search

/ Ass den neie Lëtzebuerger Pass ze modern fir datt en iwwerall funktionéiert?

Elektroneschen Chip

|
reading time

1 min

Ass den neie Lëtzebuerger Pass ze modern fir datt en iwwerall funktionéiert?

Déi nei Lëtzebuerger Päss, déi zënter dem 11. Mee ausgestallt ginn, kënnen op verschiddenen internationale Fluchhäfen nach net elektronesch gelies ginn. Dat deelt den Ausseministère an engem Communiqué mat. 

reading time

1 min

Pressekonferenz vum 20. Mäerz 2026 | © Eric Ewald
Pressekonferenz vum 20. Mäerz 2026 (Foto: Eric Ewald)

Den elektroneschen Chip an den neie Lëtzebuerger Päss géif mat engem Sécherheetsprotokoll vun der neister Generatioun funktionéieren, dee verschidde Fluchhäfen nach net ëmgesat hätten.

Do wier déi automatesch Passkontroll dofir den Ament nach net méiglech an et misst een amplaz duerch e klasseschen, physesche Passkontroll-Guichet goen. 

"Just eng Transitiounsphas"

Den Ausseministère betount: Dat wier just eng Transitiounsphas. Et géif keen technesche Feeler bei den neie Päss ginn. Si wiere konform a valabel fir iwwer eng Grenz ze reesen.

Lëtzebuerg wier a Kontakt mat den zoustännegen Aviatiouns-Organisatiounen a mat de betraffene Länner, fir datt si hir Passkontroll-Systemer un déi nei Normen upassen.