arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Attacken op jüddesch Zentren zu London: Police schléisst Optrag vun Iran net aus

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Attacken op jüddesch Zentren zu London: Police schléisst Optrag vun Iran net aus

Bannent e puer Woche koum et zu London ëmmer rëm zu Attacken op Synagogen an aner jüddesch Zentren. No der leschter Molotow-Attack, gëschter an der Nuecht, goufen zwee Verdächteger festgeholl, zwee jonk Männer vun 19 a 17 Joer.

reading time

1 min

Antisemittesche Branduschlag op e jüddesche Rettungsdéngscht zu London | © EPA/ANDY RAIN
Antisemittesche Branduschlag op e jüddesche Rettungsdéngscht zu London (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Déi Londoner Police schléisst net aus, datt dës an och déi aner Attacken an de leschte Wochen, vun der iranescher Regierung an Optrag gi goufen. Dëst war déi 5. Attack op eng jüddesch Institutioun, si ginn als antisemittesch agestuuft. 15 Persoune wiere bis ewell an Zesummenhang mat den Attacke festgeholl ginn. 

Virun e puer Woche goufe Rettungsween vun der jüddescher Communautéit am Véierel Golders Green a Brand gestach. D'lescht Woch koum et och zu engem Branduschlag an enger Synagog an engem fréiere jüddeschen Zentrum.