Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ArcelorMittal këmmert sech net em d'Sécherheet vun Aarbechter a Kasachstan

​Aarbechtssécherheet

ArcelorMittal këmmert sech net em d'Sécherheet vun Aarbechter a Kasachstan

An de Minne vun ArcelorMittal a Kasachstan wieren an de leschte 15 Joer wieren iwwer 100 Aarbechter gestuerwen, sou déi franséisch Noriichtenagence, si berifft sech op Temoignage vu Mineuren, déi am Kasachstan fir de Grupp ArcelorMittal schaffen.

auto_stories

1 min

Arcelor Mittal | © Bigstock / ricochet64
Foto: Bigstock / ricochet64

Eleng am August dëst Joer an am November d'lescht Joer wieren zéng Mënsche bei Explosiounen ëm d'Liewe komm.

ArcelorMittal géif seng Aarbechter wéi Sklave behandelen, an déi déidlech Accidenter wieren zu 100 % d‘Schold vun de Responsabele vum Grupp, déi ze giereg wieren. Si géifen net genuch an d'Sécherheet an a nei Infrastrukturen investéieren. Mittal ass zanter 1995 am Kasachstan present