D‘Situatioun wier besuergneserreegend, heescht et am Pressecommuniqué vun der Associatioun vun de Giijtescher. Bannent nëmmen enger Woch wiere véier Giischtercher aggresséiert ginn.
Esou Tëschefäll mat Gewalt géifen ëmmer méi heefeg ginn, an d‘Aarbechtskonditioun vun e Giischtercher an dem Personal an de Prisongen hätten sech verschlechtert, esou d’Associatioun vun de Giischtercher an hirem Schreiwes.
Agente géife geschoult ginn
D’Zouhuele vu Gewalt an de Prisonge léisst sech zum groussen Deel duerch den Zouwuess vun den Inhaftéieren erklären. Esou reagéiert d’Generaldirektioun vun der Prisongsverwaltung op d’Alerte vun der Associatioun vun de Giischtercher.
D’Konzentratioun vun enger méi grousser Zuel u Gefaangenen am selwechten Espace géif ëmmer eng latent Gefor fir Tensiounen duerstellen, huet et de Mëtteg op Nofro vum Radio 100,7 vun der Prisongsverwaltung geheescht. Zousätzlech géife gesellschaftlech a kulturell Facteuren eng Roll spillen, besonnesch an engem staark multikulturellen Ëmfeld, wat zu Mëssverständnisser kéint féieren.
D’Verwaltung géif Fäll vu Gewalt ganz eescht huelen. Aus dësem Grond géifen d’Agente geschoult ginn, fir esou gutt wéi méiglech op esou Situatioune preparéiert ze sinn, a se beschtefalls ze verhënneren.