Gérard Anduyan Moi je ne suis pas seul dans ce cas. C'est ça le problème. Beaucoup de gens sont exploités par ce système, par cette ubérisation.
Charlotte Bruneau De Gérard Anduyan huet zwee Joer zu Lëtzebuerg fir eng Plattform Iesse geliwwert. Als Independant. D’selwecht wéi Milliounen aner Leit, déi an der EU fir Plattforme schaffen. Mee hie stellt säi Statut a Fro.
Gérard Anduyan Un indépendant, on ne peut pas lui dire comment bosser. On est trop contrôlé en fait.
Charlotte Bruneau A seng Affekotin seet: Eigentlech war de Gérard ee Salarié.
Virginie Verdanet Si on laisse ce système, alors bientôt il n'y aura plus de salariés. Tous ces droits pour lesquels on s'est battu, il n'y aura plus rien.
Charlotte Bruneau De Gérard geet geriichtlech géint d’Plattform wedely vir. D’Aarbechtsgeriicht muss elo tranchéieren. Dat dauert, kascht, an ass zimmlech komplizéiert.
Guy Castegnaro Et ass néierens gereegelt am Aarbechtsgesetzbuch. Do gëtt ni definéiert, wat e Salarié ass.
Charlotte Bruneau Mee d’Gesetz soll änneren, wa Lëtzebuerg d’EU-Direktiv iwwer d’Plattformaarbecht ëmsetzt.
Guy Castegnaro Da musse mir kucken, wéi de Minister dat wëllt maachen.
Charlotte Bruneau Ginn d’Rechter vu Leit, déi fir Plattforme schaffen, hei am Land gestäerkt?
Där Fro gi mir no an der leschter Episod vun “Ausgeliwwert”, eis Serie iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Recherchéiert huet si de Léonardo Kahn.
Mäin Numm ass Charlotte Bruneau an Dir lauschtert Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.
Episod 5: Chefsaach
An dëser leschter Episod vun “Ausgeliwwert“ gi mir der Fro no, wéi Lëtzebuerg d’EU-Direktiv iwwer d’Plattformaarbecht ëmsetze wëllt. Mee éier d’Politik zu Wuert kënnt, léiere mir als éischt ee Livreur kennen: de Gérard Anduyan. Hie war net averstane mat sengen Aarbechtsconditiounen - an, Leo, hien huet dann och eppes dergéint ënnerholl.
Léonardo Kahn Genee, de Gérard wiert sech um Aarbechtsgeriicht géint wedely, also eng vun de grousse Liwwerplattformen hei am Land. An dës Geriichtsaffär ass aus zwee Grënn interessant! Engersäits well se weist, wou Schwaachpunkte vun der aktueller Gesetzgebung genee leien. An anerersäits gesäit een hei, wat alles kéint änneren. Jee nodeems wéi d’Direktiv ëmgesat gëtt.
Charlotte Bruneau Da looss eis dee Sträit méi genee ënner d’Lupp huelen. Wéi ass et dozou komm, datt de Gérard viru Geriicht gezunn ass?
Léonardo Kahn D’Geschicht fänkt 2021 un. Do huet de Gérard sech bei der Plattform wedely ugemellt, fir als Livreur ze schaffen. D’Covid-Pandemie war nach amgaangen.
Gérard Anduyan On avait les masques, encore tout ça. J'ai commencé à cette époque-là.
Léonardo Kahn Als Livreur schaffen, dat war fir de Gérard ee bewosste Choix.
Gérard Anduyan Moi j'ai un diplôme en comptabilité, mais le problème c'est que c'est un métier qui ne me plaît pas comme ça. Je m'en suis rendu compte très tôt jeune.
Léonardo Kahn De Gérard ass an der Banlieue vu Paräis opgewuess, seng Eltere kommen aus de Philippinnen. Et ass seng Mamm, déi als éischt vun der Famill op Lëtzebuerg geplënnert ass - fir eng Chocolaterie ze iwwerhuelen. Do huet de Gérard och eng Zäitchen ausgehollef.
Gérard Anduyan Bon j'ai fait plusieurs métiers, j'ai touché un peu à tout. Et j'ai choisi la livraison parce que c'était plus simple. C’est une tâche beaucoup plus simple, c’est “point A” “point B”, voilà c’est tout. Je ne sais pas, j’étais plus épanoui avec moins de responsabilités on va dire.
Léonardo Kahn Wéi hien dann am Juni 2021 bei wedely ufänkt, ass de Gérard 29 Joer al. D’Livraisoun gefält him. Mee d’Aarbechtsconditiounen ëmmer manner.
Gérard Anduyan Ça dépendait. Il y avait des bons mois, comme les mois de novembre ou décembre où les gens commandent plus. Mais là, tu pouvais faire 3.000, 3.500. Si tu bossais tous les jours, tous les jours.
Léonardo Kahn No zwee Joer als Livreur wier hie kierperlech u seng Grenze gestouss.
Gérard Anduyan J'étais en route pour chez moi. Il était 22 h et 22 h et quelques. J'avais fini ma dernière livraison. Eh bien le problème, Je n'arrivais plus à gripper le volant. Tu vois j'avais plus de force dans les bras.
Léonardo Kahn Déi Middegkeet wier hien net méi lassginn.
Gérard Anduyan C’était ça le problème, j’avais plus de force, plus rien, j’étais trop fatigué de travailler car cela faisait plusieurs semaines que j’enchainais tous les jours, tous les jours. Et en fait, y a un moment où ton corps craque, même si mentalement tu vas bien, ton corps il te dit : merde quoi.
Charlotte Bruneau Leo, a wat huet hien du gemaach?
Léonardo Kahn De Gérard entscheet sech, den Job ze wiesselen an d’Welt vun de Plattformen ze verloossen. Am September 2023 gëtt hie Salarié. Ausserdeem muss hien net méi fäerten, datt d’Iesse kal gëtt. Seng Wuere sinn op minus 20 Grad gekillt.
Gérard Anduyan On va chez Bofrost. La société où je travaille.
Charlotte Bruneau Mee firwat geet hien dann iwwerhaapt nach geriichtlech géint wedely vir? Hie kéint sech jo och soen: D’Plattformaarbecht, dat war emol - dee Problem loossen ech elo hanner mir ...
Léonardo Kahn Effektiv! En plus wier et fir hien eppes Neies, sech op dës Manéier ze wieren.
Gérard Anduyan Je n'ai jamais été lié syndicalement ou quelque chose comme ça.
Léonardo Kahn Mee de Gérard seet, datt déi mental Belaaschtung, déi hien deemools verspuert huet, hie bis haut net labber léisst.
Gérard Anduyan Même si je suis salarié maintenant, cette histoire me suit. Parce que je me suis tellement impliqué dedans. Parce qu’en fait, je me dis que si je ne fais rien, personne ne fera rien.
Léonardo Kahn Datt et zu dëser Geriichtsaffär komm ass, huet awer nach een anere Grond: D’Chambre des Salariés.
Charlotte Bruneau Also d’Beruffschamber, déi déi schaffend Leit zu Lëtzebuerg vertrëtt. Kuerz, d’CSL. Wéi kënnt déi elo hei an d’Spill?
Léonardo Kahn Mee de Gérard huet d’CSL kontaktéiert, wéi hien nach bei wedely geschafft huet.
Gérard Anduyan J'ai donné tous les détails à mon interlocutrice à la CSL et elle m'a dit que oui, c'était du salariat déguisé. Donc bon, c'était aussi ce que je pensais. Moi que je ne connaissais pas les termes juridiques et tout ça mais pour moi c’était du salariat que je ne faisais pas de l’indépendance.
Léonardo Kahn An d’CSL decidéiert dann hei eppes ze maachen, wat se seele mécht: Si proposéiert dem Gérard hei bei enger Justizaktioun ze ënnerstëtzen. Hie kritt eng Affekotin vermëttelt. An d’CSL dréit d’Käschten.
Charlotte Bruneau Wann dat esou exzeptionell ass, firwat mécht d’CSL dat an deem heite Fall?
Léonardo Kahn D’CSL sot eis dozou, datt si esou Geriichtsaffäre just ënnerstëtzen, mam Zil fir wichteg aarbechtsrechtlech Froe vun engem Geriicht klären ze loossen.
Charlotte Bruneau Well en Urteel relevant wier fir aner Leit, déi fräiberufflech fir Plattforme schaffen.
Léonardo Kahn Jo. Well éier d’CSL sech ageschalt huet, war d’Aarbechtsgeriicht nach net mat där konkreeter Fro konfrontéiert, ëm déi et hei geet: also ëm de Statut vun enger Persoun, déi fir eng Plattform liwwert.
Charlotte Bruneau Da looss eis zeréck bei de Gérard kommen: Wourunner mécht hien dat da fest, datt hie kee richtegen Independant gewiescht wier?
Léonardo Kahn Mee zum Beispill u sengen Aarbechtszäiten. Eng Kéier ass hien ausgefall, well hie bei säi Schwéierpapp an d’Spidol huet misse goen.
Gérard Anduyan Je les ai prévenus par Telegram que c'était une urgence. Je ne pouvais pas honorer mon shift aujourd'hui.
Charlotte Bruneau Shift? Dat heescht de Gérard seet, hien hätt Schichte geschafft a seng Schaffzäiten net kënne fräi wielen?
Léonardo Kahn Genee. D'Plattform hätt deen Ament ee System gehat, fir d’Livreuren ze incitéiere wärend bestëmmte Creneauen ze schaffen. A wéi hie sech eng Kéier kuerzfristeg fir eng Schicht ofgemellt huet, wiere seng aner Schichten an den Deeg duerno annuléiert ginn.
Gérard Anduyan Ce qu'ils ont fait, c'est qu'ils m'ont enlevé tous mes shifts.
Léonardo Kahn Hien hätt sech zwar nees nei kënnen androen, mee all déi gutt Créneaue wieren entre-temps vun anere beluecht gewiescht.
Gérard Anduyan Ça voulait dire j'avais par exemple de 14 h à 16 h, ça veut dire je vais travailler deux heures, rentrer chez moi, ce n'est pas intéressant.
Léonardo Kahn De Gérard mengt dëst wier eng Form vu Sanktioun. Mat där géing d’Plattform versichen, den Independanten e rigide Schichtplang opzezwéngen. Esou wéi ee Chef dat bei engem Salarié ka maachen.
Gérard Anduyan Donc c'est la manière de l'application de te punir. Donc c’est comme ça qu’on te force à bosser.
Charlotte Bruneau An dat ass de Grond, firwat hien d’Aarbechtsgeriicht saiséiert?
Léonardo Kahn Et ass fir de Gérard ee Beispill vu villen, dat de Problem awer gutt illustréiert: Nämlech datt hien net wierklech een Independant gewiescht wier, mee e sougenannte “Faux Independant”.
Wat hei awer wichteg ass ze erwänen: Nieft dem Gérard huet nach een anere Livreur decidéiert, sech um Aarbechtsgeriicht ze wieren. Och hien huet fir wedely geschafft.
Charlotte Bruneau Wat kanns du eis iwwer hie soen?
Léonardo Kahn Hie selwer wëllt sech aus der Ëffentlechkeet eraushalen, esou datt ech zu senger Persoun hei weider näischt soen. Mee ech kann doriwwer schwätzen, wat hien der Plattform reprochéiert.
Well d’CSL ënnerstëtzt och seng Requête um Aarbechtsgeriicht. A si huet deenen zwee Livreuren dee selwechten Affekotecabinet vermëttelt.
Virginie Verdanet Je suis Virginie Verdanet, je suis avocate à la cour, associée à l 'étude Rodesch.
Léonardo Kahn Hir Roll ass et also viru Geriicht ze argumentéieren, firwat déi zwee Livreure Salariéë waren a keng Independanten. An dofir muss si esouvill Beweismaterial sammele wéi méiglech.
Virginie Verdanet Parce que celui qui gagne en justice n'est pas forcément celui qui a raison. C'est celui qui peut prouver ce qu'il dit.
Léonardo Kahn Am Schaf nieft der Virginie Verdanet sti véier déck Classeuren. Um Réck vun den Dossiere steet: Anduyan 1, Anduyan 2, ...
Virginie Verdanet Monsieur Anduyan a gardé effectivement, et c'est le seul que je vois comme ça, autant de documents, de captures d'écran, etc.
Léonardo Kahn De Gérard huet seng Echangë mat der Plattform dokumentéiert. Dowéinst kann hie seng Geschicht gutt beleeën.
Charlotte Bruneau An deen anere Livreur?
Léonardo Kahn Do gesäit et manner gutt aus.
Virginie Verdanet On a deux livreurs engagés par les mêmes sociétés, dans les mêmes conditions. Un a des pièces vraiment, je dirais à foison, enfin il en a vraiment beaucoup. Pour nous c'est évident. Pour l'autre collègue, ça l'est moins.
Léonardo Kahn Esou wéineg evident, datt d’Aarbechtsgeriicht net iwwerzeegt konnt ginn. Am Mee ass d’Urteel gesprach ginn: D’Riichterin seet, dem Gérard säi fréieren Aarbechtskolleeg war kee Salarié.
Charlotte Bruneau Also hie wier vun der Plattform zu Recht als Independant agestuuft ginn.
Léonardo Kahn Jo, dat ass d’Conclusioun.
Charlotte Bruneau Wéi huet wedely da viru Geriicht argumentéiert?
Léonardo Kahn Doriwwer hunn ech mam Affekot geschwat, deen d’Plattform viru Geriicht verteidegt.
Guy Castegnaro Mäin Numm ass Guy Castegnaro, ech sinn Affekot hei zu Lëtzebuerg, spezialiséiert am Aarbechtsrecht.
Léonardo Kahn Säi Cabinet vertrëtt wedely an deenen zwou Affären.
Guy Castegnaro An deem hei Fall ware mir ganz houfreg, datt mir konnten an deem aktuelle Sujet den Employeur verteidegen.
Léonardo Kahn Den Interview huet de Guy Castegnaro mir awer net am Numm vu sengem Client ginn. Hien huet sech och net zu all deenen anere Froe geäussert, déi ech der Plattform am Kader vun dëser Recherche gestallt hunn. Mir haten dat jo schonn an enger viregter Episod: wedely selwer wollt keng Stellung huelen.
Charlotte Bruneau Dann zeréck bei d’Argumenter, déi wedely viru Geriicht ubruecht huet.
Léonardo Kahn Dem Guy Castegnaro säi Cabinet seet, datt de Livreur säin Aarbechtsalldag fräi gestallte konnt.
Guy Castegnaro Kee Mënsch am Liewen ass total fräi. Mee en ass awer méi fräi wéi de Salarié.
Léonardo Kahn Also all déi Virschrëfte vun der Plattform géifen aus dem Livreur net automatesch ee Salarié maachen, esou de Guy Castegnaro. De Livreur kéint also och bestrooft ginn, wann e sech net u Virschrëften hält. En hätt jo de Choix amplaz manner ze verdéngen.
Guy Castegnaro Et ass e Balanceakt an dat ass, huelt eng Wo, an déi eng Argumenter waren eebe méi, méi, méi iwwerzeegend wéi déi aner.
Charlotte Bruneau An d’Decisioun vum Geriicht ass ee Réckschlag fir dem Gérard säi Kolleeg.
Léonardo Kahn Jo, op alle Fall. Et ass awer nach net dat lescht Wuert. Well d’Virginie Verdanet fecht d’Urteel un: Si geet an Appell.
Charlotte Bruneau A wat heescht dat alles elo fir dem Gérard säi Fall?
Léonardo Kahn Deen ass elo Ufank Oktober verhandelt ginn. A seng Affekotin war no der Audience zouversiichtlech, eebe well hie vill méi Beweiser huet wéi säi Kolleeg.
Virginie Verdanet Donc je suis très satisfaite puisque donc le tribunal (...) a vraiment écouté et ça se voyait qu'il y avait une attention et un intérêt à ce litige. Donc ça y est, enfin, l'affaire est prise en délibérée. Nous aurons une décision début décembre. Maintenant, reste à voir ce que le tribunal va décider.
Léonardo Kahn Kloer ass, datt esou ee Sträit viru Geriicht laang dauert. An um Enn kann de Gérard de Prozess natierlech och verléieren.
Gérard Anduyan Psychologiquement ça va être difficile à accepter, si on perd. Parce que ça fait plusieurs années que je suis très impliqué dans cette histoire et ça, ça chevauche un peu maintenant mon travail de salarié. Pour moi, j'estime qu'on doit gagner, car on a besoin, on a besoin de gagner.
Charlotte Bruneau Et ass ee laange Wee, deen de Gerard hei geet. Säi Beispill weist wéi komplizéiert et ka sinn, de Modell vun der Plattformaarbecht viru Geriicht a Fro ze stellen. Zemools fir d’Leit, déi fir esou Plattforme schaffen an dacks wéineg Ressourcen hu fir gehéiert ze ginn.
Léonardo Kahn Jo ... mee alles dat gëtt an Zukunft vläicht méi einfach.
Charlotte Bruneau Wéinst der EU-Direktiv vun där mir ufanks scho kuerz Rieds haten.
Léonardo Kahn Genee, déi muss elo zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. An da sollt et am Prinzip méi einfach ginn, de Statut vun enger Persoun déi fir eng Plattform schafft, ze klären. Ënner anerem, well d’Beweislaascht ëmgedréit gëtt.
Charlotte Bruneau Dat heescht, da muss d’Plattform d’Beweiser bréngen an net méi deen, dee fir si schafft?
Léonardo Kahn Effektiv. D’Iddi ass, datt doduerch dee méi schwaachen an där Relatioun gestäerkt gëtt. D’Beweiser liwweren ass am Moment een Defi, dat hu mir jo grad gesinn. Dem Gérard seng Affekotin, d’Virginie Verdanet, begréisst dowéinst, datt dat soll änneren.
Virginie Verdanet Donc le fait que cette directive du 23 octobre 2024, qui a eu du mal à voir le jour mais qui est enfin là, elle a le mérite de prévoir déjà une présomption de salariat en faveur de ses chauffeurs-livreurs.
Charlotte Bruneau Mee wat d'Affekotin hei seet, iwwer déi Salariats-Presomptioun. Wat heescht dat genee? Jo net, datt all d’Leit, déi fir Plattforme schaffen an Zukunft automatesch als Salarié agestuuft ginn?
Léonardo Kahn Nee, mee wann d’Plattform dat net mécht, soll et eebe méi einfach ginn, dat unzefechten. Wéi dat genee soll oflafen, dat muss elo eeben all Land selwer festleeën. An d'Direktiv léisst do Spillraum.
Charlotte Bruneau Well déi proposéiert Direktiv am Laf vun de Verhandlungen zimmlech verwässert ginn ass ...
Léonardo Kahn Majo, Du erënners dech un déi lescht Episod: ufanks stoungen am Text zum Beispill eng Rei Krittären, fir de Statut vun engem Plattformsalarié ze definéieren. Also zum Beispill: Ob d’Schaffzäite kënne fräi gewielt ginn, ob Opträg kënne refuséiert ginn, wéi staark ee bei der Aarbecht iwwerwaacht gëtt, wéi d'Tariffer verhandelt ginn, a sou weider.
Charlotte Bruneau An dee Katalog vu Krittäre steet elo net méi an der Direktiv, ënner anerem well Frankräich an Däitschland dergéint waren ...
Pierre-Yves Dermagne J’ai le plaisir de conclure que le Conseil a accepté le texte de compris final sur la directive relative à l’amélioration des conditions de travail dans le cadre du travail via une plateforme.
Léonardo Kahn Wat dann elo dozou féiert, datt all Memberland sech selwer muss debrouilléieren.
Georges Mischo Ech sinn de Georges Mischo, ech sinn den Aarbechts- a Sportminister.
Léonardo Kahn Déi lescht Méint hat den CSV-Aarbechtsminister aner Suerge wéi d’Ëmsetzung vun der Plattformdirektiv. Well aner Projete fir gréisser Tensioune mat de Gewerkschafte gesuergt hunn.
Nora Back Duerfir gi mir op d'Strooss, fir eist Aarbechtsrecht, fir eis Aarbechtszäiten, fir eis Léin, fir bessere Mindestloun, fir besser Kollektivverträg, fir eis Pensiounen, fir eng gerecht Steierpolitik.
Léonardo Kahn Dat neit Plattformgesetz géif fir manner Sträit suergen. Dat hofft de Georges Mischo op alle Fall. Bis Enn 2025 wëllt hien ee Gesetzesprojet deposéieren, an do virdrun ee Konsens mat de Gewerkschaften an dem Patronat sichen.
Georges Mischo Ech sinn awer ganz, ganz zouversichtlech, datt mir dat doten an deem heite vun der Plattformaarbecht awer fannen.
Léonardo Kahn D’Saach ass: de Minister wëllt déi Gespréicher à priori mat de Sozialpartner an enger Dräierronn féieren, also mat de Gewerkschaften an dem Patronat. An zwar am Comité Permanent du Travail et de l’Emploi, kuerz CPTE. Mee an deem Gremium sinn d’Gewerkschaften aktuell net méi bereet matzeschaffen. Op d’mannst bis aner gréisser Sträitpunkte mat der Regierung gekläert sinn.
Nora Back An de CPTE selwer kënne mir net goen, (...) well mir eeben net kënne matmaachen, datt mir do als Alibi benotzt ginn, fir Sozialofbau ze bedreiwen.
Léonardo Kahn An d’OGBL-Presidentin Nora Back seet: Iwwer d’Plattformaarbecht misst also och bilateral geschwat ginn. Den Aarbechtsminister seet eis dozou, datt hien dat, Zitat “am Prinzip anescht gesäit, mee sech awer net verschléisst, iwwer aner Méiglechkeeten ze schwätzen”. Hie bleift optimistesch:
Georges Mischo An do sinn ech iwwerzeegt dovun, datt mir dat hikréie bis Dezember.
Léonardo Kahn Souvill Zäit bleift jo och net méi, wann d’Plattformdirektiv da mat Zäite soll ëmgesat ginn - also bis Enn 2026.
Charlotte Bruneau Wéi vill verréit de Minister dann, wat e genee wëllt maachen?
Léonardo Kahn Net ganz vill.
Georges Mischo Nee, dat gëtt eng Iwwerraschung. Ech ka jo net ëmmer alles zielen, dofir.
Léonardo Kahn A seng Aussoen am Interview deiten a verschidde Richtungen.
Charlotte Bruneau An zwar?
Léonardo Kahn Engersäits betount de Georges Mischo ëmmer nees, datt d’Leit, déi fir Plattforme schaffen, vill besser misste geschützt ginn. An hie schwätzt do an éischter Linn vun deene Leit, déi Iesse liwweren. Datt si der Prekaritéit ausgeliwwert sinn, dat bezweifelt hien net.
Georges Mischo Déi dote Leit, dat si wierklech Leit, déi op all Su ugewise sinn, déi extreem vulnerabel sinn. Déi och vläicht déi Aarbecht maachen, well et hir lescht Méiglechkeet ass. An dofir mengen ech ass et wichteg, datt mir do esou streng wéi méiglech sinn.
Léonardo Kahn A mat streng mengt hien: datt Plattformaarbechterinnen an -aarbechter an deenen alle meeschte Fäll sollen als Salariéë gëllen, fir sozial gutt ofgeséchert ze sinn.
Georges Mischo Et geet emol ëm de Statut vum Salarié, datt et iwwerhaapt e Salarié ass.
Léonardo Kahn Am Moment wier d’Gesetz net kloer genuch. Dat hätt och d’Urteel vum Aarbechtsgeriicht gewisen, iwwer dat mir virdru rieds haten.
Georges Mischo Et ass, mengen ech, wichteg, datt mir eeben elo virumaachen, datt eeben déi Transpositioun mat Zäit duerchgeet fir datt mir keng esou Fäll méi kréien.
Léonardo Kahn Lauter Aussoen also, déi d’Gewerkschafte sécher frou sinn ze héieren.
Charlotte Bruneau Mee Du sos virdrun, datt dem Georges Mischo seng Aussoen a verschidde Richtungen deiten ...
Léonardo Kahn Majo, well anerersäits seet den Aarbechtsminister eeben och ...
Georges Mischo Datt mir net duerch eis Transpositioun an duerch eis Krittären, déi mir festleeën, datt mir Plattforme verdreiwen oder datt verschidde Plattforme soen, mir ginn iwwerall hin, awer sécher net op Lëtzebuerg.
Léonardo Kahn D’Fro ass dann natierlech: wéi streng dierf d’Gesetz da sinn?
Charlotte Bruneau A wat seet de Georges Mischo dozou?
Léonardo Kahn Näischt ganz Konkreetes. Eng Äntwert ass: Eist Gesetz soll net vill méi streng sinn, wéi d’Gesetzer an aneren EU-Länner.
Georges Mischo Fir datt mir net herno eleng do stinn.
Léonardo Kahn Ech hunn de Georges Mischo och gefrot, ob a sengen Ae vun der Plattformekonomie nach eppes iwwereg bleift, wann een déi prekär Aarbechtsconditiounen aus der Equatioun eraushëlt.
Georges Mischo Ech menge schonn. Ech mengen d'Servicer, déi se ubidden, dat ass dat wat innovativ ass.
Léonardo Kahn An anere Wierder: och wann d’Livreure Salariéë sinn, wëllen d’Leit awer nach ëmmer Iessen iwwer eng App kënne bestellen.
Charlotte Bruneau Also mécht de Minister sech keng ze grouss Suergen ëm d’Resilienz vun de Plattformen?
Léonardo Kahn Dat ass schwéier anzeschätzen. Well d’Aussoen eeben deels widderspréchlech schéngen. A meng Versich fir nozefroen net weidergehollef hunn.
Georges Mischo Also mir dréien hei am Krees. Ech hunn hei schonn x Mol gesot, wat de But vun der Direktiv ass.
Charlotte Bruneau An egal wéi d’Plattformgesetz ausfält: fir de Gérard kënnt déi Reform awer ze spéit?
Léonardo Kahn Genee, well dat neit Gesetz net réckwierkend gëllt.
Charlotte Bruneau Leo, vill Leit, déi mir an dëser Serie begleet hunn, si vun engem Versprieche vun der Plattformekonomie ugezunn: fir eebe grad als Independant kënnen ze schaffen, fir fräi, flexibel, an onkomplizéiert kënne Suen ze verdéngen ...
Léonardo Kahn Absolut, vun deem Versprieche lieft d’Plattformekonomie. Och wann d’Realitéit am Alldag dann dacks awer eng aner ass, wéi mir jo ëmmer nees festgestallt hunn. Och de Gérard dreemt nach ëmmer dovunner Independant ze sinn. Mee dann awer ee richtegen.
Gérard Anduyan J'ai des projets de côté, mais quel que soit le projet, il faut un certain capital. Comme ça, après, j'ai mon propre commerce. Je suis mon patron et là, j'ai mon indépendance.
Léonardo Kahn Deen Esprit léich bei him an der Famill.
Gérard Anduyan Et dans la famille on a tous eu cette mentalité d'indépendant. J'ai quatre frères. Parce qu'ils se sont tous démerdés pour avoir leur indépendance, une réelle indépendance où ils sont patron d'eux-mêmes quoi. Et moi, c'est mon but ultime.
Léonardo Kahn Da misst een awer och méi fräi sinn. Säin eegene Chef sinn. An och vu senger Aarbecht kënne liewen.
Gérard Anduyan Par exemple les médecins, tout ça c'est bien. Le statut est bien fait pour eux. Pour les livreurs indépendants, non. Il faut un cadre plus strict.
Charlotte Bruneau Merci Leo!
Léonardo Kahn Merci Charlotte.
Charlotte Bruneau Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Léonardo Kahn a vu mir, Charlotte Bruneau.
Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Disiviscour, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Sophie Schroeder, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Dat hei war déi lescht Episod vun eiser Serie “Ausgeliwwert”. Mee keng Suerg, mir mellen eis am neie Joer nees zeréck. Mat eiser nächster Serie, wou mir d’Uelzecht froen, wat si vum Lëtzebuerger Wuesstemsmodell hält.
Dofir, wann Dir keng Episod verpasse wëllt: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.
A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.