtt d’Rechtsmedezin an de Filmer a Serien da realistesch duergestallt? “Zum Glück nicht”, seet den Dr. Thorsten Schwark mat engem Laachen. Et wier nämlech soss vill méi langweileg wéi op der Tëlee. “Zur Realität gehört auch viel Verwaltungskram.”

De Professor Boerne aus dem Münster Tatort.De Professor Boerne aus dem Münster Tatort, gespillt vum Jan Joseph Liefers. | © WDR / Willi Weber
De Professor Boerne aus dem Münster Tatort, gespillt vum Jan Joseph Liefers. (Foto: WDR / Willi Weber)

De CSI-Effekt

Tatsächlech awer gëtt vun engem CSI-Effekt geschwat. Mat der amerikanescher Serie CSI: Crime Scene Investigation' ass ufanks vun den 2000er de Beruff vun der Rechtsmedezin an der Virdergrond geréckelt. An och duerch déi rezent ëmmer méi prominent Roll vum Beruff an de Krimien – dat beschte Beispill ass wuel de Professer Boerne aus dem Münster Tatort – géing d’Zuel vu Stage-Ufroen an intresséierte Studenten a Studentinnen op den Unie reegelméisseg ropgoen, esou den Dr. Schwark.

Eng Kritik gëtt et awer un der Duerstellung vum Beruff op der Tëlee: Dacks géing nämlech d'Rechtsmedezinner:inne mat der Patholoieg verwiesselt ginn. Den LNS-Medezinner erkläert, datt ee Patholog oder eng Pathologin Krankheetsdiagnositk mécht, Rechtsmedezinner:inne sech dogéint just ëm onnatierlech Doudesfäll këmmeren. D’Verwiesslung kéim awer warscheinlech aus dem angloamerikanesche Raum, wou ee vun der forensescher Pathologie schwätzt. An Europa sinn d'Rechtsmedezinner:innen awer als eegestännege "Facharzt" ugesinn.

Eng Zeen aus CSI: Crime Scene Investigation mam Ted Danson (lénks). | © Monty Brinton - 2012 CBS Broadcasting
Eng Zeen aus CSI: Crime Scene Investigation mam Ted Danson (lénks). (Foto: Monty Brinton - 2012 CBS Broadcasting)

E Beruff, dee belaaschte kann

D’lescht Joer goufen et 141 Obduktioune gemaach. Dëst sinn awer net nëmmen Ënnersichungen am Kader vun engem Verbriechen. Déi maache just ee ganz klenge Prozentsaz aus. Meeschtens ginn onkloer Doudesursaachen ënnersicht, déi bei enger normaler “Leichenschau” net erausfonnt konnte ginn. Dofir géing ee léiwer nach eng Kéier méi genau nokucken, esou den Dr. Thorsten Schwark. Dobäi kommen Affer vu Verkéiersaccidenter oder Leit, déi am Spidol gestuerwe sinn, fir e Feeler vun Dokteren auszeschléissen.

De Beruff ka belaaschten, schliisslech gesäit ee bal all Dag Läichen an ënnerschiddlechen Zoustänn, an et gëtt ee mat de perséinleche Schicksaler konfrontéiert. Déi muss een ausblenden, seet den Dr. Schwark. Dat sterilt Ëmfeld am LNS hëlleft scho vill dobäi. Méi schwiereg gëtt et, wann een op een Tatort geruff gëtt, well ee sech do dacks am perséinlechen Ëmfeld vum Affer befënnt. Um Enn vum Dag verlaangt de Beruff awer Objektivitéit, seet de Rechtsmedezinner. Een intakt Familljenëmfeld wier dofir och ganz wichteg, fir mol heiansdo iwwer Fäll, déi ee belaaschten, ze schwätzen.

Projet 'pipapo': Qualitéitskontroll fir Drogendealer?

Am LNS ginn och chemesch Analyse gemaach. De Serge Schneider ass Chemiker an erkläert, datt et quasi dräi Haaptaufgabe fir säi Labo ginn: d’Analys vun Drogen, déi vun der Douane saiséiert goufen, Medikamentekontroll, an d’Analys vun Drogen am Ofwaasser. Haaptclientë sinn d’Justiz an de Gesondheetsministère. Et kann een awer och als Privatpersoun Analysen ufroen.

E groussen Deel vum Alldag am Labo vir chemesch Analysen dréint sech also ëm Drogen. An deem Kader ass och de Projet 'pipapo' lancéiert ginn. Zesumme mat der Associatioun 'For motion' wier et d’Zil, Konsumenten a Konsumentinne viru schlechten Drogen ze schützen. Aktiv géing een elo an Zukunft op Festivaller goen, wou Leit zum Beispill e puer Milligramm vun hirer Ecstasy-Tablett kënne kontrolléiere loossen. No 15 Minutte scho kënnen d’Chemiker e Resultat liwweren. Natierlech brauch et bei deem Projet och d’Vertraue vun der Persoun déi konsuméiert. Dat weess och de Serge Schneider. Et wier dofir och alles mam Accord vun der Justiz an der Police ofgemaach. Datt also bemol e Polizist aus der Heck spréngt, muss kee fäerten.

Et ginn och kritesch Stëmmen, seet de Serge Schneider. Et kréich ee virgehäit, eng Zort Qualitéitskontroll fir d’Drogendealer ze maachen. D’Opklärung, d’Preventioun an d’Sensibilisatioun stéingen awer am Vierdergrond, esou de Chemiker vum LNS.

Den Dr. Thorsten Schwark (lénks) an de Serge Schneider (riets). | © Maurice Molitor
Den Dr. Thorsten Schwark (lénks) an de Serge Schneider (riets). (Foto: Maurice Molitor)

De Verglach vun den Drogekonsumer

An engem aneren europawäite Projet gëtt d’Ofwaasser vun de Lëtzebuerger Kläranlagen op Drogen ënnersicht. Esou solle Vergläichswäerter par rapport zu aneren europäesche Stied gesammelt ginn. Zënter 2011 gëtt et dee Projet. De Grand-Duché mécht awer réischt zënter 2023 do mat. De Gesondheetsministère wëll esou den Impakt vun der Cannabislegaliséierung erausfannen.

Och geographesch Ënnerscheeder wat den Drogekonsum ugeet kënne festgestallt ginn. Dofir hätt een allerdéngs nach net genuch Analyse gemaach, fir éischt Conclusiounen ze zéien, erkläert de Serge Schneider. Datt een um Bauerenduerf manner Spuere vu Kokain am Ofwaasser fënnt wéi am Bankevéierel Kierchbierg wier awer evident, esou nach de Chemiker.

Lauschterenplay_arrow