Dem däitsche Kanzler no, soll d’Nordee zum “gréisste Reservoir weltwäit fir propper Energie” ginn.
Retarden am Ausbau
Stroum aus Wandparken am der Nordsee soll hëllefen, d’Ofhängegkeet vun Europa vu Gas a Pëtrol ze reduzéieren. Mee déi ambitiéis Ziler riskéieren ze scheiteren, wéinst Retarde beim Ausbau. Dat hat déi däitsch Zeitung Handelsblatt e Freideg geschriwwen.
Beim zweeten Nordsee-Sommet 2023 zu Ostende war ofgemaach ginn, datt bis 2030 120 Gigawatt a bis 2050 300 Gigawatt Offshore-Wandkraaft-Leeschtung an der Nordsee sollen installéiert sinn. De Moment ass ee wäit vun deem Zil ewech: Et si réischt 34 Gigawatt installéiert, esou eng Analys.
Lëtzebuerg läit zwar net um Mier - Trotzdeem héijen Interessi
Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 30 Milliounen Euro um Bau vun engem dänesche Wandpark. Dat war virun dräi Joer ugekënnegt ginn.
Ënner anerem ëm den Ausbau vu Produktiounscapacitéite fir erneierbar Energien an der Nordsee geet et och haut um Sommet zu Hamburg. Obwuel Lëtzebuerg net un d’Mier grenzt, wier et direkt vun den Entscheedunge betraff, hat et am Virfeld schrëftlech vun der Lëtzebuerger Regierung geheescht.
Als staark industrialiséiert Land, dat och op Energieimporter ugewisen ass, hätt Lëtzebuerg ee strateegeschen Interessi dorun, een Deel ze fërderen.
"Der darauf abzielt, die Energieanbindungen zu stärken, die Energiequellen zu diversifizieren und den Übergang zu einem nachhaltigeren und widerstandsfähigeren Energiesystem zu unterstützen."
Kritesch Infrastrukturen ënner Drock
Um drëtten Nordsee-Sommet zu Hamburg solle virun allem besser Investitiounsbedingunge fir d’Offshore-Wandenergie geschaf ginn.
Beim Optakt vum Sommet huet déi däitsch Wirtschaftsministerin Katherina Reiche awer um Méindegmoien och gewarnt, datt déi kritesch Infrastruktur ënner Drock wier.
Net réischt zënter dem russeschen Ugrëffskrich an den Ukrain, géif een observéieren, datt kritesch Infrastrukturen attackéiert ginn.
"Stromnetze, Pipelines, wichtige Datenkabel, die für die digitale Souveränität unseres Kontinents vun entscheidender Bedeutung sind, werden angegriffen. Und deshalb ist zum ersten Mal die NATO hochrangig hier vertreten."
Investitiounspak mat Industrie an Netzbedreiwer ënnerschriwwen
Nieft der NATO ass och d’Europäesch Unioun haut, um Méindeg, zu Hamburg vertrueden. Mat dobäi sinn och 100 Wirtschaftsvertrieder:innen.
Ëmweltverbänn haten am Virfeld gefuerdert, datt den Ausbau vun der Wandenergie net zu laaschte vun der Natur dierft goen.
Um Nordsee-Sommet zu Hamburg hunn déi bedeelegt Staaten de Méindegmoie mat der Offshore-Wandindustrie a mat den Netzbedreiwer een Investitiounspak ënnerschriwwen. Bis zu 100 Gigawatt Leeschtung solle grenziwwerschreidend disponibel gemaach ginn.