search

/ Antisemittesche Branduschlag zu London: Dräi Verdächteger an Untersuchungshaft

Groussbritannien

|
reading time

1 min

Antisemittesche Branduschlag zu London: Dräi Verdächteger an Untersuchungshaft

Dräi Verdächteger sinn zu London an Untersuchungshaft. Hinne gëtt virgeworf fir den antisemittesche Branduschlag op ee jüddesche Rettungsdéngscht viru knapp zwou Woche verantwortlech ze sinn. Et handelt sech ëm zwee Männer am Alter vun 19 an 20 Joer, an ëm ee Mannerjärege vu 17 Joer.

reading time

1 min

Antisemittesche Branduschlag op e jüddesche Rettungsdéngscht zu London | © EPA/ANDY RAIN
Antisemittesche Branduschlag op e jüddesche Rettungsdéngscht zu London (Foto: EPA/ANDY RAIN)

Déi dräi Verdächteger gi wéinst Brandstëftung a schwéierer Kierperverletzung ugeklot.

Véier Ambulanze vum jüddesche Rettungsdéngscht goufe vun op d‘mannst dräi Persounen a Brand gestach. Eng weider véiert Persoun wier och festgeholl ginn, esou déi brittesch Police.

D'Autoritéite ginn net vun engem Terrorattentat aus.