Radioen

On air

De Weekend  |  Wild Nothing - Partners In Motion

play_arrow Live
search

/ Atomenergie: Luc Frieden kritt Réckewand vun de Jonken Demokraten

Jonk Demokraten

Atomenergie: Luc Frieden kritt Réckewand vun de Jonken Demokraten

No der viller Kritik um Premier Luc Frieden sengen Aussoen zu Bréissel iwwert d‘Atomkraaft kënnt haut bësse Réckewand vun de Jonken Demokraten. Déi Debatt, déi de Premier ugestouss hätt, misst weider gefouert ginn.

auto_stories

1 min

Atomkraaftwierk | © picture alliance/dpa/Revierfoto
Atomkraaftwierk (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto)

D‘Regierung misst hir Positioun zur Atomkraaft iwwerdenken. Et wier evident, datt och Atomreaktere vun der neier Generatioun déi albekannte Probleemer vun der Nuklearenergie net komplett léise kéinten. Dofir misst weider an déi Technologie investéiert ginn.

Atomenergie géif zwar e gewësse Risiko mat sech bréngen, mee dat wier, par rapport zu de fossillen Energien, am Hibléck op de Klimawandel, dee klengsten Iwwel, sou déi jonk Demokraten.

De Kampf géint de Klimawandel wier ouni d‘Atomkraaft net ze gewannen.