search

/ Ausfäll méiglech: Delhaize Lëtzebuerg kann aktuell keng Wuere bei Zentral bestellen

Liewensmëttel

|
reading time

1 min

Ausfäll méiglech: Delhaize Lëtzebuerg kann aktuell keng Wuere bei Zentral bestellen

D’Supermarchéë vun Delhaize zu Lëtzebuerg kënne wéinst engem informateschen Tëschefall beim Mammekonzern nach ëmmer keng Wuere bei der gemeinsamer Akafszentral bestellen. Dat seet de Roel Dekelver, Kommunikatiounsdirekter bei Delhaize, op eis Nofro hin. Och d’Geschäfter an der Belsch wiere betraff. 

reading time

1 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Wéi d’Wort scho gemellt hat, war et de Sonnden zu engem IT-Tëschefall an der Zentral vum Mamme-Grupp Ahold Delhaize an Holland komm. Op eis Nofro hi gëtt preziséiert, datt deen Tëschefall nach net behuewe wier. 

Et kéint zu Ausfäll bei eenzelne Liewensmëttel kommen. Et géif awer net zu gréissere Versuergungsschwieregkeete kommen, esou de Vertrieder vun Delhaize. Et géif een un Hand vu fréiere Bestellunge schätze wéi eng Wueren déi eenzel Supermarchéë bräichten an dës liwweren.

Zu enger Fuite vun Donnée wier et iwwerdeems net komm an och weider Service vun der Supermarchés-Chaîne wieren net betraff.

Kee Lien mat Cyberugrëff op Frigoen

Den hollännesche Mamme-Group deelt an engem Communiqué mat, datt wéinst engem Cyber-Sécherheetsfall Servere preventiv offline geholl gi wieren. Op d’Ursaach vum Tëschefall geet d’hollännesch Societéit net an. D’Wort hat am Virfeld vun enger Cyberattack geschwat.

E Lien mat dem rezente Cyberugrëff op Frigoe vu franséische Supermarchéë géif et awer net ginn, deelt Delhaize nach mat.