Armenie wéilt domat weider Garantië vis-à-vis vun Aserbaidschan kréien, nodeems Aserbaidjan jo mat enger Militäroffensiv déi separatistesch Enclave Bergkarabach eruewert huet, wou majoritär Armenier gelieft hunn.
Dëse Projet wäert ganz schlecht vu Moskau opgeholl ginn. Am Fréijoer nach hat den Internationale Strofgeriichtshaff en Haftbefeel géint de russesche President Wladimir Putin ausgestallt. An der lescht hu sech d‘Tensiounen tëscht den zwee traditionellen Alliéierten Armenien a Russland scho verschlechtert.