Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wild Cherry - Play That Funky Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autofestival 2025: D'Fedamo schwätzt vun engem "ganz gudde Cru"

Automobilbranche

Autofestival 2025: D'Fedamo schwätzt vun engem "ganz gudde Cru"

Et war déi 61. Editioun vum Autofestival dëst Joer. Fir d'Automobilbranche ass dat traditionell dee Rendez-vous, dee ganz wichteg ass, well si e groussen Deel vun hirem Joresëmsaz an deene knapp zwou Woche maachen. Hir Federatioun schwätzt vun engem ganz gudde Joer.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

De Philipp Mersch ass President vun der Fedamo. Hie schwätzt am 100,7-Interview vun engem "ganz gudde Cru." Hir Membere wiere ganz zefridden. "Mir hu plus 15 Prozent Visiteuren an och 15 Prozent méi Commanden", esou de Philippe Mersch. De finalen Dekont gëtt awer réischt Enn Februar gemaach.

SUVe bleiwe beléift

Méi wéi ee Véierels vum Joresëmsaz gëtt wärend där kuerzer Zäit gemaach, erkläert de Fedamo-President. Dat gëllt awer virun allem fir déi méi kleng Betriber, déi sech ganz op de Festival fokaliséieren.

"Déi kënnen an där Zäit méi een héijen Ëmsaz maachen. An déi méi grouss Entreprisen, déi schaffen op d'Joer natierlech och mat ganz ville Venten un Entreprisen. An dat ass natierlech méi iwwert d'Joer verdeelt."

Interessant gewuer ze ginn ass natierlech och, wéi eng Tendenze sech dann elo gewisen hu bei dëser Editioun vum Autosfestival. Wou ginn d'Wënsch vun den Automobilisten hin? Lëtzebuerg wier an deem Sënn relativ stabel, seet de Philippe Mersch. Konkret heescht dat, datt SUV-Modeller weiderhi ganz beléift sinn. "Déi gëtt et jo mëttlerweil a sämtleche Kategorië vu Gréisste vun Autoen."

Den Trend vum E-Auto zitt nees un

D'Leit kafen och ëmmer méi Bensinn-Hybrid oder Elektresch. Den Trend a Richtung E-Auto wier an deem Sënn och net gebremst sinn, erkläert de Philippe Mersch.

"Deen huet sech e bësse geluecht gehat elo déi lescht zwee Joren, mee dat geet awer elo erëm bierg op, wann een och gesäit, dass ganz vill attraktiv elektresch Autoen op de Marché kommen."

De Philippe Mersch ass President vun der Fedamo. | © radio 100,7
De Philippe Mersch ass President vun der Fedamo. (Foto: radio 100,7)

Wéi vill Prozent d'E-Autoe vun de Venten ausmaachen hänkt vun der Mark of.

"Bei Marken, déi relativ present scho sinn um elektresche Marché, sinn dat op d'mannst 50 Prozent vun hire Venten. Marken, wou elo méi grouss sinn, mat méi verschiddene Modeller, do erreechen déi Elektresch am Festival 15, 20, voir 25 Prozent."

D'Liwwerzäite sinn iwwerdeems erëm ganz normal ginn. Et géing och vill aus dem Stock verkaaft ginn. Soss sinn Delaie vun zwee, dräi Méint, voir maximal fënnef Méint d'Reegel, esou de President vun der Fedamo.

Primm fir elektresch Occasioune "spillt nach keng Roll"

Leit, déi een neien Auto kafen, déi ginn am Prinzip hiren alen an d'Reprise. Dorënner sinn och elo ëmmer méi Elektroautoe. Eng gutt Noriicht fir den Occasiounsmaart.

D'Primm fir Occasiounsautoen, déi d'Regierung ageféiert huet, wann een Elektro-Occasiounsautoen, déi méi wéi dräi Joer al sinn, keeft, spillen aktuell awer nach keng Roll.

"Ech muss och soen, dass déi Primm op den Occasiounen nach net esou richteg bei de Privatleit ukomm ass, well et ass nach net wierklech driwwer kommunizéiert ginn. Dat wäert elo nach e bëssen daueren, mee dat ass op jidde Fall eng Hëllef, déi sensibel wäert sinn, fir d'Leit eeben ze sensibiliséieren op eng elektresch Occasioun."

D'Format soll net geännert ginn

D'Lëtzebuerger Garagiste sinn ënnert dem Stréch also ganz zefridden. Et gouf emol Zäiten, wou dat Format vun deem Autofestival e bëssen a Fro gestallt ginn ass. An och d'Struktur vum Format - eng Woch an zwee Weekender - soll net grouss geännert ginn, esou nach de Philippe Mersch.

"Mir hunn och reegelméisseg nei Marken, déi op de Marché kommen, nei Importateuren an nei Distributeuren, an déi sinn alleguerte begeeschtert vun eiser Formule vum Autofestival, soudass mir do am Fong momentan elo kee Grond hunn, dat elo a Fro ze stellen."

Lauschterenplay_arrow