Si nennen d'Militär-d'Aktioun eng "anti-Terror" Operatioun. Engem éischte Bilan no si bis elo iwwer 20 Leit ëm d'Liewe komm. A Berg-Karabach wunnen eng 120.000 ethnesch Armenier. D'Enklav gëtt international als Deel vun Aserbaidschan unerkannt. Ënner russescher Vermëttlung waren 2020 an 2022 Friddensaccorden ënnerschriwwe ginn. D'Spannunge waren an de leschte Woche geklommen nodeems Aserbaidschan déi eenzeg grouss Strooss vun Armenien an d'Enklav blockéiert hat. Russland huet déi zwou Säiten de Moien opgeruff, zivil Affer ze verhënneren an mat den Attacken opzehalen. Zu New York gouf eng Drénglechkeetssëtzung vum UNO-Sécherheetsrot aberuff.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Aserbaidjan: Iwwer 20 Doudeger bei Militäraktioun an der Enklave Berg-Karabach
Krich
Aserbaidjan: Iwwer 20 Doudeger bei Militäraktioun an der Enklave Berg-Karabach
D'Militär-Aktioun vum Aserbaidschan an der Enklav Berg-Karabach géif weider goe bis déi ethnesch-armenesch Separatisten an der Enklav opginn, esou déi aserbaidjanesch Autoritéiten.
auto_stories
1 min