Iwwer 2.400 Persoune sinn ausserdeem mam Virus infizéiert a méi wéi 700 dovu ginn den Ament isoléiert behandelt.
Der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no ginn aktuell 82 Prozent vun de Kontakter vun de confirméierten Ebola-Fäll weider suivéiert. Fir d'Verbreedung vum Virus anzedämme misst den Taux awer bei op d‘mannst 90 Prozent leien.