Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Australien: Iwwerschwemmungen am Osten, Bëschbränn am Westen

Wiederextreemer

Australien: Iwwerschwemmungen am Osten, Bëschbränn am Westen

Bei den Iwwerschwemmungen am Oste vun Australien ass de Bilan op mindestens néng Doudeger geklommen. D‘Iwwerschwemmunge goufen duerch Stierm an aussergewéinlech staarke Ree verursaacht. Besonnesch betraff si vill Viruerter vun der Groussstad Brisbane.

auto_stories

1 min

© Australian Army
Foto: Australian Army / X

Wärend et am Oste vill reent, leit de Weste vun Australien un enger Dréchent. Dowéinst gëtt et op e puer Plazen am Weste scho gréisser Bëschbränn.

Esou wuel de Ree wéi och Dréchent féiere Meteorologen op de Klimawandel zeréck. Australien ass besonnesch staark vun der Äerderwiermung betraff.