arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausgeliwwert: Transkript vun der Episod 1

Zeenewiessel

|
headphones

69 min

Ausgeliwwert: Transkript vun der Episod 1

headphones

69 min

Charlotte Bruneau Wéini hat Dir fir d’lëscht d’Flemm ze kachen? Oder akafen ze goen? Oder loucht spéit owes um Kannapee an hutt geduecht: Ai ... elo e klenge Burger.

Client Allô?

Ibrahim Alibrahim Oui, bonsoir. Je suis Wolt. Je suis devant la porte.

Charlotte Bruneau Eng vun de Persounen, déi Iech dee Burger kéint heem liwweren, ass den Ibrahim Alibrahim.

Client C'est au troisième étage.

Ibrahim Alibrahim Ok j'arrive, merci. Est-ce que vous pouvez ouvrir la porte s'il vous plait?

Client Oui.

Ibrahim Alibrahim J'arrive tout de suite!

Charlotte Bruneau Mäi Redaktiounskolleeg Léonardo Kahn begleet hien op der Aarbecht. Och bis op den drëtte Stack.

Léonardo Kahn C 'est du sport!

Ibrahim Alibrahim Ah oui du sport.

Charlotte Bruneau 170.000 Burgere goufen zejoert zu Lëtzebuerg bestallt. An dat eleng iwwer d’App, fir déi den Ibrahim schafft.

Client Bonsoir.

Ibrahim Alibrahim Bonsoir.

Charlotte Bruneau Mat Uber Eats a Wolt si rezent zwou international Liwwerplattformen op Lëtzebuerg komm. An och vill aner Servicer gi mëttlerweil iwwer digital Plattforme vermëttelt: Taxischaufferen, Botzpersonal, Designer - an der EU hunn 2022 ronn 30 Millioune Leit fir Plattforme geschafft. Eng Zuel, déi laut Prognosen dëst Joer op ëm 43 Millioune soll klammen. D'Geschäft boomt.

Ibrahim Alibrahim Il faut attendre maintenant à la prochaine commande. Je ne sais pas où.

Charlotte Bruneau Mee Liwwerplattforme stinn och ëmmer nees an der Kritik schlecht Aarbechtskonditiounen ze schafen. Wat ass un deem Reproche drun? Sinn déi Leit wierklech der Prekaritéit ausgeliwwert? A wéi verännere Plattformen eis Aarbechtswelt?

Mäin Numm ass Charlotte Bruneau an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.

“Ausgeliwwert” heescht eis Serie iwwer d’Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Recherchéiert huet se de Léonardo Kahn.

Dat hei ass déi éischt Episod vu fënnef: Schéin nei Aarbechtswelt.

Leit, déi fir eng Plattform Iesse liwweren, gehéiere mëttlerweil op ville Plazen zum Stadbild: Et ass déi visibelst Form vu Plattformaarbecht. Dacks droen d’Livreuren e risege, quadratesche Rucksak mam Logo vun enger Online-Plattform um Réck. Zu Fouss, mam Vëlo, Scooter oder och mam Auto jauwe si duerch d’Stied an uechtert d’Land. An du Leo, bass déi lescht Méint agedaucht an dës nei Welt vun der Plattformaarbecht. Den Ibrahim Alibrahim ass den éischte Livreur, deem mir an dëser Serie begéinen. Firwat fänkt d'Geschicht grad mat him un?

Léonardo Kahn Ma dat éischt, wat ech verstoe wollt, ass: Firwat schaffen esou vill Leit fir Liwwerplattformen? Well obwuel si de Ruff hunn, wéi s du gesot hues, prekär Aarbechtsbedéngungen ze bidden, entscheede sech ëmmer méi Leit déi Aarbecht ze maachen. Eppes muss se also unzéien.

Ibrahim Alibrahim Moi je suis chef pour moi. Moi je commence comme je veux et je finis comme je veux.

Léonardo Kahn Ech sinn a menger Recherche ronn zwou Dose Plattformaarbechter begéint. A kee vun hinnen ass esou motivéiert wéi den Ibrahim Alibrahim. Wann ee mir also erkläre kann, wat déi Aarbecht fir Honnerte Livreuren hei zu Lëtzebuerg esou attraktiv mécht, dann hien.

Léonardo Kahn On y va?

Ibrahim Alibrahim On y va.

Léonardo Kahn Den Ibrahim ass 32 Joer al, knapp 1,70 grouss, dréit e Vollbaart an e breet Laachen. Hien huet mir erlaabt hie bei der Aarbecht ze begleeden.

Lass geet et op engem Freideg Nomëtteg um Kierchbierg. Et ass also kee ganz gewéinlechen Aarbechtsdag fir hien - net just, well ech dobäi war.

Charlotte Bruneau Wat ass nach anescht wéi soss?

Léonardo Kahn Ma soss fänkt hien eigentlech ëmmer moies um 10 Auer un. Mee deen Dag war hie mëttes beim Mecanicien, fir d’Pneuen op sengem klengen Hyundai ze wiesselen.

Léonardo Kahn Hamilius?

Ibrahim Alibrahim Oui. Hamilius ou Place de Paris.

Léonardo Kahn Den Ibrahim kritt vun der Plattform keen Transportmëttel zur Verfügung gestallt - dat ass seelen de Fall an deem Business. Dowéinst gesäit ee Livreuren dacks mat de Locatiounsvëloe vun der Stad fueren. Den Ibrahim fiert mat sengem Privatauto.

Léonardo Kahn Combien d'argent tu penses que tu vas faire aujourd'hui?

Ibrahim Alibrahim Aujourd’hui ...

Léonardo Kahn Éier d’Aarbecht richteg ufänkt, froen ech den Ibrahim, wéi vill hien haut verdénge wäert. Hie seet, well hie mëttes net geschafft huet, verdéngt hien haut manner wéi gewinnt.

Ibrahim Alibrahim Oui. Parce que moi, je n'ai pas travaillé toute la journée aujourd'hui. J'ai commencé seulement ce soir. 100 euros, 115 euros, je ne sais pas. J'attends la commande.

Léonardo Kahn Wéi s du héiers, Charlotte, weess den Ibrahim ni genee am Viraus, wéi vill hie verdénge wäert. Sou wéi vill Plattformaarbechter schafft den Ibrahim als Independant. Hien huet kee fixe Stonneloun, mee gëtt fir all Livraisoun eenzel bezuelt. Dat ass de Prinzip vun der “Gig Ekonomie”. Esou nennt een déi Aarbechtsform, bei där ee Sue pro Gig, also pro Optrag verdéngt.

Charlotte Bruneau Hie kann awer trotzdeem aus Erfarung aschätzen, wéi vill Opträg hien an engem Owend kritt. Louch hien da richteg, mat deenen 100 bis 115 euro?

Léonardo Kahn Dofir musse mir nees zeréck an den Ibrahim säin Auto klammen. De Schaffdag huet jo eréischt ugefaangen.

Ibrahim Alibrahim C'est Hassan. Il est ici, il attend pour nous. Il attend la commande.

Léonardo Kahn Den Hassan ass ee Kolleeg vum Ibrahim. D’selwecht wéi den Ibrahim ass hien aus Syrien op Lëtzebuerg geflücht. D’Livraisoun fir eng App ass fir si alle béid den éischten Job, dee si hei fonnt hunn.

Ibrahim Alibrahim Salam Hassan.

Hassan Salam. Hallo, wie geht es Ihnen, alles gut, alles klar?

Léonardo Kahn Ja und bei Ihnen?

Hassan Gut gut, vielen Dank.

Léonardo Kahn Den Ibrahim an ech sëtzen am Auto, säi Kolleeg duckt sech duerch d’Fënster eran. Mir poteren.

Ibrahim Alibrahim Comment le travail aujourd'hui Hassan?

Hassan Aujourd'hui pas de travail.

Ibrahim Alibrahim Pourquoi?

Léonardo Kahn Et ass fënnef Auer nomëttes. Den Ibrahim an den Hassan hunn alle béid d’App schonn op hirem Handy opgemaach a waarden op déi éischt Commande.

Ibrahim Alibrahim Nous attendons ici maintenant, je ne sais pas combien de temps, 30 minutes?

Léonardo Kahn Si fëmmen, drénken Téi, deen den Hassan matbruecht huet, an aktualiséieren d’App ëmmer nees. Wéi zwee Kolleegen, déi fëschen, waarde si drop, datt déi éischt Commande fir den Owend ubäisst. Mee och fir Fäll, wou den Ibrahim eleng waart, ass hien ausgerüst. Aus senger Händschekëscht zitt hien e Koup Blieder eraus.

Ibrahim Alibrahim Je lis Luxembourgeois. Ouais, c'est ça.

Léonardo Kahn Et si lëtzebuergesch Vokabelen, déi hie béchst, wa grad keng Commande kënnt.

Ibrahim Alibrahim Ah oui, Monsieur, moi je parle Lëtzebuergesch. Schwätze Si Lëtzebuergesch? Oui, oui, c'est comme ça.

Léonardo Kahn Den Ibrahim léiert Lëtzebuergesch fir den Abiergerungstest ze maachen.

Ibrahim Alibrahim Je vais prendre la nationalité à Luxembourg. Parce que moi j’étudie dans des cours de Luxembourgeois maintenant.

Léonardo Kahn Waarde gehéiert zu hirem Beruffsalldag.

Mee et ginn Tricken, fir manner laang ze waarden.

D'Livreure ginn nämlech vun engem Algorithmus gesteiert. An anere Wierder: Et ass ee Computer dee berechent, wéi d’Opträg méiglechst effikass verdeelt ginn. Fir datt de Client esou séier wéi méiglech säin Iesse kritt, schéckt d'App dee Livreur bei d’Commande, deen am nooste beim Restaurant ass.

Charlotte Bruneau An den Ibrahim steet jo effektiv schonn am Zentrum. Mat deene ville Restaurante ronderëm stinn d’Chancen dann héich, datt ee séier eng Commande kritt. Wéi laang muss hie waarden?

Léonardo Kahn Ma awer nach annerhallef Stonn.

Ibrahim Alibrahim 136.

Serveuse Yani. 136?

Ibrahim Alibrahim 136!

Serveuse Voilà.

Ibrahim Alibrahim Merci beaucoup.

Léonardo Kahn Déi éischt Commande ass e Souvlaki vum Griich. An esou *Bling* kléngt d’Confirmatioun vun der App, wann den Ibrahim d'Bestellung ofhëlt. De Client wunnt um Belair. Fir de Plat vun der Gare dohin ze féieren, verdéngt den Ibrahim knapp zéng Euro.

Ibrahim Alibrahim On Music!

Léonardo Kahn An elo fänkt eng Course géint d’Zäit un. Den Ibrahim ass e rouege Chauffer. Hie léisst sech net vu grousse Camionnetten an hektesche Scootere beandrocken. Mee hie parkt heiansdo op couragéise Plazen, wann hie séier am Restaurant eng Commande ofhëlt.

Ibrahim Alibrahim C'est très très très difficile, parce qu'il n'y a pas de place ici, si le restaurant est là-bas. Je suis entré ici.

Léonardo Kahn Et ass Freidegowend an d’Leit sinn hongereg. Den Ibrahim liwwert chineesescht Iessen, Pizza, Burgeren, a verschidde Stater Quartieren. Wat d’Iessenszäit méi no kënnt, wat d’Waardezäite méi kuerz ginn. Elo, kuerz virun aacht, kritt hie sech kaum vu Commandë gerett, heiansdo kritt hien der souguer e puer gläichzäiteg. D'Stëmmung am Auto ass gutt. Mir maachen eis eng Cola op an iesse Chipsen.

Ibrahim Alibrahim Ech hunn hongrig. Hongrig?

Léonardo Kahn Hongreg!

Ibrahim Alibrahim Hongreg. Hungry.

Charlotte Bruneau An den Owend schéngt jo elo gutt ze lafen. Am Verglach mat der laanger Waardezäit vu virdrun ass hien elo déi ganzen Zäit ënnerwee!

Léonardo Kahn Jo, a wann de Client wäit fort vum Restaurant wunnt, huet den Ibrahim souguer Zäit fir seng Famill unzeruffen. Déi gesäit hie wéineg, well hie bis spéit schafft.

Kand Baba.

Saleh Sahar Patata.

Kand Bata

Léonardo Kahn An och déi gi bei him Commanden of.

Ibrahim Alibrahim C'est le bébé, il a dit: “Papa, il y a besoin de la frite".

Léonardo Kahn Den Ibrahim soll senge véier Kanner Fritte matbréngen, wann hie fäerdeg ass mat schaffen.

Ibrahim Alibrahim Moi j’ai dit, Papa j’ai un rendez-vous avec la radio. L’Interview.

Léonardo Kahn Zanter fënnef Joer lieft den Ibrahim zu Lëtzebuerg. Seng Famill ass 2022 nokomm, an et kann ee soen, datt si säi Mëttelpunkt sinn. D’Flucht op Lëtzebuerg, den Job. Dat mécht hien alles fir si.

Ibrahim Alibrahim Oui, bien sûr. Je suis venu ici pour eux, c'est pour les enfants.

Léonardo Kahn Den Ibrahim wunnt zu Zolwer am Foyer. D’ganz Famill deelt sech eng Kummer. Wa säi jéngste Kand kräischt, erwächt jiddereen.

Ibrahim Alibrahim Une chambre, nous sommes six personnes pour habiter là-bas. Ce n'est pas bien comme ça.

Léonardo Kahn Säin eelste Bouf geet an d’drëtt Schouljoer. Daagsiwwer kann hie sech net konzentréieren, well hie schlecht schléift. Si brauchen eng méi grouss Wunneng.

Ibrahim Alibrahim C'est obligatoire, il y a besoin d'un contrat CDI.

Léonardo Kahn Mee als Livreur fir eng Plattform ass dat schwéier. D’Proprietäre wëllen dacks e festen Aarbechtsvertrag gesinn, deen den Ibrahim net huet, well hie pro Livraisoun bezuelt gëtt. Hie schafft quasi all Dag vun der Woch, fir genuch ze verdénge fir d’Famill aus dem Foyer ze kréien.

Charlotte Bruneau Also, den Ibrahim kënnt aus Syrien a krut zu Lëtzebuerg de Flüchtlingsstatut. Ginn et vill Mënsche mat engem änleche Parcours, déi fir eng Plattform schaffen?

Léonardo Kahn Dorops kann ech dir leider keng prezis Äntwert ginn. D’Plattformekonomie ass hei esou nei, datt et kaum belaaschtbar Donnéeën dozou ginn. De Statec wäert eréischt 2027 éischt Zuelen dozou hunn. Mee wat ech ka soen, ass dat hei: Wärend menger Recherche sinn ech kengem Livreur begéint, dee fléissend Lëtzebuergesch schwätzt.

Charlotte Bruneau Wat war dem Ibrahim seng Motivatioun fir bei enger Plattform ze schaffen?

Léonardo Kahn Bei him louch et un der Sprooch.

Ibrahim Alibrahim Parce que moi je n'ai pas parlé bien Français. Et pour le travail avec Wolt, il n'y a pas besoin de la langue bien.

Léonardo Kahn Den Ibrahim beherrscht keng vun den offizielle Sproochen zu Lëtzebuerg perfekt. Éier hien an Europa geflücht ass, huet hien als Plätterchersleeër geschafft. Fir d'éischt huet hien dowéinst och envisagéiert zu Lëtzebuerg am Handwierk eng Aarbecht ze sichen. Mee amplaz huet hie sech dann op enger Liwwerplattform ugemellt. Dat war méi einfach: Hien huet dofir just seng Donnéeën an e puer offiziell Dokumenter eropluede mussen. An zwou Wochen drop konnt hie schonn ufänken ze liwweren.

Charlotte Bruneau Ok, also d’administrativ Prozedure si bei de Plattforme relativ onkomplizéiert. Et kann ee séier lassleeën a Sue verdéngen. Mee kann een och genuch Sue verdéngen?

Léonardo Kahn Ma fir dat ze beäntweren, komme mir zeréck bei den Ibrahim.

Ibrahim Alibrahim C’est la maison 22.

Léonardo Kahn Normalerweis verdéngt den Ibrahim weekends méi wéi ënner der Woch, well méi bestallt gëtt.

Ibrahim Alibrahim Bonsoir, c’est Monsieur?

Client Oui c’est moi.

Léonardo Kahn Mee op deem Freideg huet hien einfach keng Chance.

Ibrahim Alibrahim Oh lala. Pourquoi nous sommes retournés comme ça? Parce qu’ici Google Maps ... parce que le client n’a pas écrit l’adresse bien.

Léonardo Kahn Ee Client wunnt zum Beispill an engem Héichhaus um Kierchbierg, fir genee ze sinn: am Haus Nummer 11. Mee an där Cité gesinn d’Héichhaiser all änlech aus. Den Ibrahim leeft mat der Bestellung am Grapp vun engem Héichhaus bei dat nächst. Mee hie fënnt weder de Client, nach d’Haus Nummer 11.

Ibrahim Alibrahim Ici c’est le numéro combien? C’est 15, c'est 13 et le 11.

Léonardo Kahn Dat ass d’Saach, déi den Ibrahim am meeschten opreegt. Hie verléiert doduerch esou vill Zäit. Zäit, déi him duerno feelt, fir nei Commanden ze liwweren.

Ibrahim Alibrahim Si c’est comme ça, c'est difficile. Si le client ne met pas son adresse bien, c'est comme ça que je cherche. C'est difficile comme ça.

Léonardo Kahn An den Ibrahim verléiert net just Zäit op der Sich nom Haus Nummer 11, mee och wéinst enger Pizzeria. Der App no soll d’Pizza séier fäerdeg sinn, also tommelt hie sech, fir déi pünktlech ofzehuelen.

Ibrahim Alibrahim 939. Bonsoir. C'est la 939.

Serveur 900 ... ?

Ibrahim Alibrahim 39.

Léonardo Kahn Mee d’Pizza ass net fäerdeg. Dee Moment huet den Ibrahim awer zwee Sandwichen an zwee Kebaben an der Mall. Fir d’Sandwichen ass dat net wëll, déi bleiwen eng Zäitche frësch. Mee d’Kebaben? Fir d’éischt mécht hie sech näischt draus. Mir poteren.

Léonardo Kahn Toi, tu aimes les pizzas?

Ibrahim Alibrahim Hm?

Léonardo Kahn Tu aimes les pizzas?

Ibrahim Alibrahim Non, pas beaucoup.

Léonardo Kahn Eng Minutt, zwou Minutten, dräi Minutten. No véier Minutte verléiert hie kuerz d’Gedold.

Ibrahim Alibrahim Qu'est-ce que se passe? J'ai d'autres commandes. Maintenant, j’ai un retard pour la cliente.

Léonardo Kahn D’Pizza kënnt dann no fënnef Minutten. Dat kléngt vläicht no wéineg, mee an deem Job ass all Minutt wäertvoll.

Serveur 939?

Ibrahim Alibrahim Oui c’est ça.

Charlotte Bruneau Wann ech richteg matgezielt hunn, huet den Ibrahim dräi Commanden an der Mall: D’Sandwichen, d’Kebaben an elo endlech d’Pizza. Déi musse séier bei de Client.

Léonardo Kahn Jo, an als éischt ginn d’Sandwiche geliwwert.

Cliente Allô?

Ibrahim Alibrahim Oui bonsoir. Je suis Wolt, je suis devant la porte.

Cliente Oui, on vous ouvre la porte là. Voilà, c’est ouvert.

Léonardo Kahn Op déi huet de Client ongeféier eng hallef Stonn gewaart.

Ibrahim Alibrahim S’il vous plaît. Bon appétit, au revoir.

Léonardo Kahn Dann d’Pizza. Déi ass nach ganz frësch. Op déi huet de Client just eng Véierelstonn gewaart.

Ibrahim Alibrahim S’il vous plait. Bon appétit, au revoir.

Charlotte Bruneau Mee firwat fiert den Ibrahim net fir d’éischt bei de Client vun de Kebappen? Déi gi jo soss kal.

Léonardo Kahn Ma den Ibrahim ass net deen, deen d’Reiefolleg vun der Livraisoun bestëmmt. Dat mécht d’App. Déi berechent de séiersten Trajet. Dat ass och dat revolutionäert un de Plattformen: Eng Mass un eenzelne Livreure gëtt automatesch vun engem Computer koordinéiert. Dat nennt een “algorithmic management”. Et optiméiert vill Aarbechtsofleef. Den Ibrahim kann zum Beispill dowéinst dräi Commanden an der Uewerstad siche goen a muss just eng Kéier op de Kierchbierg fueren, fir se ze liwweren, amplaz dräi mol hin an hier ze fueren.

Charlotte Bruneau Mee, mir gesi jo awer, datt net ëmmer alles esou reiwungslos ofleeft, wéi den Algorithmus dat virgesinn huet - a verschidde Commandë kënne Retard kréien. Wéini kommen déi Kebappen un?

Ibrahim Alibrahim S’il vous plaît. S'il vous plaît.

Cliente Thank you.

Ibrahim Alibrahim Bon appétit, au revoir.

Cliente Bye.

Léonardo Kahn Déi Cliente hat effektiv keng Chance. Si huet op d’mannst eng Dräivéierelstonn gewaart.

Ibrahim Alibrahim C'est bon maintenant. La troisième, maintenant.

Léonardo Kahn D’Madamm ass warscheinlech onzefridden. Si weess net, datt den Ibrahim Retard huet, well hien nach aner Liwwerungen huet missen erleedegen an d’Pizza méi laang gebraucht huet, wéi erwaart. Fir si gesäit et an der App esou aus, wéi wann den Ibrahim geträntelt hätt. Wolt riskéiert vun hir fir dës Bestellung eng schlecht Bewäertung ze kréien.

Charlotte Bruneau Wéi eng Konsequenzen huet dat fir den Ibrahim?

Léonardo Kahn Fir hien dierft dat kee Problem sinn. D’App, fir déi hie schafft, géing hir Livreuren net wéinst schlechte Bewäertunge sanktionéieren. Dat schreiwe si an engem Rapport. Mee am Prinzip kënnen d’Plattformen sech relativ einfach vun de Leit trennen, déi fir si schaffen. Dorobber komme mir an der nächster Episod ze schwätzen.

Charlotte Bruneau Elo dann awer zeréck bei däin Owend mam Ibrahim, wéi verleeft deen da weider?

Client Allô?

Ibrahim Alibrahim Oui, bonsoir. Je suis Wolt. Je suis devant la porte.

Client C'est au troisième étage.

Léonardo Kahn Mir kommen hei zeréck bei de Moment, mat deem mir d’Episod ugefaangen hunn. Ee Moment, dee vill iwwer dem Ibrahim säin Aarbechtsalldag ausseet. Et ass elo kuerz no 9 Auer, hie liwwert déi eeleft Commande fir den Owend: op Beggen.

Client Bonsoir.

Ibrahim Alibrahim Bonsoir. Merci c’est gentil.

Léonardo Kahn Um Ibrahim senger App steet, datt hien ëmmer nach manner wéi 100 Euro verdéngt huet. An et komme keng Bestellunge méi eran. Dowéinst si mir elo an engem Fastfood-Restaurant, fir eis eiser zweeter Missioun fir den Owend ze widmen: Den Owes-Snack fir d’Famill.

Léonardo Kahn Mais ça veut dire qu'aujourd'hui, tu as terminé?

Ibrahim Alibrahim Maintenant? Je pense oui. Parce que c'est calme maintenant.

Léonardo Kahn Trotzdeem léisst hien d'App weiderlafen. Déi weess jo, datt mir direkt an engem Restaurant stinn. An tatsächlech, wärend mir op eis eege Bestellung waarden ... *Bling

Ibrahim Alibrahim Il est à Mersch. Oh lala. Nous allons à Mersch. Madame, s’il-vous-plaît, c’est la 234, c’est la Wolt.

Léonardo Kahn Fir vu Beggen op Miersch an zeréck an de Süden, wou den Ibrahim wunnt, brauch hien op d’mannst eng Stonn. Esou laang muss sech seng Famill da gedëllegen.

Ibrahim Alibrahim Je mange un maintenant.

Léonardo Kahn Fir déi lescht Bestellung vun haut 15 Kilometer an den Norden ze fueren, verdéngt den Ibrahim ronn 20 Euro.

Ibrahim Alibrahim S'il vous plaît.

Client Merci beaucoup.

Ibrahim Alibrahim Bon appétit!

Client Merci beaucoup. Au revoir.

Léonardo Kahn Dat war elo definitiv déi lescht Commande fir den Owend. Den Ibrahim ass midd an et komme keng Opträg méi.

Léonardo Kahn Donc il est 22 heures maintenant. Tu es déjà un peu fatigué?

Ibrahim Alibrahim Oui, je suis fatigué maintenant.

Léonardo Kahn Fir den Ibrahim ass dat awer net mol immens spéit. Weekends schafft hien dacks bis Mëtternuecht. Esoulaang weider Commanden erakommen, liwwert hien eigentlech weider.

Charlotte Bruneau Sou, ech mengen de Moment ass elo komm, fir ze kucken, wéi vill hie schlussendlech verdéngt huet. Am Ufank hat den Ibrahim jo geschat, datt en tëschent 100 an 115 Euro géif verdéngen. Krut hien dat hin?

Léonardo Kahn Ma lauschter:

Ibrahim Alibrahim Ce soir, aujourd'hui, le travail, c'est 115 euros.

Charlotte Bruneau 115 Euro! Da louch hie jo genee richteg!

Léonardo Kahn Jo, ech war och beandrockt vu senger Punktlandung. Mee eppes huet mech nach méi iwwerrascht.

Léonardo Kahn C'est bien? Tu es content?

Ibrahim Alibrahim Bah si ça va. C'est calme pour le travail aujourd'hui. Ce n'est pas bien bien.

Léonardo Kahn Qu'est ce qui est bien?

Ibrahim Alibrahim 150 euros, comme ça, si le travail se passe bien.

Léonardo Kahn Och wann den Ibrahim realistesch aschätze kann, wéi vill hien iwwer d’Liwwerplattform verdéngt: D’Hoffnung, datt et vläicht awer besser leeft, déi bleift.

Charlotte Bruneau Ech géif hei nees de Fuedem vum Ufank opgräifen: Wat mécht den Job elo esou attraktiv? Engersäits liicht mir an, datt een iwwer eng Liwwerplattform séier an onkomplizéiert Sue verdénge kann. Den Ibrahim kritt an engem Owend 115 Euro. Mee geet dat duer? Also, kënnt een als Famill zu Lëtzebuerg domadder iwwer d’Ronnen?

Léonardo Kahn Da komm mir zéien e Bilan. Déi éischt Commande kritt den Ibrahim géint hallwer siwen owes, déi lescht ass um zéng Auer beim Client. Ech ginn dat mol a menger Rechemaschinn an. A manner wéi véier Stonne verdéngt hien also 115 Euro. Dat mécht bal 30 Euro d’Stonn.

Charlotte Bruneau An dat ass net esou schlecht, oder?

Léonardo Kahn Jo, effektiv. Op den éischte Bléck ass dat een attraktive Stonneloun. Warscheinlech ass dat och e Grond, firwat vill Livreuren ufanks esou zefridde si mat de Plattformen. Mee en Independant wéi den Ibrahim stemmt vill Käschte selwer. Bensinn, TVA, Krankekeess: Wann een dat alles ofzitt, bleiwen dem Ibrahim op d’Stonn gerechent just nach ronn 15 Euro netto iwwereg.

Charlotte Bruneau Ah sou, also d’Hallschent vun deem, wat hie Brutto kritt. A 15 Euro d’Stonn: Läit dat elo iwwer oder ënner dem Mindestloun?

Léonardo Kahn Dat läit driwwer. Mee an där Rechnung feelt trotzdeem nach eppes.

Charlotte Bruneau A wat wier dat?

Léonardo Kahn Ma streng geholl ass den Ibrahim scho virun 18 Auer prett fir ze schaffen. Hie muss awer annerhallef Stonn op déi éischt Commande waarden. A wann een d’Waardezäit mat aberechent, da verdéngt den Ibrahim op d’Stonn gerechent, manner wéi den onqualifizéierte Mindestloun. En plus ginn et nach eng ganz Rei aner Käschten, déi ech net mat agerechent hunn. De Mecanicien, deen am Ufank d'Pneue vum Ibrahim sengem Auto wiesselt, dee mécht dat jo net gratis.

Charlotte Bruneau Ok, dat heescht, wann een d’Waardezäit mat arechent, da verdéngt den Ibrahim manner wéi de Mindestloun. Ass dat üblech?

Léonardo Kahn Et ass op alle Fall keng Ausnam. Enger Etüd no verdéngen iwwer d’Hallschent vun de Plattformaarbechter an der EU ënner dem Mindeststonneloun. D’Plattform, fir déi den Ibrahim schafft, seet zwar, d’Livreure géifen am Schnëtt méi wéi de Brutto-Mindestloun verdéngen. Mee an där Rechnung feelen eeben déi vill Fraisen, déi en Independant dréit.

Charlotte Bruneau Ginn déi Suen dann duer fir den Ibrahim a seng Famill? Well zu Lëtzebuerg kënnt ee mat engem Mindestloun schwéier duerch den Alldag.

Léonardo Kahn Et geet fir si duer, mee hie muss dofir ouni Paus schaffen. An déi vill Stonnen Aarbecht erlaben et dann effektiv um Enn e bëssi méi ze verdénge wéi eng Persoun, déi 40 Stonne fir den onqualifizéierte Mindestloun schafft.

Charlotte Bruneau Dann halen ech dat kuerz fest: Den Ibrahim verdéngt op d’Stonn gerechent wéineg. Mee vu datt hien als Independant esouvill schaffe ka wéi hie wëllt, kritt hien um Enn vum Mount esouguer e bësse méi wéi de Mindestloun.

Léonardo Kahn Genee esou ass et.

Charlotte Bruneau A wat hält den Ibrahim dovun? Well: Géing hien déi Aarbecht zu Lëtzebuerg als Salarié maachen, an net als Independant, da géing hie mat 40 Stonnen d’Woch quasi dat selwecht verdéngen, wéi elo.

Léonardo Kahn Dat hunn ech mir och geduecht. An hunn hien dowéinst en halleft Joer drop erëm getraff. Natierlech, nees op der Aarbecht.

Cliente Allô?

Ibrahim Alibrahim Oui bonjour.

Cliente Oui bonjour.

Ibrahim Alibrahim Je suis Wolt, je suis devant la porte.

Cliente Oui, je viens. Merci.

Léonardo Kahn Ech wollt kucken, wéi zefridden hien nach mat der Plattform ass. Etuden deiten drop hin, datt d‘Leit, déi fir Plattforme schaffen, déi och séier nees verloossen.

Ibrahim Alibrahim Hier, il y avait travail bien!

Léonardo Kahn Den Ibrahim ass een, dee bleift. Äusserlech huet hie sech kaum verännert, hien huet ëmmer nach dat selwecht Laachen, de Baart. Just de Parechoc vu sengem Hyundai ass elo mat Tape zesummegepecht. Virun engem Restaurant krut hien e Poul ze paken.

Léonardo Kahn Dimanche, normalement, c'est une journée importante?

Ibrahim Alibrahim Oui!

Léonardo Kahn Mir treffen eis op engem Sonndeg.

Léonardo Kahn Tu penses que tu feras combien d'argent aujourd'hui?

Ibrahim Alibrahim J'espère 200.

Léonardo Kahn 200 euros? Très bien.

Ibrahim Alibrahim J'espère!

Léonardo Kahn Als Salarié kritt een zu Lëtzebuerg e Sonndeszouschlag. Mee net den Ibrahim. Hien ass Independant.

Ibrahim Alibrahim Le week-end, plus de travail. Jamais je ne reste à la maison.

Léonardo Kahn Hie schafft trotzdeem dacks weekends. Sonndesopschlag hin oder hier. Vu datt souvill bestallt gëtt, lount sech dat trotzdeem. Haut wëllt hien 200 Euro brut verdéngen.

Ibrahim Alibrahim Luxembourg, vous étudiez bien, vous travaillez bien. Et moi je n'ai pas étudié bien.

Léonardo Kahn Ech sot, datt hien eigentlech méi misst verdéngen, datt hien op d’Stonn gerechent net mol de Mindestloun kritt. Dorops sot hien: Wat bleift mir anescht iwwereg?

Ibrahim Alibrahim Parce que moi je n'ai pas étudié, je n'ai pas de certificat, je ne m'ai pas de diplôme. C'est obligatoire de travailler livraison comme ça. Plus de travail et après prendre de l'argent.

Léonardo Kahn Als Flüchtling misst hie vill schaffen, fir Suen ze verdéngen. Mee säin Zil, d'Famill aus dem Foyer ze kréien, dat huet hien erreecht.

Ibrahim Alibrahim Grande maison.

Léonardo Kahn C'est vrai?!

Ibrahim Alibrahim Oui!

Léonardo Kahn Incroyable, pas mal, bravo!

Ibrahim Alibrahim Oui c'est très très bien. Toutes les personnes parlent Luxembourgeois. Petit village.

Léonardo Kahn Hie wunnt elo mat senger Famill zu Miedernach, dat läit ënner Dikrech. Seng véier Kanner hunn eege Kummeren, si ginn nuets net méi vum Puppelche waakreg.

Ibrahim Alibrahim Parce que moi j'ai deux enfants bébés. S'ils ne dorment pas bien, le grand fils ne peut pas étudier. Toute la famille est stressée. Maintenant non, tranquille.

Léonardo Kahn Déi aner Kanner schlofe besser a kréie sech an der Schoul konzentréiert. Dat gëtt dem Ibrahim Hoffnung.

Ibrahim Alibrahim Je veux voir les enfants étudier ici. Et après, travailler bien.

Léonardo Kahn Ee Bouf soll Manager ginn, deen aneren Zänndokter. Den Ibrahim ass houfreg, wat hie sech déi lescht fënnef Joren zu Lëtzebuerg opgebaut huet.

Ibrahim Alibrahim Je n’ai pas de travail. Je n’ai pas la carte d’identité. Maintenant c’est mieux. Au début j'habitais au foyer, maintenant à la maison. Et l'année prochaine, inshallah, je vais prendre la nationalité luxembourgeoise. Et c'est comme ça. *Bling* C'est Dan et David.

Léonardo Kahn Et kënnt eng Bestellung eran: Eng Zalot vun Dean&David. D’Livraisoun gëtt dës Kéier och gutt bezuelt: 27 Euro.

Léonardo Kahn Wow 27 euros!

Ibrahim Alibrahim Ah oui, c'est ça, à la Remich. Nous allons à la Remich.

Léonardo Kahn De Client wunnt zu Réimech, dat si bal 20 Kilometer vum Kierchbierg aus. Mee fir 27 Euro lount sech dat. Um Enn vum Dag verdéngt den Ibrahim 208 Euro.

Charlotte Bruneau Leo, du hues den Ibrahim Alibrahim eng laang Zäit begleet. An hie seet, datt sech seng privat Situatioun verbessert huet a mat sengem Job ass hien och ganz zefridden.

Léonardo Kahn Jo, och no zwee Joer ass hien ëmmer nach iwwerzeegt, datt dat fir hien déi bescht Optioun ass, fir sech zu Lëtzebuerg en Akommes ze organiséieren. Mee d’Versprieche fir séier a flexibel Suen ze verdéngen huet e Präis. Well d’Plattforme sinn och flexibel. Zum Beispill wann et drëms geet, Livreuren nees lass ze ginn.

Elena Mendichi Oui, oui il m'a jeté dehors. Qu'est-ce que je dois faire? L'unique chose que je peux faire, c’est aller demander de me donner un avocat pour aller contre une multinationale.

Charlotte Bruneau Wéi eng Risiken d’Plattformaarbecht fir d’Livreuren huet, dorëms geet et an der zweeter Episod an eiser Serie “Ausgeliwwert”. Merci Leo, mir héieren eis d’nächst Woch.

Léonardo Kahn Merci Charlotte, bis dann.

Charlotte Bruneau Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Léonardo Kahn a vu mir, Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich

Fir keng Episod ze verpassen: Abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert.

A wann Dir Feedback hutt oder eis Froe stelle wëllt, schéckt eis gären e Mail op doku@100komma7.lu.