Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Armenie well dem Internationale Strofgeriichtshaff bäitrieden

No Militäroffensiv vun Aserbaidjan

Armenie well dem Internationale Strofgeriichtshaff bäitrieden

Armenie wëll dem Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag bäitrieden. D‘Parlament zu Erevan huet haut eng Debatt lancéiert, fir de Statut vu Roum, déi juristesch Grondlag vum Geriichtshaff, ze ratifizéieren. Muer soll de Vott sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Shotshop | Dmitry Rukhlenko
Foto: picture alliance / Shotshop | Dmitry Rukhlenko

Armenie wéilt domat weider Garantië vis-à-vis vun Aserbaidschan kréien, nodeems Aserbaidjan jo mat enger Militäroffensiv déi separatistesch Enclave Bergkarabach eruewert huet, wou majoritär Armenier gelieft hunn.

Dëse Projet wäert ganz schlecht vu Moskau opgeholl ginn. Am Fréijoer nach hat den Internationale Strofgeriichtshaff en Haftbefeel géint de russesche President Wladimir Putin ausgestallt. An der lescht hu sech d‘Tensiounen tëscht den zwee traditionellen Alliéierten Armenien a Russland scho verschlechtert.