search

/ Attacken am Südsudan mat op d'mannst 169 Doudegen

International

|
headphones

1 min

Attacken am Südsudan mat op d'mannst 169 Doudegen

Am Südsudan si bei verschiddenen Ugrëff op méi Dierfer op d‘mannst 169 Mënschen ëmbruecht ginn. Ënner den Affer si Kanner, Fraen, eeler Mënschen a Sécherheetspersonal.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa/- | Mudathir Hameed
(Foto: picture alliance/dpa/- | Mudathir Hameed)

D‘Identitéit vun den arméierte Gruppe wier nach net bekannt, heescht et vun den Autoritéiten. 

D‘UN-Friddensmissioun bezeechent déi Gewalteskalatioun als alarméierend. Méi wéi Dausend Ziviliste sollen zënter e Sonndeg op eng Basis an der Regioun geflücht sinn.

Dat zënter 2011 onofhängegt ostafrikanescht Land gëllt zënter e puer Méint als politesch instabil. Et kënnt ëmmer nees zu Konflikter tëschent der Regierungspartei an der Oppositiounspartei an zu Konflikter tëschent verschiddenen ethnesche Gruppen.