Charlotte Bruneau Wann een un d’Plattformaarbecht denkt, fält engem séier den Numm vun enger Entreprise an.
Simon Larosche (Panorama-Archiv) Uber ass vun engem amerikanesche Geriicht zu enger zweestellege Milliounebetrag ...
Pierre Reyland (Panorama-Archiv) Zu Paräis hu Protester vu sougenannte VTC-Taxi-Organisatioune géint d’Konkurrenz vun ...
France 24 Faire pression sur le gouvernement pour désactiver l’application Uber Pop. Ils dénoncent une ...
CBS ... the arrival of the Uber option ...
Euronews ... pour dénoncer le service proposé par Uber.
Charlotte Bruneau Uber huet a ville Länner d’Taxisbranche op d’Kopp geheit an een neie Geschäftsmodell imposéiert. Zu Lëtzebuerg huet dat bis elo net geklappt: firwat?
Mäin Numm ass Charlotte Bruneau an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.
“Ausgeliwwert” heescht eis Serie iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Recherchéiert huet se de Léonardo Kahn.
Dat hei ass déi drëtt Episod vu fënnef: Uber-Raschung.
De Geschäftsmodell vun der Plattformekonomie konnt sech bannent just e puer Joren op ville Plazen etabléieren. Wouriwwer mir nach net geschwat hunn, ass, wat genee erkläert de Succès vun de Plattformen?
Léonardo Kahn Hei kommen e puer Facteuren an d’Spill, déi u sech net mol besonnesch nei sinn. Zum Beispill de Facteur “Gig Ekonomie”, datt d’Leit also pro Gig, pro Optrag bezuelt ginn, ass vill méi al wéi d’Konzept vum Salariat. Mee a Kombinatioun mat aneren Elementer, zum Beispill mam “algorithmic management”, dat heescht, datt eenzel Leit vun engem Computer koordinéiert ginn, ergëtt sech doduerch eppes Neies. A fir verschidden Experte souguer eppes Revolutionäres.
Luca Ratti Well, there are many, so to say, revolutionary aspects, innovative aspects.
Léonardo Kahn De Luca Ratti ass Professer fir europäescht Aarbechtsrecht op der Uni Lëtzebuerg. An ass am Beräich vun der Plattform-Ekonomie e vill gefroten Expert.
Luca Ratti The first one is accessibility.
Léonardo Kahn De Jurist zielt dräi Grënn op, firwat digital Plattformen esou kompetitiv sinn. Fir d’éischt: d’Accessibilitéit. Engersäits fir de Client:
Luca Ratti How easy it is to tap on your phone and get your furniture repaired or get your lunch at home.
Léonardo Kahn Mee och fir d’Plattformaarbechter selwer:
Luca Ratti How easy it is? You don't have to go to the centre pour l'emploi, you directly go on a platform, you click, in few clicks you have access to something which is a work performance, a work task, which gives you money in return.
Léonardo Kahn Den zweeten Aspekt ass en Algorithmus, deen d’Aarbecht automatesch verdeelt.
Luca Ratti Because the platforms that are run by big big algorithms can work for whatever type of work.
Léonardo Kahn An dann natierlech:
Luca Ratti The third aspect, which was very innovative and still is debated: under which conditions platform workers work?
Léonardo Kahn Also, wéi responsabel ass d’Plattform fir déi Léit, déi iwwer hir App Sue verdéngen? D’Plattforme selwer hunn hiren eegene Point de vue.
Luca Ratti In the first place, of course, platforms claim that this was just gigs.
Léonardo Kahn D’Taxis-App Uber war ee Pionéier vun dësem Geschäftsmodell, esou datt den Numm vun der Firma mëttlerweil fir e ganzt Phenomeen steet.
Luca Ratti What we call uberization, is a characteristic of the world of work as such, much bigger than only platform work. It means that the labour market has been characterised in the last decade by an increase in casual, intermittent employment relations. So that’s why this was the most disruptive element of this.
Charlotte Bruneau Zur Uberiséiereung gehéieren also déi onverbindlech Relatiounen tëschent der Plattform an deene Leit, déi fir si schaffen, seet de Lucca Ratti. Leo, Uber ass déi Plattform déi domat international fir d’éischt Erfolleg hat. Op wat baséiert hire Businessmodell deen Ament nach?
Léonardo Kahn Si hu laang gesot, datt si keen Tansportdéngschtleeschter wieren, mee just Informatioune géife vermëttelen. D’Argument geet esou: D’App vermëttelt dem Client d’Informatioun: Hei gëtt et e Chauffeur, deen dech féiere kann. An dem Chauffer seet d’App: Hei ass e Client, deen op déi heite Plaz geféiert wëllt ginn.
Där Logik no géing d’Plattform also just Informatioune vermëttelen a si wier deemno keen Transportdéngschtleeschter.
Charlotte Bruneau Wat bréngt hinnen dat, dësen Ënnerscheed ze maachen?
Léonardo Kahn Mee virun 2017 konnt d’Plattform esou eng Rei Virschrëften ëmgoen, déi d’Taxisbranche anhale muss. D’Uber-Chaufferen hu keng Lizenze gebraucht, keng Ausbildung. Uber konnt esou en traditionelle Secteur stéckweis liberaliséieren.
Luca Ratti So yes, Uber was definitely the first to disrupt the system, to land to Europe where taxi services were very, very traditional and closed systems.
Léonardo Kahn Andeems Uber déi Virschrëften ëmgaangen ass, konnten si hire Clienten en nidderege Präis ubidden. Dat ass net just a Kalifornie gutt ukomm - also do, wou si sech 2009 gegrënnt hunn - mee si expandéiere séier an d’Ausland. An dat wollte sech d’Taxischaufferen net gefale loossen.
France 24 En France l'actualité c'est cette grève des chauffeurs de taxis contre la concurrence déloyale de Uber Pop ...
Léonardo Kahn Net just a Frankräich. A quasi all Metropol, an där Uber hire Service lancéiert huet, sinn tëschent 2010 an 2015 d’Taxichauffere géint d’Plattform op d’Strooss gaangen. Zu Paräis.
France24 Ce matin à Porte-Maillot les CRS ont dû intervenir à plusieurs reprises face aux taxi-grévistes, des incidents violents mais inévitables selon les responsables de la grève.
Léonardo Kahn Johannesburg
Euronews In South Africa roads leading to Johannesburg's Airport have been disrupted by taxi drivers protesting against Uber.
Léonardo Kahn Zu New York
CBS The servie is under regulated. Jen Rodriguez is a New York caby: I don't think it's fair that Uber should be coming in here like and just taken over.
Léonardo Kahn Oder London
Euronews: They're not worried about Uber anyone with a bit of money they're just letting them in and letting them do what they want
Charlotte Bruneau D’Taxischaufferen hunn also beklot, datt Uber duerch d’Ëmgoe vu Reegele géif d’Präisser drécken. An datt si doduerch hir Aarbecht kéinte verléieren. Wéi huet d’Plattform op dee Reproche reagéiert?
Léonardo Kahn Uber dementéiert, datt d’Plattform iwwerhaapt eng Konkurrenz fir d’Taxiwiesen wier.
Mark MacGann Les chauffeurs de taxi il bénéficie d'un certain monopole qui n'est pas contesté. Utilisation de la voie publique, se garer sur les places publiques. Donc ça, ce sont certains droits qui sont réservés aux services de taxi. Aujourd’hui, Uber vient en complément des transports en commun et des taxis.
Léonardo Kahn Dat ass de Mark MacGann. Hie war vun 2014 bis 2016 bei Uber responsabel fir d’politesch Berodung - also Lobbyaarbecht am Kloertext. Spéider ass hien awer fir eppes aneres vill méi bekannt ginn: Als Whistleblower vun den Uber Files.
Charlotte Bruneau Wat gouf do genee opgedeckt?
Léonardo Kahn Ma d’Geschicht ass déi hei: 2022 hat de Mark MacGann alles, wat vu senger Zäit bei Uber op senger Festplack loung, u Journaliste weidergeschéckt. Ënner anerem haten d’Dageszeitunge Le Monde an The Guardian doropshin opgedeckt, wéi Uber Gesetzer gebrach huet, d’Police ugelunn huet an heemlech Lobbyaarbecht bei Regierunge bedriwwen huet. Laut dëse Medie géingen d’Uber Files sëlleg problematesch Methode vun der Firma opdecken.
Charlotte Bruneau Kanns du e Beispill ginn?
Léonardo Kahn Virdrun hu mir jo vun de Protester geschwat. A ville Fäll hunn Taxischaufferen do Uber-Chaufferen an hir Clientë menacéiert, heiansdo esouguer attackéiert. Zum Beispill a Frankräich.
Euronews Après le passage à tabac d'un client d'Uber cette semaine à Lyon par des chauffeurs de taxi de plus en plus d'utilisateurs de l'application smartphone Uber pop, chauffeurs ou passagers sont pourchassés et victime d'agression. Plusieurs véhicules ont aussi été brûlés ou vandalisés ce jeudi.
Léonardo Kahn Als Reaktioun dorobber huet den deemolege Generaldirekter vun Uber, den Travis Kalanick, intern dozou opgeruff, Géigendemonstratiounen ze plangen. Am Chat versicht e Mataarbechter hie vun der Iddi ofzehalen, d’Uber-Chauffere kéinte sech a Gefor bréngen. Dorops äntwert de Generaldirekter: “Ech mengen, dat ass et wäert”. A seet dann e Saz, deen dem Image vun Uber nohalteg schuede wäert: “Violence guarantees success.”
Charlotte Bruneau “Violence guarantees success”. Dat ass schonn eng staark Ausso. Wat mengt de Generaldirekter domadder?
Léonardo Kahn Mee dat klengt esou, wéi wann hien déi Konfrontatiounen tëschent Uber- an Taxischaufferen a Kaf geholl hätt, fir datt Uber ëffentlech als Victime kéint do stoen. A senger Stellungnam steet, datt hien, Zitat “ni suggeréiert hätt, datt Uber Gewalt op Käschte vun de Chauffeuren hirer Sécherheet sollt ausnotzen”. Wat hie soss mam Saz “Violence garentees success” gemengt hätt, geet awer aus dem Communiqué net ervir.
Charlotte Bruneau An d’Plattform, huet déi och op d’Virwërf reagéiert?
Léonardo Kahn Si dementéieren déi zwar net, mee verweisen dorops, wéi wäit déi Revelatiounen an der Vergaangenheet léichen. Déi geleakten Dokumenter si jo all vum Zäitraum 2014 bis 2017. Uber schreift dowéinst an hirer Stellungnam, Zitat: “Mir hunn net a wäerten eis net fir eist Verhalen aus der Vergaangenheet entschëllegen, dat kloer net méi mat eisen aktuelle Wäerter alignéiert ass.”
Charlotte Bruneau Si schéngen also net houfreg ze sinn op dat, wat duerch déi Affär bekannt ginn ass. Ech froe mech just, Leo, zu Lëtzebuerg ass kaum iwwer d’Uber-Files geschwat ginn, oder? Wourunner läit dat?
Léonardo Kahn Mee dat läit vläicht ganz einfach dorunner, datt Uber deen Ament guer net hei am Land present war. Vläicht huet dowéinst keen am Date Leak nogekuckt, ob eppes Interessantes iwwer Lëtzebuerg drasteet. Dat hunn ech also nogeholl.
Mark MacGann Donc je m'appelle Marc MacGann.
Léonardo Kahn De Mark MacGann ass viru Kuerzem op Boston geplënnert, hien huet un der Harvard University eng Gaaschtprofessur. D'Wunneng steet nach eidel, am Hannergrond lafe seng zwee Hënn duerch d’Bild.
Mark MacGann Et depuis juillet 2022. Je suis mieux connu sous étiquette lanceur d'alerte comme étant la source du dossier Uber Files.
Léonardo Kahn Hien ass Ir, mee schwätzt perfekt Franséisch. Als Lobbyist si Sproochkenntnisser natierlech praktesch, fir Politiker geziilt vun engem Produit ze iwwerzeegen, an deem Fall Uber. Um Ufank hunn ech dem Marc MacGann eng Rei allgemeng Froe gestallt iwwer d’Strategie.
Mark MacGann La stratégie de Uber à l'époque, c'était "Growth and Scale", c'est à dire la croissance ...
Léonardo Kahn Mee wéi ech him vun der Situatioun hei zu Lëtzebuerg erzielt hunn, gëtt hien iwwerraschend prezis.
Mark MacGann D'ailleurs, je me souviens d'une réunion avec le premier ministre de l'époque, Xavier Bettel. Je l'ai rencontré à Davos en janvier 2016.
Léonardo Kahn Do sinn ech stutzeg ginn. E fréiere Lobbyist vun Uber kennt eise fréiere Premier? An hie sot, dat wier deemools esou e Grupp vu jonke Politiker gewiescht.
Mark MacGann Je me souviens à l'époque, quand Xavier était premier ministre, Emmanuel y était.
Léonardo Kahn Hien nennt de Premier an de franséische President beim Virnumm: “Xavier”, “Emmanuel”.
Mark MacGann Justin Trudeau, Charles Michel. C'est un peu le boys band.
Léonardo Kahn An do hunn ech meng Froe méi op Lëtzebuerg zougespëtzt. Firwat wollt Uber deemools onbedéngt an de Grand-Duché kommen?
Mark MacGann Le raisonnement de vouloir lancer le service au Luxembourg, c'est tout simplement. Comme vous le savez, la Cour de justice de l'Union européenne est basée au Luxembourg.
Léonardo Kahn De fréiere Lobbyist huet mir hir Strategie fir Lëtzebuerg erkläert. Wéi Uber scho virun zéng Joer versicht huet, hire Service hei ze lancéieren an dorunner gescheitert ass. Mat Detailer, déi bis dohin nach net ëffentlech bekannt waren. An zum Schluss seet hien:
Mark MacGann Mais at the End of the day. Si vous voulez vérifier tout ce que je dis, ça reste disponible dans les 200 gigabites et les 200.000 documents qui ont été fournis au consortium des journalistes d'investigation à Washington.
Léonardo Kahn An dat hunn ech gemaach. Et huet eng Zäit gedauert, bis ech déi verschlësselt Dokumenter aus Washington krut. An dat éischt wat ech gemaach hunn, ass am Browser d’Wuert “Luxembourg” aginn. An tatsächlech: 1.234 Treffer. Am Ganze sinn ech um Enn op ronn Honnert Dokumenter gestouss, déi direkt mat der Strategie vun Uber hei zu Lëtzebuerg ze dinn hunn.
Charlotte Bruneau A wat verroden déi Dokumenter?
Léonardo Kahn Et sinn E-Mailen, Excel-Tabellen oder SMSen, déi de Mark MacGann un aner Lobbyisten, un d’Direktioun vun der Firma an un déi Lëtzebuerger Regierung geschéckt huet - oder an deenen hien a Kopie war. A wann een déi Messagë chronologesch zortéiert, gesäit een, wéi de Plang vun Uber, viru knapp zéng Joer op Lëtzebuerg ze kommen, gescheitert ass.
Charlotte Bruneau Woumadder fänkt hire Plang un?
Léonardo Kahn Mat enger Diskussioun, firwat Uber iwwerhaapt hiren Zerwiss zu Lëtzebuerg lancéiere soll. Den 9. Januar 2016 schreift de Mark MacGann e Mail un e Manager an de Vizechef vun der Firma, de Pierre-Dimitri Core-Coty.
Mark MacGann “My political assessment is that we should investigate launching a product there, as soon as possible.”
Léonardo Kahn Uber hat eng Berodungsfirma engagéiert, fir hir Chancen um Lëtzebuerger Marché zu berechnen. De Mark MacGann bezitt sech an der Mail op de Rapport an zielt fënnef Punkten op, firwat si d’App zu Lëtzebuerg lancéiere sollten.
Charlotte Bruneau Wat sinn déi Argumenter?
Léonardo Kahn Datt d’Demande hei potentiell héich wier, datt wichteg EU-Institutiounen hei wieren, d’Regierung grad eng Taxisreform plangt an de Premier, also de Xavier Bettel, e perséinleche Kolleeg vun him wier. Zu där Zäit ass de Jean-Claude Juncker President vun der EU-Kommissioun an et gi Konflikter tëschent him an Uber. Säi Verhale gëtt an enger Mail souguer als - Zitat “onhéiflech” beschriwwen.
De Lobbyist mengt, datt de Xavier Bettel sech fir si an der EU asetze kéint. Dee Punkt gëtt och am Rapport vun der Berodungsfirma betount: Lëtzebuerg hätt e politeschen Afloss, deen, Zitat, “Uber wäit iwwer d’Landesgrenzen eraus signifikant Virdeeler verschafe” géing. Mee ee vun de wichtegsten Argumenter ass dat, wat de Mark MacGann och am Interview gesot huet: Den Europäesche Geriichtshaff ass hei am Land.
Mark MacGann “The judges deciding our ECJ case are all based there (since the Court is); Uber is an abstract notion for anyone living in Lux., and that hurts perception and blunts our ability to lobby”
Charlotte Bruneau ECJ, also d’englesch Ofkierzung fir den Europäesche Geriichtshaff. Leo, mir héieren dat elo scho fir d’zweet: Et schéngt der Firma wichteg ze sinn, datt déi europäesch Riichter hei am Land sinn. Firwat ass dat fir si esou wichteg?
Léonardo Kahn Uber gouf 2015 virun den Europäesche Geriichtshaff gezunn. An et geet nees ëm d’Fro, iwwer déi mir am Ufank geschwat hunn: Ass Uber e rengen Informatiounsdéngschtleeschter, dee just Chaufferen a Clientë verknëppt, oder si si en Transportdéngschtleeschter?
Charlotte Bruneau Also deen Ënnerscheed, deen et hinnen erlaabt, aner Virschrëften ze hu wéi d’Taxibranche?
Léonardo Kahn Jo, a genee dat hat eng Taxisfederatioun zu Barcelona onfair fonnt. Si hunn Uber verklot, an déi spuenesch Riichter hunn déi Fro un den Europäesche Geriichtshaff weiderginn. Um Kierchbierg soll also ee fir allemol tranchéiert ginn, ob Uber en Informatiouns- oder en Transportdéngschtleeschter wier.
Charlotte Bruneau A wa si en Transportdéngschtleeschter wieren, missten hir Chauffere sech un déi selwecht Virschrëfte wéi d’Taxien halen?
Léonardo Kahn Genee dat war den Enjeu. An net just a Spuenien, mee doropshi kéinte sech all Geriichter an der EU op dat Urteel bezéien. An dat wollt Uber ëm all Präis verhënneren, well si doduerch wichteg Avantagë par rapport zu den Taxisentreprisë verléieren. Zum Beispill bräichten d’Uber-Chaufferen och Taxislizenzen, déi deier a meeschtens an der Unzuel begrenzt sinn.
Charlotte Bruneau OK, also Uber hat ee staarken Interessi, datt déi europäesch Riichter an hirer Faveur géifen urteelen. Mee datt si dat Urteel beaflosse kéinten, just andeems d’Riichter vum Europäesche Geriichtshaff mat engem Uber amplaz vun engem Taxi op de Kierchbierg fuere kéinten ...? Ass dat wierklech d’Approche, déi Uber hei anhëlt?
Léonardo Kahn Et ass am Ufank virun allem d’Iddi vum Lobbyist Mark MacGann. Mee et gëtt intern doriwwer diskutéiert, an no engem Gespréich mam Vizechef Pierre-Dimitri Core-Coty, schreift hien:
Mark MacGann As discussed with Pierre this week, we are seeking to launch in Luxembourg in Q1, for purely strategic/political reasons. To counter German and Juncker opposition, in addition to allowing ECJ judges to see the product in action. A thumbs up from the Prime Minister would be a major boost.
Léonardo Kahn D’Direktion vun Uber soll sech mam Xavier Bettel treffen, esou d’Propos vum Lobbyist. Net jidderee schéngt vu senger Iddi iwwerzeegt ze sinn. Lëtzebuerg bleift e klenge Marché. Mee den 20. Januar 2016 kënnt et dann effektiv zu enger Reunioun. De Premier Xavier Bettel trëfft sech mat der Direktioun vun Uber zu Davos.
Klaus Schwab Friends, members of the World Economic Forum, what incredible community again.
Charlotte Bruneau Also um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Do, wou sech all Joers d’Wirtschaftsleit a Politiker an der Schwäiz treffen. Wéi leeft dat éischt Treffen tëschent dem Premier an der Direktioun vun Uber of?
Léonardo Kahn Fir Uber e bëssen enttäuschend. De Marc MacGann seet, d’Positioun vum Xavier Bettel an där Entrevue wier kloer gewiescht.
Mark MacGann Et lui, en représentant son pays, nous expliquait qu'il serait ravi qu'on vienne s'implanter mais que y'avait les réglementations qu'il fallait respecter et que ne voulaient pas qu'on se permette les mêmes, le même comportement cowboy que qu'on avait fait avec Macron en France ou avec Merkel en Allemagne.
Léonardo Kahn An engem interne Suivi steet, datt de fréiere Premier zwar, Zitat, “groussen Interessi gewisen hätt, mee sech mat der Transportsituatioun zu Lëtzebuerg net gutt auskenne géing.” De Xavier Bettel wëllt sech haut dozou net äusseren, et wier laang hier an hie kéint sech net un d’Detailer erënneren. De Staatsministère huet den Dossier deemools, also am Mäerz 2016, un den Transportministère ofginn.
François Bausch Mäin Numm ass François Bausch. Ech war zéng Joer laang Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten zu Lëtzebuerg.
Léonardo Kahn Vun 2013 bis 2023 hat de François Bausch dat Amt. Zu där Zäit, wou de Xavier Bettel sech mat Uber zu Davos trefft, fänken an der Stad d’Virbereedungsaarbechte vun der Tramslinn un. Vum Taxiwiesen, wéi en deemools opgestallt war, hält de François Bausch wéineg.
François Bausch Et war am Fong en Taxiwiese vum leschte Joerhonnert, net esou wéi et haut misst sinn, a virun allem war et natierlech och eng immens Stuerheet am Secteur deemools fir Verännerungen.
Léonardo Kahn Dofir preparéiert hien eng Taxisreform.
François Bausch Ech hunn ëmmer fonnt, datt dat Zännrad vun der Mobilitéitsketten einfach stompeg war an net fonctionéiert huet. An dat hunn ech eebe schlecht fonnt.
Léonardo Kahn De fréiere Minister war dowéinst net géint d’Iddi, de Secteur e Stéck wäit ze liberaliséieren.
François Bausch Also ech war vun der Plattform selwer, wéi et technesch fonctionéiert, do war ech begeeschtert. An ech war iwwerzeegt vun der éischter Sekonn un, datt dat doten de richtege Wee ass.
Léonardo Kahn Hien ass och op San Francisco geflunn, fir sech mam Kader vun Uber ze treffen.
François Bausch Eng jonk Entreprise, eng jonk Startup, déi natierlech do schonn op der Bourse héich quotéiert war, den Chief Economist, mat deem ech ze dinn hat, deen hat knapps drësseg Joer, Turnschlappen, also wéi dat dann, wéi ee sech esou Silicon Valley an dee ganzen Déngen do, déi setzen zu San Francisco, Uber virstellt, Paperless Betrib war alles digitaliséiert bannendran. Eigentlech ganz interessant!
Léonardo Kahn Hie sot, Europa kéint sech vun dem “Innovatiounsgeescht eng Scheif ofschneiden”. Mee hie war och skeptesch géintiwwer Uber.
François Bausch Jo, et war esou “alles cool”. Mee da bemol war natierlech: Null Sensibilitéit fir dat Soziaalt. Also fir deen, deen och do fiert herno.
Léonardo Kahn De François Bausch fäert, d’Plattform géing hei am Land - änlech wéi am Ausland - prekär Aarbechtsbedéngunge schafen. Hie seet: Uber dierf just op Lëtzebuerg kommen, wa si sech un d’Virschrëften halen, déi och fir Taxibranche gëllen.
François Bausch Dir musst virun allem sozial, dir musst d'Lëtzebuerger Gesetzgebung an d’Steierrecht, d'Sozialrecht an d’Aarbechtsrecht respektéieren. An dat krut ech ëmmer als Argument: “Mee jo, mir hu jo mat deenen näischt ze dinn”. Do hunn ech gesot: “Dach”.
Charlotte Bruneau Dat kléngt net gutt fir Uber.
Léonardo Kahn Nee, dat ass effektiv kee gudden Ufank.
Charlotte Bruneau Mee wat erwaart Uber sech dann eigentlech vun der Regierung: Also wat genee hätt missen änneren, fir datt Uber zu Lëtzebuerg op eng legal Manéier ka Leit vun A op B bréngen?
Léonardo Kahn Eng grouss Hürd fir Uber war, datt Chaufferen dem Gesetz no eng Formatioun an eng Taxislizenz brauchen. Mee d’Konzept vun Uber ass jo eebe grad, datt u sech jiddereen, deen e Führerschäin an en Auto huet, fir d’Plattform soll kënne schaffen. Mee Uber mierkt, datt d’Regierung net onbedéngt bereet ass, esou wäit ze goen - an déi Méiglechkeet gesetzlech ze schafen.
Charlotte Bruneau A wéi geet Uber domadder ëm?
Léonardo Kahn Et besteet ëmmer nach d’Optioun, d’App einfach illegal zu Lëtzebuerg ze lancéieren, ouni op den Accord vun der Regierung ze waarden. Esou, wéi si dat schonn a Frankräich an England gemaach hunn. Intern huet Uber doriwwer diskutéiert, dee Wee och zu Lëtzebuerg anzeschloen. Mee d’Iddi gëtt verworf. Well zu Lëtzebuerg wëllt Uber en Exempel statuéieren an eng Kéier alles propper iwwer d'Bün bréngen.
De 4. Mäerz 2016 schreift eng Kommunikatiounsresponsabel:
Rachel Whetstone “To be honest it would just be good to have a model on continental Europe that we launched with the support of the government - part of showing we are reasonable ... and baby steps to rehabilitation”
Léonardo Kahn Mee et bréngt näischt.
Sophie Morang (Panorama-Archiv) Theemewiessel: D’Taxisreform gouf gëschter an der Chamber vun de Majoritéitsparteien an der CSV guttgeheescht. D’Zil vun der Reform ass et an deem ganze Secteur Transparenz ze schafen.
Léonardo Kahn Den 20. Abrëll 2016 stëmmt d’Chamber iwwer eng Taxisreform of. Ouni Reglementatioun, déi et fir Uber géing erméiglechen, hir App autonom ze lancéieren.
Charlotte Bruneau Bleift also just nach d’Hoffnung, datt den Europäesche Geriichtshaff zur Conclusioun kënnt, datt Uber sech souwisou guer net un d’Virschrëfte fir Transportentreprisë misst halen, oder?
Léonardo Kahn Genee, d’Urteel soll jo d’Fro eréischt tranchéieren, ob si iwwerhaapt en Transportdéngschtleeschter sinn oder net. Nach éier déi europäesch Riichter dat tranchéieren, ännert awer esou munches bei Uber: D’Plattform ass wéinst de ville Geriichtsaffären a Protester an enger vun hire schlëmmste Krisen. Hire Generaldirekter Travis Kalanick demissionéiert am Juni 2017. De Mark MacGann huet d’Firma deen Ament och scho verlooss.
An dann am Dezember 2017 fält d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff.
Sophie Morang (Panorama-Archiv) Den alternativen Taxidéngscht Uber muss d’selwecht reguléiert gi wéi en traditionellen Taxisbetrib. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg de Moien an engem Arrêt festgehalen. Uber ass en Service aus dem Transportberäich a fält elo ënner déi Reglementatiounen ...
François Biltgen Mir hu gesot: Nee, hei geet nämlech Uber méi wäit!
Léonardo Kahn De Riichter François Biltgen huet deemools d’Urteel matgeholl.
François Biltgen Uber mécht net nëmmen d'Connexioun tëschent deem, dee wëllt fueren an deem, dee mam Auto fiert, mee Uber seet och wierklech deem, dee mam Auto fiert, wat en alles soll maachen. Also si mir hei net an engem Service d'Information, mee mir sinn an engem Service de transport.
Léonardo Kahn An dat Urteel wierkt sech op dat ganzt Europageschäft vun Uber aus.
François Biltgen Mir hunn en zweet Urteel vun 2018, e franséischt Urteel, wat och Uber betrëfft, wou mir dat selwecht widderholl hunn. Dat heescht hei kënnen déi national Gesetzgeebungen effektiv d’Taxisservicer reglementéieren.
Charlotte Bruneau 2017 schéngt e schwéiert Joer gewiescht ze si fir Uber. Huet sech d’Plattform zanterdeem verännert?
Léonardo Kahn Si beméie sech ëm en neien Image. Hiren neie Generaldirekter, den Dara Khosrowshahi, trëtt ëffentlech manner disruptiv op wéi säi Virgänger. Dat schreiwe si och an hirem Communiqué no de Revelatioune vun den Uber Files 2022. Datt dat, Zitat, “genee de Grond wier, firwat Uber en neie Generaldirekter” hätt. Datt zanter hir 90 Prozent vum Personal gewiesselt hätt. Och op mäin detailléierte Froekatalog äntwert d’Plattform just mat hirem Statement vu virun dräi Joer. Doriwwer eraus wëlle si dës Recherche net kommentéieren.
Charlotte Bruneau An ass Uber no all deem dann iwwerhaapt nach interesséiert op Lëtzebuerg ze kommen?
Léonardo Kahn Dach, a fir e Fouss op de Buedem ze kréien, maachen si de Choix fir mat WebTaxi vun Emile Weber zesummenzeschaffen. Dat heescht et kann een also elo een normalen Taxi iwwer d’Uber-App bestellen - méi ännert de facto net. An d’Aarbechtsbedéngunge vun den Taxischaufferen hu sech duerch Uber dowéinst hei am Land kaum verännert - bis elo.
Aktuell versicht och d’Taxisplattform Bolt hir App hei am Land ze lancéieren. D’Firma huet mir geschriwwen, datt si op déi nei Taxisreform waarden, déi d’DP-Ministesch Yuriko Backes grad plangt, éier si d’App hei aktivéiere wëllen.
Yuriko Backes Da fänke mir direkt un. Merci fir Ären Interessi, fir dës Thematik vun enger Reform vun Taxien an Taxi-änleche Servicer. Ech mengen et gëtt ganz vill Leit am Land, déi op dës Reform waarden.
Charlotte Bruneau An am September war et da souwäit: d’Mobilitéitsministerin huet d’Reform presentéiert. Wat soll sech dann elo nach änneren?
Léonardo Kahn Mee u sech wëllen CSV an DP elo dat duerchzéien, wat an hirem Koalitiounsaccord steet. A wat och déi viregt Regierung u sech scho ganz änlech proposéiert hat, an engem Gesetzesprojet vun 2021, deen awer ni gestëmmt ginn ass. An zwar soll d’Uewergrenz vun den Taxislizenzen elo progressiv eropgesat - an dann 2030 ganz ofgeschaaft ginn.
Yuriko Backes Mir hoffen, datt de Marché fir d'Acteure méi grouss gemaach gëtt, datt se méi Clienten hunn. Dat geet natierlech, wann (..) ee gewëssenen Drock op d'Präisser kommen, datt, ech soen elo mol, normal Leit och de Reflex entwéckelen, fir en Taxi ze huelen, wat haut awer éischter limitéiert ass.
Léonardo Kahn Well, dat muss een och soen: Doduerch, datt Uber hire Businessmodell zu Lëtzebuerg net duerchgesat krut, ass och den Taxispräis d’selwecht bliwwen. An dat wëllt déi nei Regierung änneren.
Charlotte Bruneau Mee firwat géife méi Taxislizenzen eng Uberiséierung mat sech bréngen - a géifen sech doduerch d’Aarbechtskonditiounen änneren?
Léonardo Kahn Mee reng theoreetesch kéinten doduerch méi Leit eng Taxislizenz kréien. Dat géif also d’Konkurrenz vergréisseren an d’Präisser erofdrécken. A méiglecherweis kéint dat dann eeben och een negativen Impakt op d’Aarbechtskonditiounen an där Branche hunn.
Charlotte Bruneau D’Taxischauffere wieren da méiglecherweis an Zukunft an enger änlecher Situatioun wéi d’Livreuren et haut scho sinn. Mee wat sinn da méi generell d’Optioune fir Plattformaarbechter viru prekären Aarbechtskonditiounen ze schützen?
Léonardo Kahn Et gëtt zënter Joren no Léisunge gesicht, fir déi d’Prekaritéit an der Plattformekonomie ze bekämpfen. Mee dat ass net sou einfach.
Nicolas Schmit Et ass gutt, datt mir déi Direktiv kritt hunn, well dat war eng Zitterpartie bis dee leschte Moment.
Charlotte Bruneau Wéi d’EU versicht d’Situatioun vun de Plattformaarbechter ze verbesseren - dorëms geet et an der nächster Episod. Merci Leo
Léonardo Kahn Merci Charlotte, bis d’nächst Woch
Charlotte Bruneau Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Léonardo Kahn a vu mir, Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich
Merci dem Simon Larosche an dem Catherine Nothum fir d’Stëmme vum Uber-Personal.
An dëser Episod hu mir Tounmaterial benotzt vun: France 24, Euronews a CBS.
Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.
A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.