arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausgeliwwert: Transkript vun der Episod 4

Zeenewiessel

|
headphones

58 min

Ausgeliwwert: Transkript vun der Episod 4

headphones

58 min

Charlotte Bruneau Wann d’Politik eppes verännere wëllt, huet si dofir e staarkt Mëttel: e Gesetz.

Nicolas Schmit I’ve been very explicit, we want equal rights for plattformworkers.

Charlotte Bruneau Oder am Fall vun der EU: eng Direktiv.

Nicolas Schmit Yes. If we need a directive, we will have a directive.

Charlotte Bruneau 2020 annoncéiert d’EU-Kommissioun, datt si d’Aarbechtskonditioune vu Leit, déi fir eng Plattform schaffen, verbessere wëllt. Den Dossier lant um Pult vum deemolegen EU-Kommissär fir Aarbecht a sozial Rechter, den Nicolas Schmit.

Nicolas Schmit Et ass gutt, datt mir déi Direktiv elo hunn, well dat war eng Zitterpartie bis dee leschte Moment.

Charlotte Bruneau Eng Zitterpartie - well et gëtt nämlech en Hoken: Déi zwee gréisste Länner an der EU, Däitschland a Frankräich, si mat der Direktiv net averstanen.

Diplomat Auf eine Sache ist Verlass, auf die deutsche Enthaltung ist Verlass.

Emmanuel Macron C'est que les quartiers aujourd'hui où Uber embauche ces jeunes, ce sont des quartiers où nous on ne sait rien leur offrir. Ni vous, ni moi. Rien.

Charlotte Bruneau Zejoert hu sech d’EU-Memberlänner no laangen Diskussiounen op eng Direktiv gëeenegt. Mee firwat war de Projet esou ëmstridden, datt ausgerechent Frankräich an Däitschland e bal verhënnert hätten? A wat bedeit dat elo fir déi Millioune Leit an Europa, déi fir eng Plattform schaffen - a fir d’Zukunft vun der Aarbechtswelt?

Mäin Numm ass Charlotte Bruneau an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.

“Ausgeliwwert” heescht eis Serie iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Recherchéiert huet se de Léonardo Kahn.

Dat hei ass déi véiert Episod vu fënnef: Nei Spillreegelen.

An der EU ginn et iwwer 40 Millioune Plattformaarbechter - déi nei Direktiv concernéiert also vill Leit. Leo, wat steet an där Direktiv elo dran?

Léonardo Kahn Den Text dréit un zwou Stellschrauwen: Den Aarbechtsstatut vun de Leit, déi fir d’Plattforme schaffen, an den Algorithmic-Management, also doriwwer, wéi eng Aarbechtsofleef d’App bestëmmen dierf a wéi eng net. Ech hunn iwwer d’Direktiv mat enger Dosen Experte geschwat. A si all sote mir:

Amélie Sutterer-Kipping Das zweite Kapitel ist auch genial gemacht: Algorithmisches Management.

Léonardo Kahn Ob ech mat enger Gewerkschafts-noer Juristin aus Däitschland geschwat hunn oder mat enger Firmeberoderin aus den USA.

Patty Shapiro If anything is like a big change with this platform work directive, it's the AI regulations.

Léonardo Kahn Si all soten: Déi nei Algorithmus-Reegelungen, déi wäerten e risegen Afloss hunn - wäit iwwer de Secteur vun der Plattformaarbecht eraus.

Charlotte Bruneau Kuerze Rappel: Den Algorithmic-Management ass e wichtegen Outil vun der Plattformekonomie: Lauter eenzel Livreure ginn automatesch vun engem Computerprogramm koordinéiert - an net vun engem Mënsch. Wat reegelt d’Direktiv dann elo anescht wéi virdrun?

Léonardo Kahn Zum Beispill dierfe wichteg Decisiounen, wéi eng Entloossung, net automatesch vun enger App getraff ginn. Dat muss ee Mënsch maachen. Well et kënne jo Situatioune wéi déi hei entstoen:

Ibrahim Alibrahim Oh la la. Pourquoi nous sommes retournés comme ça?

Léonardo Kahn Dat ass den Ibrahim, Dir erënnert Iech vläicht nach un de Livreur aus der éischter Episod. Hie fënnt d’Adress vum Client net. A jee no Plattform kéint hien automatesch dofir bestrooft ginn, well d’Commande e Retard kritt. An dat, obwuel hien näischt dofir kann.

Ibrahim Alibrahim S’il vous plaît. Bon Appetit, au revoir.

Léonardo Kahn D'Direktiv verbitt et de Plattformen, déi Zort Informatiounen ze notzen, fir de Livreur ze bestrofen oder ze belounen.

Charlotte Bruneau Du sos virdrun, datt dat och en Afloss op aner Secteure kéint hunn. Wat heescht dat?

Léonardo Kahn Dat ass eng Hypothees, mee vill Experte mengen, datt déi Reegelung als Virlag fir aner Gesetzer dénge kéint. Dat seet och den Aarbechtsrechtler vun der Uni Lëtzebuerg, de Luca Ratti.

Luca Ratti For that reason, I think that the platform work directive will serve as a blueprint, how algorithm management should be regulated across all workplaces.

Léonardo Kahn Vu datt ëmmer méi Secteure Kënschtlech Intelligenz benotzen, fir méi effizient ze ginn - kéinte künfteg Gesetzer sech un dësem Text inspiréieren. Well den Algorithmic-Management hei eeben esou kloer reguléiert ass wéi soss néierens. Mee den Aarbechtsstatut vun de Plattformaarbechter, also déi aner Stellschrauf vun der Direktiv. Bei där ass et manner kloer, wéi een Impakt déi wäert hunn.

Charlotte Bruneau Mir schwätzen elo iwwer deen Aspekt, deen d’Verhältnis tëschent Plattform a Plattformaarbechter reegelt. Wat ännert sech mat der Direktiv?

Léonardo Kahn Elo ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg wéi an aneren EU-Länner déi hei: Entweder schafft een als Independant direkt fir eng Plattform oder, wann een deen Job als Salarié mécht, dann iwwer eng Sous-traitance. Duerch d’Direktiv geet eng nei Optioun op, wou Livreuren direkt fir eng Plattform schaffe kënnen, an zwar als Salarié. Mat alle Rechter, déi domadder an de Memberlänner da jeeweils verbonne sinn. Also hei am Land misst eng Plattform zum Beispill op mannst de Mindestloun a Congé bezuelen, etc.

D’EU adresséiert domadder en zentrale Problem vun der Plattformekonomie: an zwar dee vun der Schäiselbststännegkeet. Dofir féiert Bréissel hei eppes Neies an: nämlech d’Présomption de Salariat. Domadder soll assuréiert ginn, datt Plattformaarbechter déi keng richteg Independantë sinn, dann amplaz als Salariéë musse consideréiert ginn.

Dorëms ass et schonn a ronn Honnert Geriichtsaffäre gaangen, schreift d’EU an engem Rapport.

Aus deem Rapport geet och ervir, datt vun de knapp 3 Millioune Leit, déi an der EU fir Plattformen am Taxiwiesen an an der Livraisoun schaffen, ongeféier all Fënnefte kéint betraff sinn.

Charlotte Bruneau Ok, a wat sinn d’Konditiounen, fir der Direktiv no als Salarié ze gëllen?

Léonardo Kahn Dat ass eeben de Punkt, deen net sou kloer ass. Well et weess een eben net, wéi eng Bedéngungen de Plattformaarbechter erfëlle muss, fir an de Genoss vun där Présomption de Salariat ze kommen. D’EU wollt, oder besser gesot “konnt” sech dorobber net eenegen an iwwerléisst dee Choix de Memberlänner.

Luca Ratti It simply, in brackets simply, obliges the member states to introduce a presumption. Then it is for the member state to have their own type of presumption.

Léonardo Kahn Ob a wéi Plattformaarbechter vun där Direktiv profitéieren, wäert sech also vu Land zu Land ënnerscheeden. An dat läit dorunner, datt dee Punkt ëmstridde war. D’Présomption de Salariat gräift nämlech e Grondpilier vun der Plattformekonomie un: D’Flexibilitéit vun den Aarbechtskräften.

Nicolas Schmit Ben, ech sinn den Nicolas Schmit. Ech sinn nach Kommissär fir Emploi a Sozialrechter. D'Mandat geet elo an e puer Wochen zu Enn.

Léonardo Kahn Ech hunn den Nicolas Schmit am Oktober 2024 zu Bréissel getraff, dräi Wochen éier dann eng nei EU-Kommissioun an d’Amt komm ass. Am Büro sti schonn seng Plënnerkëschten.

Nicolas Schmit Eng vu menge grousse Missioune war, ënner anerem, eng Direktiv iwwer d'Plattformaarbecht.

Léonardo Kahn Véier Joer huet et gedauert, bis d'EU sech op d’Plattformdirektiv eenege konnt. Als Kommissär war et seng Aufgab, eng Propos fir eng nei Reegelung auszeschaffen a virzeleeën.

Charlotte Bruneau Den Nicolas Schmit ass Member bei der LSAP an zu Lëtzebuerg net onbekannt. Mee fir déi Leit, déi säi Parcours net am Detail kennen: Erklär vläicht kuerz, wien hien ass.

Léonardo Kahn Den Nicolas Schmit war vun 2009 bis 2018 Aarbechtsminister. Also wärend de leschte Jore vun der Juncker-Regierung an dem Ufank vun der Dräierkoalitioun. D’Plattformekonomie kennt hie schonn aus där Zäit, vu datt d’Taxiplattform Uber deemools versicht hat, op Lëtzebuerg ze kommen. Vun hirem Businessmodell hält hie wéineg.

Nicolas Schmit Hei ass eppes, wat mir mussen ënnerhuelen, well soss wäerte mir eng Aarbechtswelt hunn, déi eis zeréckgeheit a Praxissen, déi mir vläicht am 19. Joerhonnert kritt hunn, mat Technologien aus dem 21.

Léonardo Kahn Den Nicolas Schmit setzt sech dowéinst fir eng Direktiv an, déi d'Aarbechtsrechter vun de Plattformaarbechter stäerkt.

Charlotte Bruneau Mee en EU-Kommissär kann dat jo net selwer entscheeden. Wéi s du sees, mécht hie jo just Proposen an d’Europaparlament an d’Memberstaate mussen duerno doriwwer verhandelen. Wat ass den éischte Schratt?

Léonardo Kahn D’Kommissioun huet d’Initiativrecht an der EU. Heescht: Si decidéiert, wéi eng Direktiven an hirer Legislaturperiod proposéiert ginn a si schreift da jeeweils och en éischten Entworf. Am Fall vun der Plattformdirektiv huet den Nicolas Schmit sech vun engem Jurist berode gelooss, dee mir scho kënnen.

Luca Ratti It was funny because the directive on platform work was born between my room and the commission.

Léonardo Kahn De Luca Ratti seet mir dat am Gank viru sengem Büro, wärend hie sech e Kaffi vun der Maschinn zaapt. Hie schafft an der juristescher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, déi läit um Kierchbierg.

Luca Ratti Here, in my office, I exchanged the drafts with the commission before the commission proposal was stable.

Léonardo Kahn Den Nicolas Schmit sot mir, datt den Unisprofesser ee vu sengen enkste Beroder am Plattformdossier war. An deen éischten Entworf vun der Direktiv, un deem de Luca Ratti matgeschafft huet, dee kënnt Enn 2021.

Luca Ratti So the initial draft by the commission had five criteria.

Léonardo Kahn Déi Krittäre solle festzeleeën, ob eng Persoun als Salarié agestuuft ka ginn oder net. Erfëllt déi Persoun zwee vu fënnef Krittären, kritt hien all d’Rechter, déi engem Salarié zoustinn - déi Rechter variéiere wéi gesot vu Land zu Land, mee hei zu Lëtzebuerg gehéieren dann zum Beispill de Mindestloun oder och e Minimum vu 26 Deeg Congé dozou, asw.

Charlotte Bruneau OK a fir déi Rechter ze kréien, wéi eng Krittären hätten do solle gëllen?

Léonardo Kahn Zum Beispill sollt gekuckt ginn, ob d’App d’Aarbechtsofleef kontrolléiert. Leet si d’Tariffer fest? Muss de Livreur Aarbechtsgezei mam Logo vun der Firma undoen? Déi Krittäre sinn all kloer definéiert. Mee net jiddereen ass vun där Propos iwwerzeegt.

Charlotte Bruneau Du sos schonn e puermol, datt d’Présomption de Salariat net just op Begeeschterung stéisst. Firwat?

Léonardo Kahn Mee well hei méi Leit als Salarié agestuuft kéinte ginn. An datt dat eng gutt Léisung wier, domadder sinn ënner anerem d’Plattformen net averstanen.

Nicolas Schmit Si waren natierlech ganz interesséiert, och mat mir e Gespréich ze hunn. Och wa se ëmmer erëm aus mengem Büro net ganz zefridden erausgaange sinn, hu mir einfach en oppent Gespréich gehat.

Léonardo Kahn Zu Bréissel gëtt vill Lobbyaarbecht bedriwwen. Laut dem Transparenz-Blog vun der EU huet d’Liwwerplattform Wolt zejoert bis zu enger hallwer Millioun Euro dofir ausginn. D’Taxiplattform Uber bis zu annerhallwer Millioun.

Charlotte Bruneau Wat maache si mat deene Suen?

Léonardo Kahn Ech hu mam Public Policy Chef vu Wolt doriwwer geschwat - also de Chef-Lobbyist vun der Liwwerplattform. De Robert Torvelainen huet dräi Joer zu Bréissel als Lobbyist geschafft, och wärend de Verhandlungen iwwer d’Direktiv.

Robert Torvelainen Lobbying, I think it has a bit of a bad reputation. But in the end, what I think it is about it's about providing information.

Léonardo Kahn Si maachen dat an zwee Schrëtt: Fir d’éischt finanzéiert d’Firma Etuden, déi hir Interessie faktesch beleeën. Wéi wëssenschaftlech déi Fuerschungsmethode sinn, sief mol dohi gestallt. Mee an engem zweete Schrëtt organiséiere si Reuniounen, fir déi Informatiounen un d’Politiker ze droen. An deem heite Beispill hu si den EU-Kommissär Nicolas Schmit an hir Zentral zu Helsinki invitéiert.

Robert Torvelainen We engaged with him and we exchanged with him directly. He has visited our HQ and we have had many good exchanges.

Nicolas Schmit Ech hu souguer eng besicht a Finnland. Dat ware ganz oppe Gespréicher, wou ech och hinnen erkläert hunn, wat eise Point-de-depart wier a wat och fir mech ganz einfach eng absolut Noutwendegkeet wier, wat misst an där Direktiv stoen.

Léonardo Kahn Den Nicolas Schmit trëfft sech wärend sengem Mandat mat ville Vertrieder vu Plattformen.

Nicolas Schmit Verschiddener hunn dat akzeptéiert, muss ech soen, net ganz vill, mee e puer waren eigentlech interesséiert fir dee System e bësse méi ze reguléieren. Anerer hu fonnt, dat wier natierlech e groussen Agrëff an d'Flexibilitéit.

Léonardo Kahn D’Plattforme si mat hiren Argumenter bei deem sozialisteschen EU-Kommissär also net wäit komm.

Charlotte Bruneau Nieft der EU Kommissioun, déi d’Direktiv proposéiert, gëtt et d’Europaparlament, dat doriwwer ofstëmmt. Wéi stoungen d’Fraktiounen zum Theema Présomption de Salariat?

Léonardo Kahn E puer liberal Deputéiert hunn d’Bedenke vun den Entreprisë gedeelt.

Sylvie Brunet Je suis Sylvie Brunet, ancienne députée européenne de 2019 à 2024.

Léonardo Kahn D’Sylvie Brunet souz fir d’Fraktioun Renew am Europaparlament, an där och d’DP vertrueden ass. Haut ass déi franséisch Politikerin just nach an hirem Walkrees op der Côte d’Azure aktiv.

Sylvie Brunet Il avait été établi dès 2019 que c'est Renew Europe qui serait rapporteur sur le sujet des conditions de travail et statue des travailleurs des plateformes numériques.

Léonardo Kahn Si war als Europadeputéiert immens aktiv op dem Dossier an huet dowéinst enk mam Kommissär Nicolas Schmit zesummegeschafft - dee si och gutt kennt, well si op der selwechter Universitéit zu Aix-en-Provence studéiert hunn.

Sylvie Brunet Donc moi, j'ai bien travaillé avec Nicolas Schmit.

Léonardo Kahn Dat ass net selbstverständlech, vu datt hir Fraktiounen zum Deel konträr Positioune vertrieden - och an dësem Dossier.

Sylvie Brunet Le sujet principal d'achoppement, on va pas se le nier, c'était le problème du statut.

Charlotte Bruneau A wat maachen déi Liberal dann? Wëlle si géint d’Direktiv stëmmen?

Léonardo Kahn Net déi ganz Direktiv, mee si wëllen net, datt ze vill Plattformaarbechter als Salarié agestuuft ginn. Si soen, si wëllen déi schützen, déi Independant bleiwe wëllen a wëllen den Text deementspriechend änneren.

Sylvie Brunet Si c'est pour aller leur mettre des bâtons dans les roues, tuer complètement une forme de travail indépendant qui donne un peu plus de liberté, qui permet d'arrondir une retraite, qui permet aux étudiants d'avoir un boulot facilement. Mais pensons à nos citoyens!

Léonardo Kahn Et gi jo effektiv Livreuren, déi dovunner iwwerzeegt sinn, datt si déi Aarbecht gären als Independant maachen.

Elena Mendichi Je suis devenue indépendante parce que toutes les fois avec le patron de restaurant, toujours travailler. J'ai beaucoup de problèmes pour avoir une semaine de vacances, tu sais.

Charlotte Bruneau Stëmmt, déi Livreuse, d’Elena Mendichi, huet jo als Independante geschafft, grad eebe fir hir Famill reegelméisseg an Italie besichen ze kënnen.

Léonardo Kahn Jo, a genee dat Argument gëtt vun de Géigner vun der Kommissiounspropos gären an d’Vitrinn gestallt. D’Sylvie Brunet, déi liberal Deputéiert, huet fonnt, datt den Nicolas Schmit un dee Punkt am Ufank naiv erugaange wier.

Sylvie Brunet C'est vrai qu'au début, quand j'ai commencé mes travaux, il était très ... voilà, tout le monde est salarié, je caricature un peu.

Charlotte Bruneau D’Positioun vun de Liberalen ass kloer. Wéi hunn déi aner Fraktiounen dat gesinn?

Léonardo Kahn Si waren éischter op der Linn vum Nicolas Schmit. An net just am lénke Spektrum, also déi Lénk, déi Gréng an d’Sozial-Demokraten.

Dennis Radtke Dass wir jetzt endlich, endlich für all diejenigen, die regelrecht in Scheinselbsständigkeit gepresst werden, rechtliche Mittel zur Verfügung stellen, um ihnen den Status und den Schutz geben, die ihnen rechtlich zustehen.

Léonardo Kahn Déi chrëschtlech konservativ EVP, also déi gréisste Fraktioun am Europaparlament, huet d'Direktiv och ënnerstëtzt.

Dominique Bilde Nous devrons aussi être intraitables face aux plateformes qui ferment les yeux devant le travail des illégaux. Ne laissons pas faire.

Léonardo Kahn A souguer déi rietsextreem ID-Fraktioun wollt d’Plattforme streng reguléieren, an der Hoffnung, datt dat d’Schwaarzaarbecht am Secteur reduzéiere géing. Déi Liberal stinn also zimmlech eleng.

Sylvie Brunet Le point de départ, poussé aussi par l'extrême gauche, était quand même de dire, ce sont tous des faux travailleurs indépendants, et c'est là où j'ai dû batailler dès le début pour essayer de trouver des critères et de dire attention: Warning, non, il y a des personnes qui sont des vrais travailleurs indépendants, qui tiennent à le rester parce que ça apporte une souplesse, voilà.

Charlotte Bruneau D’Présomption de Salariat suergt also weider fir Diskussiounen. Iergendwann muss d’Parlament dann iwwer den Entworf ofstëmmen. Wéini geschitt dat?

Rainer Wieland Wir kommen dann zum Bericht vun der Frau Kollegin Gualmini betreffend die Verbesserung der Arbeitsbedingungen in der Plattformarbeit.

Léonardo Kahn Am Februar 2023. D’Parlament zu Bréissel ass deen Dag gutt gefëllt. Fir d’éischt hält d’Rapportrice vun der Direktiv, eng Sozialdemokratin aus Italien, hire Plädoyer.

Elisabetta Gualmini I ask you not to surrender to multimillionaires and powerful lobbies who try to interfere with our democratic process. Really, the conditions of workers are not an issue of right and left. It is an issue of dignity.

Léonardo Kahn Da gëtt gestëmmt.

Rainer Wieland Die Abstimmung ist geschlossen.

Léonardo Kahn 367 Deputéiert stëmmen dofir, 212 dogéint. D’Géigner vun der Plattformdirektiv situéiere sech am politesch rietse Spektrum. Mee souguer liberal Deputéiert wéi d’Sylvie Brunet stëmme finalement dofir. D’Stëmmung am Parlament ass euphoresch.

Charlotte Bruneau Fir den Nicolas Schmit schéngt jo alles no Plang ze lafen. D’Parlament huet d’Direktiv mat enger klorer Majoritéit ugeholl. Feelen also just nach d’Memberlänner.

Léonardo Kahn An hei hält d’Euphorie op.

Nicolas Schmit Each member country is, of course, entitled to its own position, but I had hoped that the compromise would have been found by now.

Léonardo Kahn Am Dezember 2023 leenen d’Aarbechtsministere vun de Memberlänner d’Direktiv of. Den Text gëtt iwwerschafft, mee am Februar 2024 leent den EU-Rot d’Direktiv fir d’zweet of. Dowéinst gëtt eng Aart Krisesëtzung am Parlament aberuff, zu där och den zoustännegen EU-Kommissär kënnt.

Nicolas Schmit It's not about Europe. It's about a few Member States that really should have this message. Because Europe has done its job.

Léonardo Kahn D’Länner, déi den Nicolas Schmit hei viséiert, sinn Däitschland a Frankräich. Fir am Conseil - also do wou d’Memberlänner vertruede sinn - eng qualifizéiert Majoritéit ze kréien, mussen d’Jo-Stëmme knapp zwee Drëttel vun der EU-Populatioun ausmaachen. Mee Frankräich an Däitschland stelle sech queesch, an eleng si maache bal een Drëttel aus. An der EU ass aus dem Grond nach ni eng Direktiv ugeholl ginn, wann déi zwee gréisste Länner net dofir gestëmmt hunn.

Charlotte Bruneau Wéi eng Bedenken hunn Däitschland a Frankräich da géintiwwer der Direktiv?

Léonardo Kahn An Däitschland regéiert zu där Zäit d’Ampelregierung, bei där déi liberal FDP Deel vun der Koalitioun war. Déi wollten d’Direktiv verhënneren, well si, Zitat “d'Independantë stäerke wëllen amplaz hinnen d’Aarbechtsgrondlag ewechzehuelen”.

An der Koalitioun mat der SPD an de Gréngen hu si sech zu dräi dorops gëeenegt, datt Däitschland sech beim Vott enthält.

Charlotte Bruneau Ok, déi Stëmme feelen also. A wat ass mat Frankräich?

Léonardo Kahn Frankräich ass an der EU de gréisste Géigner vun der Direktiv a stëmmt dogéint. Den Nicolas Schmit seet, dat géing och un hirem President leien, den Emmanuel Macron.

Nicolas Schmit Bon, ech mengen et ass gewosst, datt de franséische President jo eng Visioun huet vun der Ekonomie, déi “Start up Nation” heescht. An hien der Meenung ass, datt dee Jonken, dee mam Vëlo oder mam Motto Pizzaen duerch d'Welt féiert, datt dat en Zukunftsberuff ass.

Léonardo Kahn Den Emmanuel Macron ass vun der Plattformekonomie iwwerzeegt, an dat scho fréi.

Edwy Plenel Et là il arrive le voici: nous avons Emmanuel Macron le fondateur du Mouvement en Marche.

Léonardo Kahn Et ass Enn 2016. Den Emmanuel Macron ass 38 Joer al, huet grad säi Mandat als Wirtschaftsminister néiergeluecht fir Presidentschaftskandidat ze ginn. Dowéinst luet de lénken Onlinemedium Mediapart hie fir en Interview an - am Gespréich geet et och ëm d’Plattformekonomie.

Emmanuel Macron Et la réalité c'est qu'en effet il travaille parfois 60, 70 heures pour toucher le SMIC mais il rentre dans la dignité.

Léonardo Kahn Déi Ausso huet deemools am Walkampf vill Leit schockéiert, hei en Ausschnëtt aus dem franséischen RTL.

RTL-Journalistin Il vaut mieux gagner le SMIC et travailler beaucoup que de glander dans les cités.

Benoît Hamon C’est assez caricatural. C’est honnêtement caricatural. Moi qui suis élu de la banlieue parisienne. Non, mais excusez-moi. Bonjour la perspective.

Léonardo Kahn Wat deemools awer kee wosst, ass datt den Emmanuel Macron zu där Zäit als Minister gehollef huet, datt Uber hire Service a Frankräich lancéiere konnt. Dat ass eréischt 2022 duerch d’Uber-Files bekannt ginn, de risegen Dateleak, iwwer dee mir an der leschter Episod geschwat hunn.

Pierre Reyland (Panorama-Archiv): Nei Revelatiounen iwwer déi amerikanesch Firma Uber belaaschten den Emmanuel Macron an aner europäesch Spëtzepolitiker a -Politikerinnen, dorënner déi fréier EU-Kommissärin Nelly Kroes. Si hätten Uber ënnerstëtzt, fir hiren Taxisservice zu Paräis an an aneren europäesche Stied géint Taxisfirmen duerchzesetzen. Dat geet aus de sougenannten Uber-Files ervir.

Léonardo Kahn No deene Revelatioune sot den Emmanuel Macron, Zitat: “Je le referais demain et après-demain”

Charlotte Bruneau A Frankräich stëmmt jo dann och géint d’Direktiv. Wéi verteidegt déi franséisch Regierung hir Positioun op EU-Niveau?

Léonardo Kahn Si plädéiert dofir, datt d’Direktiv keng rigid Krittäre fir d’Présomption festleet, mee datt d’Memberlänner dat selwer entscheede kënnen. Also an deem Fall, datt Frankräich dat selwer entscheede kann.

Nicolas Schmit Bon, jo, déi jonk Leit aus de méi schwierege Quartieren, bon, déi musse mir esou beschäftegen, wa mir si net anescht kënne beschäftegen. An duerfir a Frankräich och eigentlech Reegelen etabléiert goufen, déi méi no bei enger drëtter Kategorie si wéi eng normal Situatioun vun engem Employé.

Léonardo Kahn Mat “Drëtt Kategorie”, domadder mengt den Nicolas Schmit, datt et a Frankräich eng Aart Tëscheform tëschent Salariat an Independance gëtt. D‘Plattformaarbechter an der Livraisoun an an der Taxibranche kréien op d’Stonn e garantéierte Mindestloun bezuelt. Heescht, wann ee Livreur pro Stonn manner wéi 11,75 Euro kritt, muss him d’Plattform d’Differenz bezuelen.

Déi franséisch Regierung huet gefaart, datt d’Direktiv dëse System zerschloe kéint. Dat seet och déi liberal Deputéiert Sylvie Brunet.

Sylvie Brunet La position d'Emmanuel Macron, que je comprends, elle était de dire ça favorise l'accès à l'emploi, ce qui n'est pas faux. Et vous savez, en France, on est tellement verrouillé, c'est tellement contraignant.

Léonardo Kahn Dat ass wierklech en zentraalt Argument an dëser ganzer Debatt: datt d’Plattformekonomie eebe fir vill Leit ee séieren Auswee aus dem Chômage ass. An datt een dat net soll duerch nei Oploen nees erschwéieren.

Charlotte Bruneau Mir wëssen elo wéi Frankräich an Däitschland sech positionéiert hunn. Ginn et nach aner Länner, déi géint d’Direktiv sinn?

Léonardo Kahn Jo, Griichenland an Estland. Griichenland huet schonn en eegent Plattformgesetz a si wëlle keng nei Oploe vu Bréissel. A fir Estland waren d’Interessie vun der Taxisplattform Bolt wichteg, d’Firma kënnt nämlech vun do.

Charlotte Bruneau An dat geet dann duer fir eng Spärminoritéit?

Léonardo Kahn Jo, well d’Reegel ass: wa véier Memberlänner 35 Prozent vun der EU-Populatioun vertrieden, da kënne si en Text ofleenen. Déi Krittäre waren hei erfëllt, d’Direktiv gouf wéi gesot och schonn zweemol ofgeleent.

Charlotte Bruneau Dat heescht, wann elo eent vun dëse Länner awer fir d’Direktiv stëmmt, ass de Blocage dann opgehuewen?

Léonardo Kahn Genee, da wier d’Direktiv duerch.

Charlotte Bruneau Da komm mir ginn zeréck an de Conseil. Si hunn d’Direktiv zweemol ofgeleent. Wat geschitt elo?

Pierre-Yves Dermagne J'en viens maintenant au point trois de notre ordre du jour ...

Léonardo Kahn Den 11. Mäerz 2024 stëmmt de Conseil da fir d’drëtt iwwer d’Direktiv of.

Pierre-Yves Dermagne ... à savoir la directive relative à l'amélioration des conditions de travail dans le cadre du travail via une plateforme.

Léonardo Kahn D’Belsch huet deemools d’Presidence vum Conseil a si hunn eppes Weesentleches un hirer Propos vun der Direktiv geännert: Si hunn d’Krittäre gestrach. Also déi Krittären, mat deene sollt bestëmmt ginn, ob ee Salarié ass oder net. Amplaz sollen d’Memberlänner déi Krittären elo selwer festleeën.

Charlotte Bruneau Hu si hei dem Drock vu Frankräich noginn?

Léonardo Kahn D’Argumenter géint d’Krittäre schéngen op alle Fall iwwerzeegt ze hunn. Dat ass an der EU, grad am Beräich vun aarbechtsrechtleche Reegelen, net ongewéinlech: also datt Direktiven esou ausgeriicht sinn, datt se de Memberstaate vill Flexibilitéit loossen, wéi si hir national Gesetzgebung un nei europäesch Virgaben upassen.

Nicolas Schmit Kloer ass, mir hunn ee Problem an der Europäescher Unioun. Mir hunn eigentlech keng kloer eenheetlech Definitioun, wat en Travailleur oder Salarié ass.

Nicolas Schmit An dat war och e Problem hei. Mir hunn dat probéiert e bëssen ze ëmgoen. Mir haten eng Rei Krittäre schonn utiliséiert, fir och den Déclenchement vun der Présomptioun. An dat ass verluer gaangen, well eeben do Länner gesot hunn: Nee, nee, wat dir do maacht, dat geet ee Schratt ze wäit, well domat definéiert dir eigentlech, wat e Salarié ass. A mir wëllen dat net europäesch definéieren, mir wëllen do weider kënnen dat national definéieren.

Léonardo Kahn Et kann ee soen, datt ouni den Drock vu Frankräich an Däitschland d’Direktiv haut eng aner wier. Eng, wou d’Présomption de Salariat u kloer Krittäre gebonne wier.

Hubertus Heil Herzlichen Dank, lieber Pierre-Yves ...

Léonardo Kahn D’Aarbechtsministeren aus all Memberland stëmmen elo iwwer den neien Text of. Ugefaange mam deemolegen däitschen Aarbechtsminister, den Hubertus Heil.

Hubertus Heil Auch wenn sich Deutschland heute enthalten muss, aufgrund der Tatsache, dass bei uns ein Koalitionspartner der Meinung ist, dass wir nicht zustimmen können. Ich finde, wenn das heute eine Mehrheit finden sollte, ist das ein wichtiger Schritt für ein soziales und gerechtes Europa.

Charlotte Bruneau Ok, also Däitschland enthält sech weiderhin, do huet sech näischt gedoen.

Léonardo Kahn Jo, no Däitschland komme Spuenien, Slowenien, Dänemark, Italien, Irland: Alleguer stëmme mat jo. Da kënnt iergendwann Frankräich.

Cyril Piquemal La France se reserve la possibilité d’un vote positif le moment venu lorsqu’il sera procédé à l’adoption formelle de la directive. Je vous remercie.

Léonardo Kahn Den Diplomat dréckt sech hei komplizéiert aus. Wat hien domadder mengt: Frankräich stëmmt dogéint, ausser wann d’Direktiv vun den anere Ministeren ugeholl gëtt. Dat ass esou, wéi wann ee géing soen: Ech si fir d’Ekipp, déi um Enn gewënnt.

Charlotte Bruneau Dat heescht, wann elo nach zwee weider Länner sech enthalen, ass d’Direktiv fir d'drëtt ofgeleent.

Léonardo Kahn Genee, d’Uspanung ass also grouss. Tschechien, Kroatien, Malta stëmme mat Jo. Iergendwann kënnt Griichenland.

Domna Michailidou As most might be aware of, Greece had concerns with the directive, most of it ecchoed the logic of France. Well, the concerns are still here, I have to be frank, ...

Léonardo Kahn Griichenland huet d’Direktiv bis elo ëmmer blockéiert. An déi griichesch Ministesch kritiséiert weiderhin, datt den Text juristesch net kloer wier. Da kënnt eng Tournure:

Domna Michailidou However, given the fact, that a lot of work has been done by everyone on drafting and redrafting ... we will support the directive. Thank you commissonar.

Léonardo Kahn D’Ministere klappen, op eemol ass d’Méiglechkeet do, datt den Text awer kéint ugeholl ginn.

Pierre-Yves Dermagne Thank you very much. I mean it.

Léonardo Kahn An et geet weider: Ungarn, Holland, Lëtzebuerg stëmmen all dofir.

Georges Mischo Mais en guise de compromis, nous pouvons néanmoins soutenir ce texte.

Léonardo Kahn An da kënnt Estland, déi bis elo d’Direktiv blockéiert haten.

Marten Kokk As Greece in a state of compromise, we will be able to support the agreement and trust it will be implemented in the best interest of the workers and platforms.

Léonardo Kahn Domadder ass d’Plattformdirektiv duerch de Conseil.

Charlotte Bruneau Dat huet de Nicolas Schmit also am Ufank mat Zitterpartie gemengt. A wat ass dann elo mat Frankräich?

Léonardo Kahn Ma si maachen, dat wat se annoncéiert hunn: Se wiesselen d’Ekipp. Well se sech net duerchgesat kruten, stëmme se dann elo awer dofir.

Nicolas Schmit Et muss ee wëssen, datt d'Fransousen, déi jo opposéiert hunn, am Endeffekt dann awer fir d'Direktiv gestëmmt hunn.

Nicolas Schmit Ech hunn och mam President souguer doriwwer geschwat, dee mir gesot huet, dat géif guer net goen, esou eng Direktiv ze maachen. Am Endeffekt hunn ech Recht behalen an net hien. Bon.

Léonardo Kahn Den Text muss nach vum Europaparlament validéiert ginn. Dat geschitt mat enger iwwerwälteger Majoritéit am Abrëll 2024, bal 90 Prozent vun den Europadeputéiert stëmmen dofir.

Pierre-Yves Dermagne Merci aussi pour les surprises de dernière minute. J’ai le plaisir de conclure que le conseil a accepté le texte de compromis finale sur la directive relative à l’amélioration des conditions de travail des travailleurs de plateforme ... 

Léonardo Kahn Den Nicolas Schmit ass haut net méi EU-Kommissär. Hie krut sech mat senger Virstellung vun enger Plattformdirektiv net bis an de leschten Detail duerchgesat.

Nicolas Schmit Wësst Dir, wann et drëm geet 27 Länner op een Nenner ze bréngen, dann ass et kloer, datt de Point de départ net de Point d'arrivée ass. An datt do ëmmer Saachen diluéiert ginn. An datt verschidde Länner dann ëmmer probéieren, sech eng gewësse Marge ze halen. Esou funktionéiert Europa.

Charlotte Bruneau D’Direktiv ass elo duerch an d’Memberlänner hu bis Enn 2026 Zäit, fir se ëmzesetzen. Mee et kléngt, wéi wa grouss Concessioune gemaach gi sinn, fir datt de Conseil d’Direktiv unhëlt. Wéi vill wäert déi Direktiv dann elo schlussendlech bréngen?

Léonardo Kahn Dat ass déi grouss Fro. Bei den Algorithme vun de Plattforme wäert sech villes doen, dat hu mir jo am Ufank gesot. Mee wéi vill Livreuren direkt als Salarié fir d’Plattforme schaffe wäerte kënnen, dat wäert vu Land zu Land anescht gehandhaabt ginn.

D’Direktiv huet an der EU nei Spillreegele fir d’Plattformekonomie opgestallt. Mee wéi ee Spill gespillt gëtt, ka jiddwer Land fir sech selwer entscheeden.

Georges Mischo Et gëtt esou ee Spill, dat heescht Mikado. Deen éischten, dee wackelt, deen huet verluer an do sinn eng ganz Rei Länner, déi sech net richteg wëllen äusseren, wat se alles elo wëlle maachen.

Charlotte Bruneau Wat d’Ëmsetzung vun der Direktiv hei zu Lëtzebuerg bedeit fir Leit, déi fir Plattforme schaffen, dorëms geet et an der nächster a leschter Episod vun “Ausgeliwwert”. Merci Leo

Léonardo Kahn Merci Charlotte, bis d’nächst Woch

Charlotte Bruneau Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Léonardo Kahn a vu mir, Charlotte Bruneau.

Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.

Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.

Merci och eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber, déi eis an dëser Episod ënnerstëtzt huet.

An dëser Episod hu mir Tounmaterial vu Mediapart an RTL France benotzt.

Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.

A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.