De Pol Tousch (1937-2019), dee selwer am jonken Alter de Krich materlieft hat, huet am Joer 2004 eng Spezialemissioun vun "Erlieft a Verzielt" produzéiert, an där Zäitzeien zu Wuert kommen. Dës Interviewen hat hien eigentlech 25 Joer virdrun als Dokumentatiounsmaterial fir säi Buch "Ardennenchronik Mecher Dünckrodt Liefringen" gemaach. Am Zeechen vun der Erënnerung goufen dës Tounopnamen nach eng Kéier iwwer d'Antenn gesent.
Déi éischt Episod konzentréiert sech op Erfarungen, déi Awunner vun den Dierfer Meecher, Dénkert a Léifreg gemaach hunn:
An där zweeter Episod gëtt sech mat där wuel am meeschten ëmkämpfte Plaz wärend der Offensiv beschäftegt: Dem Schumanns-Eck:
De Carlo Link, Journalist beim radio 100,7, huet an där selwechter Zäit eng weider "Erlieft a Verzielt" Sendung produzéiert, wou och hie sech mat Zäitzeien ënnerhalen huet.
Am éischten Deel huet hie sech mam Adolphe vu Furen ënnerhalen:
An där zweeter Episod kommen dann den Nic. Henrotte vu Wäiswampech an de Pierre Eicher vu Maarnech zu Wuert.