Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ BENU Village gouf viru Geriicht opgeléist

Wéinst finanzielle Probleemer

BENU Village gouf viru Geriicht opgeléist

Haut gouf d‘Opléisung vun der asbl BENU Village Esch offiziell vum Stater Bezierksgeriicht gesprach. Dat deelt de Presseservice vun der Justiz mat.

auto_stories

1 min

© Ministère de l'Économie
(Foto: Ministère de l'Économie)

D‘Requête war de 16. November vum Verwaltungsrot vun der asbl gestallt ginn, wéinst finanzielle Probleemer. Haut gouf e Liquidateur genannt, d‘Créancieren vun der asbl BENU Village Esch sinn opgeruff, hir Deklaratiounen sou séier wéi méiglech dem Liquidateur matzedeelen.