Elena Mendichi Putain, c'est loin. 15 kilomètres.
Charlotte Bruneau D’Elena Mendichi schafft zanter Joren als Livreuse zu Lëtzebuerg.
Elena Mendichi Parce que j’aime ce travail. Je connais tous les restaurants, je connais tous les clients et je suis contente de faire ça.
Charlotte Bruneau Den Job mécht si gären.
Elena Mendichi Je le fais avec l'amour, mon travail. C'est vrai.
Charlotte Bruneau Mee d’Aarbechtsconditioune bei de Liwwerplattforme fënnt si onfair. Dogéint wëllt si sech wieren.
Elena Mendichi Oui, je suis une personne combative. Si, je suis une personne qui s'énerve de voir ça.
Charlotte Bruneau D’Elena sicht Hëllef. Awer hiren Androck ass: keen ass do fir si ze ënnerstëtzen.
Elena Mendichi Alors c'est comme ça. Nous, on fait la guerre pour rien. On doit changer le travail.
Charlotte Bruneau Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen?
Mäin Numm ass Charlotte Bruneau an Dir lauschtert Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.
“Ausgeliwwert” heescht d’Serie iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Recherchéiert huet se de Léonardo Kahn.
Dëst ass déi zweet Episod vu fënnef: Fräie Fall
D’Elena Mendichi seet si wier onzefridde mat hiren Aarbechtsconditiounen als Livreuse. Leo si mécht den Job trotzdeem. Firwat?
Léonardo Kahn Fir d’Elena ass et wichteg, datt si sech fräihuele kann, wéini si wëllt. Hir Famill wunnt an Italien, och hire Bouf.
Elena Mendichi Il me manque beaucoup. Il est grand et il est avec ma mère en Italie, mais ça va. Moi c'est ici que je veux rester. C'est pour ça que je fais ce travail: Tous les mois, je vais en Italie.
Léonardo Kahn Si wëllt hire Bouf besiche kënnen, wéini si wëllt.
Charlotte Bruneau Ok, also d’Elena schafft e puer Wochen intensiv hei zu Lëtzebuerg ...
Léonardo Kahn Genee, bis owes spéit a weekends. A fiert dann awer heefeg an hir Heemecht: eng Stiedchen net wäit ewech vu Rimini. Dat war net ëmmer esou. 2019 ass si op Lëtzebuerg komm: ufanks huet si als Salariée fir eng Pizzeria zu Schëffleng geschafft, och als Livreuse. An do hätt si eeben opgehalen, seet si, well si hire Congé net esou leeë konnt, wéi si wollt.
Elena Mendichi Je suis devenue indépendante parce que toutes les fois avec le patron de restaurant, où j'ai travaillé, j'ai eu beaucoup de problèmes pour avoir une semaine de vacances, tu sais.
Charlotte Bruneau Geet der Elena hire Plang dann op?
Léonardo Kahn Si seet, ufanks wier et opgaangen. Mee dat wier elo net méi esou. Si géif ëmmer manner Commandë kréien, well ëmmer méi Leit fir d’Liwwerplattformen hei am Land géinge schaffen. D’Konkurrenz hätt zougeholl. En plus, wier déi Konkurrenz net ëmmer fair.
Charlotte Bruneau Kanns du hei kuerz erklären, wat mengs du mat “net ëmmer fair”?
Léonardo Kahn D’Elena mengt ënner anerem, datt et vill Schwaarzaarbecht gëtt.
Charlotte Bruneau Schwaarzaarbecht? Also datt zum Beispill Leit ouni Aarbechtserlabnis schaffen.
Léonardo Kahn Jo, a genee doriwwer beschwéiert d’Elena sech bei der Aarbechtsinpsektioun, der ITM. Déi kontrolléiert zu Lëtzebuerg d’Schwaarzaarbecht.
Elena Mendichi Tout le monde sait bien que moi je suis en train de faire la guerre pour ça.
Charlotte Bruneau Si geet also op Konfrontatioun.
Léonardo Kahn Genee. Iwwer d’Schwaarzarbecht schwätze mir nach. Well d’Elena huet nach een aneren, vill méi dréngende Problem: Am Oktober ‘24 gëtt si vun der App gespaart, fir déi si deen Ament liwwert. D’Plattform wëllt net méi mat hir zesumme schaffen.
Elena Mendichi Hop! C'est bloqué.
Charlotte Bruneau Si gëtt also gespaart vun engem Dag op deen aneren! Wéi geet si domadder ëm?
Léonardo Kahn Si kann et am Ufank net gleewen.
Elena Mendichi Je suis dans l'autoroute. J'ai regardé les messages de Wolt. Moi je ne comprends pas bien l'anglais. C'est pour ça que je me suis arrêtée. J'ai arrêté la voiture et j'ai regardé les messages. J'ai fait la traduction, j'ai regardé qu’il m'a jeté dehors tout de suite.
Léonardo Kahn Vun deem Moment u ka si net méi fir d’Plattform liwweren.
Charlotte Bruneau Wéi eng Erklärung kritt si, datt si gespaart ginn ass?
Léonardo Kahn Si krut gesot, datt si onhéiflech géigeniwwer dem Personal vun der Firma gewiescht wier. Also géintiwwer deene Leit, déi bei Wolt um Büro schaffen. D’Elena bestreit dat a wëllt d'Decisioun esouguer geriichtlech ufechten.
Elena Mendichi Qu'est-ce que je dois faire? L'unique chose que je peux aller là demander, c'est me donner un avocat pour aller contre une multinationale.
Léonardo Kahn An dofir sicht si no Hëllef. Notamment bei enger Gewerkschaft, dem OGBL.
Charlotte Bruneau An?
Léonardo Kahn D’Gewerkschaft seet hir, datt si an deem heite Fall näischt maache kann. Wat och eppes domadder ze dinn huet, datt d’Elena Independante ass.
Charlotte Bruneau Independante, also si ass net fest agestallt.
Léonardo Kahn Genee.
Charlotte Bruneau Der Elena hir Situatioun ass deen Ament déi hei: Si kritt Sträit mat der Plattform, gëtt gespaart, a verléiert vun engem Dag op den aneren hiert Akommes. Si ka sech selwer keen Affekot leeschten an den OGBL kann hir net hëllefen. Dat heescht, si ka bis haut net fir Wolt schaffen?
Léonardo Kahn Genee.
Charlotte Bruneau Wat mécht si dann?
Léonardo Kahn Si fënnt dann een aneren Auswee: Haut liwwert si fir déi zwou aner Plattformen, déi et hei am Land ginn: Uber Eats a WeDely.
Elena Mendichi Oui. Bonjour Madame, c'est WeDely.
Léonardo Kahn Finanziell bleift hir Situatioun awer schwiereg. Dorobber komme mir nach zeréck.
Charlotte Bruneau Jo, well, et gëtt och nach eng méi grondsätzlech Fro zu deem, wat hir bei Wolt geschitt ass: Datt d’Plattform d’Livreuren a Livreusë späre kënnen, ass dat dann erlaabt?
Léonardo Kahn Ma d’Saach ass: D’Elena huet deem zougestëmmt, wéi si den Accord mat Wolt ënnerschriwwen huet. Do steet schwaarz op wäiss, datt d’Plattform den Accord resiliéiere kann. Also ganz onofhängeg dovunner, ob d’Persoun géint Reegele verstouss huet oder net. Gewéinlech gëllt dann awer e Preavis vun zwou Wochen.
Charlotte Bruneau Dat heescht, d’Elena war géint esou eng Decisioun souwisou net geschützt duerch hire Vertrag?
Léonardo Kahn Neen, eigentlech ass dat wat si erlieft huet beispillhaft fir d’Logik vun der Gig-Ekonomie. Wie fir eng Plattform schafft, muss also eng gewëss Willkür a Kaf huelen.
Tomás Etcheverry Hey Leo, how are you?
Léonardo Kahn Dat ass den Tomás Etcheverry, Generaldirekter vu Wolt zu Lëtzebuerg. Hien ass ufanks 30, kënnt aus Argentinien an ass 2019 fir seng Karriär op Lëtzebuerg geplënnert. Deemools huet hie bei Amazon geschafft.
Charlotte Bruneau Wat seet hien zur Elena Mendichi hirem Fall?
Léonardo Kahn Hie wëllt sech dozou net äusseren.
Tomás Etcheverry I don't think it would be okay for me to comment about a personal case here.
Léonardo Kahn Mee grondsätzlech wier et eeben effektiv méiglech Leit vun der App ze spären. Also zum Beispill wann d’Plattform net mat der Qualitéit vun der Aarbecht zefridden ass. Ëmmerhi géifen d’Leit ouni CV a Virstellungsgespréich agestallt ginn.
Tomás Etcheverry So, we just take the service that you're ready to offer. Now, I think in the same way at some point, if we feel that that service is not provided according to certain values, we should be able to say, hey, maybe we need something else, right?
Léonardo Kahn En anere Grond fir Leit vun der App ze späre kann awer och sinn, datt grad net méi genuch Aarbecht do ass. Et geet also dorëms, Aarbechtskräfte flexibel anzesetzen.
Tomás Etcheverry Yeah, that's what the platforms bring. It's a very efficient way of matching supply and demand and I think that's where the value they bring is, right?
Léonardo Kahn Fir dee Phenomeen ze beschreiwen, gëtt et och e Begrëff, deen an der Plattform-Ekonomie geleefeg ass an, wéi ech fannen, d’Konzept gutt op de Punkt bréngt. Op Englesch “Workers on tap”, also Aarbechtskräfte vum Krunn.
Charlotte Bruneau Aarbechtskräfte vum Krunn, well een no Bedarf de Krunn op- an zoudréie kann?
Léonardo Kahn Genee, an der Plattform-Ekonomie sinn Offer an Demande bal perfekt openeen ofgestëmmt. Also: wat méi Leit Iesse bestellen, wat méi Livreure gebraucht ginn. Soss mussen d’Clienten ze laang op hir Bestellunge waarden.
Charlotte Bruneau Also ass et am Interessi vun de Plattformen, datt méiglechst vill Leit liwweren. Mee firwat genee géif se sech da vu Livreuren trennen, wa manner bestallt gëtt?
Léonardo Kahn Hei kënnt en zousätzlecht Argument an d’Spill. Den Tomás Etcheverry seet, datt d’Plattformen op motivéiert Aarbechtskräften ugewise sinn. Also hu si och een Interessi dorunner, datt net ze vill Leit fir si schaffen.
Tomás Etcheverry Part of that balance is making sure that we give enough orders to the couriers that we have out there so that in a certain given hour, they can make a good amount of earnings that has them happy.
Léonardo Kahn Oder anescht formuléiert: Wat méi Leit liwweren, wat all Eenzelne manner verdéngt. An och dat versicht d’Plattform eeben am A ze behalen.
Charlotte Bruneau A si huet doduerch och een direkten Afloss dorobber, wéi gutt jidderee verdénge kann.
Léonardo Kahn Genee. Wolt drosselt aktuell den Accès fir nei Livreuren a Livreusen, seet den Tomás Etcheverry. Aktuell géinge ronn 400 Leit fir si liwweren an et waarden nach vill Leit drop, datt d’Firma hire Konto fräischalt, fir datt si ufänke kënne mat schaffen.
Charlotte Bruneau D’Elena seet jo awer, datt déi Balance net gutt funktionéiert. Also si fënnt, datt ze vill Konkurrenz op de Plattformen ass, a si dowéinst ëmmer manner verdéngt!
Léonardo Kahn Jo, wat natierlech schwéier ze iwwerpréiwen ass, ouni de Plattforme genee an hir Optragsbicher ze kucken.
Charlotte Bruneau A wat seet den Tomás Etcheverry zu där Fro?
Léonardo Kahn Hie seet, datt d’Leit, déi fir Wolt schaffen, gutt géife verdéngen.
Tomás Etcheverry But what we calculate for is, if you are online, how much money are you going to make in an average hour of the hours that you are online? And that's above the minimum wage.
Léonardo Kahn Dat ass de Bruttoloun. Dat hate mir jo an der éischter Episod gesinn: Do sinn dann Niewekäschten net mat aberechent: also Steieren, Sozialagaben, Bensinn asw. Mee och wann een dat géif mat consideréieren, fënnt de Tomás Etcheverry, datt ee mam Liwwerjob gutt genuch verdéngt.
Tomás Etcheverry I think it's an earning that allows the people that are delivering to sort of make a sustainable income out of the time that they're doing that.
Léonardo Kahn Mee wann et um Enn vum Mount net duergeet, dann ass een op Hëllef ugewisen.
Receptioun Ären Numm?
Léonardo Kahn Léonardo Kahn, vum Radio 100,7.
Receptioun Ah pardon, Dir kënnt gären am Wartesall waarden, ech soe Bescheed.
Léonardo Kahn Ech sinn an den Office Social vun der Stad Lëtzebuerg gaangen, deem säi Sëtz ass an der Stroossbuergerstrooss.
Silvia Fernandes Schwaarz, mat Mëllech?
Léonardo Kahn Schwaarz.
Léonardo Kahn Ech treffe mech do mat der Silvia Fernandes, si schafft zanter 13 Joer hei als Sozialaarbechterin. Zanter e puer Jore kommen och Leit, déi fir Liwwerplattforme schaffen, bei si.
Silvia Fernandes Dat sinn d'Leit, déi wierklech et gutt mengen: Si si frou fir ze schaffen, si si frou fir eng Aarbecht ze hunn, fir Suen ze kréien.
Léonardo Kahn Zejoert hu sech am Stater Office Social op d’mannst eng 30 Leit gemellt, déi fir eng Liwwerplattform schaffen. Den Office Social ënnerstëtzt si fir Hëllefe vum Staat unzefroen.
Silvia Fernandes Et feele jo gewësse Saachen. Sief et de Revis, seng Subventioun de Loyer, an da probéiere mir dat mat hinnen ze deblockéieren an do fänkt d'Relation de confiance un.
Léonardo Kahn D’Livreuren an d’Livreusen, déi sech beim Office Social mellen, hunn awer och aner Problemer. Zum Beispill mat hiren Aarbechtsconditiounen, géint déi d’Leit sech dann awer net géife wieren.
Silvia Fernandes Et si sozial Ängschten a beim Meckere beim Patron, fannen ech, muss ee vill Courage hunn.
Léonardo Kahn A jee nodeems proposéiert d’Silvia Fernandes deene Concernéierten da fir sech och op anere Plazen nach zousätzlech Hëllef ze sichen.
Silvia Fernandes Wéi wier et mat enger Gewerkschaft? Mir kënnen awer kee forcéieren.
Charlotte Bruneau Leo, dat muss Du elo kuerz erklären: Virdrun hu mir jo erwäänt, datt d’Elena sech bei enger Gewerkschaft gemellt huet. Mee do keng Hëllef krut. Och well si eng Independante ass. Firwat géif den Office Social deene Leit da recommandéiere sech un eng Gewerkschaft ze wenden?
Léonardo Kahn Ma d’Silvia Fernandes schwätzt hei guer net vun Independanten. Mee vu Salariéen. Also vu Livreuren a Livreusen, déi net direkt fir d’Plattform schaffen. Si schaffen amplaz fir eng Sous-traitance.
Charlotte Bruneau ... also eng Firma, un déi eng Plattform en Deel vun der Aarbecht auslagert.
Léonardo Kahn Genee. An do schaffe Salariéen. An hei missten d’Gewerkschaften dann am Prinzip jo hëllefe kënnen.
Charlotte Bruneau An, geschitt dat dann?
Léonardo Kahn Bis ewell gesäit net duerno aus. Weder dem OGBL nach dem LCGB ass et bis ewell gelongen, bei de Liwwerplattformen ee Fouss op de Buedem ze kréien.
David Angel Also et muss ee soen, datt dat jo e Secteur ass, dee rezent ass.
Léonardo Kahn Beim OGBL, där gréisster Gewerkschaft am Land, ass den David Angel fir d’Plattformaarbecht zoustänneg.
David Angel Mee mir hu scho Leit, déi sech bei eis gemellt hunn, déi bei verschiddene Plattforme schaffen oder geschafft hunn.
Léonardo Kahn Och vereenzelt Leit, déi als Livreure fir Sous-traitancë schaffen. Mee et ass net esou, wéi wann den OGBL elo zum Beispill Personaldelegatiounen an deene Betriber hätt.
David Angel Do muss een och soen, dat ass eng laangwiereg Aarbecht, dat ass eng Opbauaarbecht.
Charlotte Bruneau A wat konnt den David Angel Dir zu den Aarbechtsconditioune bei de Sous-traitancë soen?
Léonardo Kahn Hie gesäit ee Risiko, datt d’Aarbechtszäiten net korrekt gereegelt sinn.
David Angel Well ee jo an engem Secteur schafft, wou relativ flexibel geschafft gëtt, wou no Demande vum Client geschafft gëtt.
Léonardo Kahn Wat ech wärend menger Recherche vun enger Rei Livreuren a Livreusë gesot krut, ass datt et bei de Sous-traitancen dacks Aarbechtskontrakter ginn, fir just e puer Stonnen d’Woch ze schaffen. Mee datt d’Leit dann awer deels vill méi schaffen.
Charlotte Bruneau A wéi verbreet ass déi Praxis?
Léonardo Kahn Dat ass schwéier anzeschätzen. Mee ech hunn dräi Kontrakter virleien, déi no där Logik funktionéieren. Zum Beispill ass do ee CDI vun 18 Stonnen d’Woch dobäi. An do steet dann an engems dran, datt de Livreur bereet ass bis zu 40 Stonnen ze schaffen.
Léonardo Kahn Wéi schätzt den OGBL déi Klausel an?
David Angel Wat de Betrib domadder wëllt maachen, ass e wëllt de Salarié esou mann wéi méiglech fest musse schaffe loossen. A gläichzäiteg wëllt e sécherstellen, datt all Moment, wou en de Salarié brauch, datt de Salarié zur Verfügung steet.
David Angel Dat heescht, dat ass kloer net konform zum Aarbechtsrecht. Mee dat ass awer fir mech genee d'Krux a genee d'Problematik, déi et gëtt an deem dote Secteur an déi eebe grad bei deene Sous-traitance-Firmen, déi Salariéë beschäftegen, warscheinlech d'Haapttheema ass.
Charlotte Bruneau Wat soen d’Sous-traitancen zu deene Reprochen?
Léonardo Kahn D’Sous-traitance, déi dee CDI ausgestallt huet, wollt sech dozou net äusseren. Och aner Sous-traitancen, déi ech kontaktéiert hunn, hu meng Froen net beäntwert. Just eng war bereet mat eis ze schwätzen. Déi sot, hir Livreuren hätten all Vollzäitkontrakter.
Charlotte Bruneau An d’Plattformen, mussen déi dann net awer kontrolléieren, datt d’Aarbechtskonditioune bei hire Sous-traitante legal sinn?
Léonardo Kahn Dat hu mir déi dräi grouss Plattforme gefrot. Mee weder WeDely nach UberEats wollte sech dozou äusseren. A Wolt seet dozou, datt d’Sous-traitancen an éischter Linn selwer responsabel sinn, datt si hire legalen Obligatiounen nokommen.
Charlotte Bruneau Mee d’Majoritéit vun de Leit, déi fir Plattforme schaffe sinn awer Independanten, wéi d’Elena. A mir hate jo virdrun erwäänt, datt den OGBL hir net konnt hëllefen. Wat seet den David Angel dozou?
Léonardo Kahn Hie confirméiert, datt d’Gewerkschaften do an de seelenste Fäll kënnen intervenéieren.
David Angel Alles wat Independant ass, Kontrakter tëschent Betriber, Kontrakter tëschent juristeschen Entitéiten, déi net dem Aarbechtsrecht ënnerleien: Do si mir am Fong net dra spezialiséiert oder hunn do och einfach vum Aarbechtsrecht hier wéineg Befugnisser.
Léonardo Kahn Mee d’Saach ass: D’Gewerkschafte sinn iwwerzeegt, datt d'Leit, déi fir Plattforme liwweren, an deenen allermeeschte Fäll eigentlech guer keng Independantë sinn.
David Angel Et ass schonn esou, datt déi Leit jo net fräi sinn ze maachen, wat si wëllen. Also a wéi fern bestëmmt, also dann an dësem Fall d'Plattform, iwwer d'Dagesofleef, iwwer d'Beweegungsofleef, a wéi fern ka se ee sanktionéieren?
Charlotte Bruneau Also, wat den David Angel seet, ass: vill vun den Independantë si méiglecherweis eigentlech Faux-Independanten, also Schäiselbststänneger.
Léonardo Kahn Genee. An datt si eigentlech als Salariéë misste gëllen, an dann och sozial besser ofgeséchert wieren.
David Angel Alleguerten, also, ganz vill vun deenen Acquisen, déi et fir Salariéë ginn, säit ganz laange Jore gëtt et net fir den Independant.
Léonardo Kahn Dat ass ee grousse Sträitpunkt, deen et ronderëm d’Plattform-Ekonomie gëtt.
David Angel Esoulaang et kee Kader gëtt, deen dat doten iergendwou reegelt, jo, pff, bleiwe mir am Wilden Westen.
Léonardo Kahn Op déi ganz Problematik - an och op eng Reform vum legale Kader, déi elo usteet - komme mir an dëser Serie nach zeréck.
Charlotte Bruneau An dëser Episod geet et ëm déi vill aner Risiken, deenen d’Leit an dësem Secteur ausgesat sinn. An eppes wollts du nach uschwätzen, Leo, nämlech d’Schwaarzaarbecht. D’Elena seet jo, datt dat verbreet wier bei de Liwwerplattformen. Wat konnts du dozou erausfannen?
Léonardo Kahn Hei wat ech vun offizieller Säit gesot krut: D’Aarbechtsinspektioun ITM huet an dësem Beräich zejoert 90 Kontrolle gemaach. A si huet dräi Leit gepëtzt, déi ouni Aarbechtserlabnis fir eng Plattform Iesse geliwwert hunn.
Charlotte Bruneau Do stellt sech dann d’Fro, wéi héich d’Donkelziffer ass.
Léonardo Kahn Jo, Schwaarzaarbecht léisst sech generell schwéier quantifizéieren. Et gëtt jo net stänneg jidderee kontrolléiert. A bei der Plattformaarbecht ass dat mat de Kontrollen nach ee Stéckche méi schwéier.
Charlotte Bruneau Well ...?
Léonardo Kahn Anescht wéi an engem Restaurant, um Schantjen oder am Wéngert, sinn déi Leit net physesch op enger Plaz versammelt, mee si sinn op hire Vëloen, Scooteren an Autoe stänneg ënnerwee. A wien ouni Aarbechtserlabnis wëllt schaffen, dee ka Weeër fanne fir d’Plattformen auszetricksen.
Also wat ech mengen, ass dat hei: d’App freet eng ganz Rei Dokumenter fir sech kënnen unzemellen. A wann een elo zum Beispill keng Aarbechtserlabnis oder och mol keng Openthaltsgeneemegung huet, da muss ee sech anescht uleeën: et freet een amplaz eng aner Persoun, déi zu Lëtzebuerg schaffen dierf an déi e Konto op enger Liwwerplattform erstelle kann.
Charlotte Bruneau A mat deem Konto schafft dann déi Persoun ouni Pabeieren.
Léonardo Kahn Jo. Mëttlerweil huet sech do esouguer e Marché entwéckelt, wou Leit ëffentlech Konte verkafen oder verlounen.
“Salam, J’ai un compte uber vélo à louer Paris 91”
“Compt uber vélo à louer 70 euro par semaine Namur ou Bruxelles”
“Salut je recherche un compte Uber ou Wedely ou Delevero au Luxembourg à louer”
Léonardo Kahn Där Annoncë fënnt een der vill op de Soziale Medien. Dozou ginn et sëlleg Investigativrecherchen, déi unhuele loossen, datt déi Praxis bis haut verbreet ass. An dat trotz de ville Skandaler, déi et an deem Zesummenhang gouf. Wéi den Accident am Januar 2022 zu Lille.
Ici Nord Beaucoup de questions après l'accident qui a coûté la vie à un cycliste à Lille. La victime était âgée de 16 ans, l'adolescent a été percuté par un poids lourd.
Léonardo Kahn Dee Fall hat deemools fir Schlagzeile gesuergt, well de Livreur, deen hei bei engem Accident mat sengem Vëlo ëm d’Liewe komm ass, mannerjäreg war an eigentlech guer net hätt dierfe fir d’Plattform schaffen.
Charlotte Bruneau A wat ënnerhuelen d’Plattformen dogéint?
Léonardo Kahn Si versichen d’Identitéit vun deem, deen d’App benotzt, besser ze kontrolléieren. Zum Beispill féieren ëmmer méi Appen eng Gesiichtserkennung an.
Charlotte Bruneau Fir datt just de Besëtzer vum Konto domadder schaffe kann.
Léonardo Kahn Exakt, mee och deen Hindernis kann een ëmgoen. Ech sinn engem Livreur begéint, dee genee dat gemaach huet: Hien huet deen Ament zu Lëtzebuerg fir Uber Eats geliwwert. Obwuel hien eegenen Aussoen no zanter zwanzeg Joer ouni Openthaltsgeneemegung an Europa lieft.
Schwaarzaarbechter Ist strafbar. If they catch me, it's a problem, okay?
Léonardo Kahn Fir seng Identitéit ze schützen, kann ech keng Detailer zu senger Persoun nennen. Seng Stëmm hu mir dowéinst och verstallt.
Charlotte Bruneau Ok, mee wat mir wëssen ass, datt dee Livreur tatsächlech mam Konto vun enger anerer Persoun geschafft huet.
Léonardo Kahn Jo.
Charlotte Bruneau An du weess och vu wiem.
Léonardo Kahn Jo, ech hunn och dee Mann kennegeléiert. Si soten, si géifen aus deem selwechte Land kommen.
Charlotte Bruneau Ok, a wéi leeft dat praktesch of: Wéi ëmgeet een déi Gesiichtserkennung?
Léonardo Kahn De Livreur huet mir dat esou erkläert: An onreegelméissegen Ofstänn freet d’App no der Gesiichtserkennung. Wann dat geschitt, da muss een eng Foto vu sech maachen, éier ee ka weider schaffen.
Schwaarzaarbechter Da kann ich nicht arbeiten. Ich muss warten, bis er Fotos macht.
Léonardo Kahn Also fiert de Livreur mam Handy séier bei säi Kolleeg, dee souwisou meeschtens an der Stad ënnerwee ass. Hien dréckt deem den Handy an de Grapp, de Kolleeg mécht dann e Selfie. Doduerch gëtt d’App nees entspäert an de Livreur ouni Pabeiere ka weiderschaffen.
Wann hien awer keng Foto mécht oder de Selfie net der Foto entsprécht, déi um Konto hannerluecht ass, kann d’App den Account spären.
Charlotte Bruneau A wéi ass et mat de Suen, déi de Livreur verdéngt huet?
Léonardo Kahn De Besëtzer vum Konto sot, datt hien dem Livreur ëmmer alles iwwerwisen huet. Ob dat stëmmt, weess ech net.
Charlotte Bruneau A wéi vill wier dat dann?
Léonardo Kahn Also déi Kéier, wéi hie mir seng App gewisen huet, stoung do am Schnëtt 50 Euro den Dag.
Schwaarzaarbechter ça va. Ich muss viel arbeiten, ja.
Charlotte Bruneau 50 Euro, also net ganz vill?
Léonardo Kahn Effektiv. Dat läit méiglecherweis och dorunner, datt de Livreur mat engem rabellesche Vëlo gefuer ass. Heiansdo war hien och just ze Fouss oder mam Tram ënnerwee.
Charlotte Bruneau Mee seng Situatioun ass prekär, an dat jo onofhängeg dovunner, wéi vill hie verdéngt.
Léonardo Kahn Definitiv - hie schafft an der Illegalitéit a riskéiert vu sengem Kolleeg anengems dobäi ausgebeut ze ginn. Säi Fall ass sécher dee schwieregsten, deem ech wärend menger Recherche begéint sinn.
Charlotte Bruneau A wat seet Uber Eats dozou, well hien huet jo fir si geliwwert?
Léonardo Kahn En Interview wollte si net ginn, mee si hu schrëftlech geäntwert. An zwar datt si Mëssbrauchsvirwërf eescht huele géifen, dowéinst och déi Gesiichtserkennung ageféiert hätten an och eng spezialiséiert Ekipp hunn, déi mat der Police zesummeschafft.
Charlotte Bruneau Mee de Livreur konnt déi Hürd vun der Gesiichtserkennung jo ëmgoen. Wat ech mech froen ass, firwat si déi net systematesch froen, soubal een d’App benotzt.
Léonardo Kahn Dat hunn ech och nogefrot, mee Uber Eats ass dorobber net konkreet agaangen.
Charlotte Bruneau Mir hunn elo iwwer all déi Aspekter geschwat, déi bei de Liwwerplattforme prekär Aarbechtsbedéngunge schafen: Datt ee vill muss schaffen ouni ze wëssen, wéi vill ee wäert verdéngen. Datt een einfach vun der App gespaart ka ginn. An datt d'Plattformen decidéieren, wéi vill Livreuren ëm d’Opträg konkurréieren.
A Leo, mir hunn um Ufank vun der Episod d’Elena Mendichi kennegeléiert. Si schafft elo fir Uber Eats a Wedely, nodeems si vu Wolt gespaart ginn ass. An du hues erwäänt, datt si nach ëmmer struewelt. Wat ass hir Situatioun elo?
Léonardo Kahn D’Elena huet véier Joer fir Liwwerplattforme geschafft. Elo versicht si een aneren Job ze fannen.
Elena Mendichi Je pense que je n'arrive pas à faire le minimum wage. Qu'est-ce que je dois faire, c'est comme ça. Je dois chercher un travail et ça va.
Charlotte Bruneau Mee d’Elena wollt deen Job jo onbedéngt maachen, fir datt si sech fräihuele kann, wéini si wëllt, fir hire Bouf an Italie besichen ze kënnen.
Léonardo Kahn Jo, mee mëttlerweil géing si esou wéineg verdéngen, datt si et sech souwisou net leeschte kéint, reegelméisseg bei hien ze fueren. Vläicht hätt si als Salariée esouguer méi Vakanz.
Elena Mendichi Avec ce travail, je fais moins congé qu'un travail normal. Pour exemple, cinq semaines, moi, je n'arrive pas à faire.
Charlotte Bruneau D’Elena wëllt goen. Mee d’Plattformekonomie bleift. Op d'mannst am Liwwersecteur huet sech dëse Modell zu Lëtzebuerg an de leschte Jore fest etabléiert. Ass dat d’Zukunft, och an anere Secteuren?
Léonardo Kahn Esou einfach ass et net. Well de Succès vu Plattformen ass net ëmmer garantéiert. Zum Beispill an engem ganz typesche Secteur krute si sech bis haut zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
Charlotte Bruneau An dee wier?
Léonardo Kahn D’Taxisbranche.
Charlotte Bruneau Also du schwätz vun Uber?
Léonardo Kahn Genee. Ech hunn intern Dokumenter vun der Firma gesinn, déi beleeën, wéi si scho virun zéng Joer versicht hunn, hiren Service hei ze lancéieren an dobäi gescheitert sinn.
Marc MacGann As discussed with Pierre this week, we are seeking to launch in Luxembourg (...), for purely strategic/political reasons.
Charlotte Bruneau Firwat et Uber virun zéng Joer net gelongen ass op Lëtzebuerg ze kommen: Dorëms geet et an der nächster Episod.
Ech soen dir merci, Leo!
Léonardo Kahn Merci Charlotte, bis d’nächst Woch.
Charlotte Bruneau Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Léonardo Kahn a vu mir, Charlotte Bruneau.
Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien.
Merci dem Marie Trussard, Semir Demic a Pit Beffort fir d’Vertounung vun den Annoncen aus de Soziale Medien.
An dëser Episod hu mir Tounmaterial benotzt vun Ici Nord.
Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.
A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.