arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ANIL pocht op besser Reform: "D'Leit si fleegeresch ënnerversuergt"

Santé

|
reading time

5 min

headphones

11 min

play_arrow

ANIL pocht op besser Reform: "D'Leit si fleegeresch ënnerversuergt"

D'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièrë kritiséiert de Gesetzesprojet fir d'Reform vum Beruffsstand: Vu Moderniséierung kéint keng Ried sinn, esou d’ANIL an hirem Schreiwes, déi der Ministesch hir Positioun net verstoe kann, an op den Eescht vun der Situatioun opmierksam mécht.

reading time

5 min

headphones

11 min

play_arrow
D'Anne-Marie Hanff | © Jo Diseviscourt
D'Anne-Marie Hanff (Foto: Jo Diseviscourt)

De Gesetzesprojet soll de Beruff vun den Infirmieren an Infirmièren en soins généraux moderniséieren. Dat wier net de Fall, esou de Reproche vun der ANIL. D’Gesetz géing nach ëmmer net dat ofdecken, wat d’Infirmièren an Infirmieren am Alldag maachen.

En administrative Volet, deen ëmmer méi grouss gëtt

Een autonoomt Schaffe wier also net méiglech, seet d’Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL, am 100,7-Interview.

Si gëtt en einfacht Beispill: Och mat der neier Reform kéint en Infirmier nach ëmmer net op legal Aart a Weis Zofirax - eng Crème géint Herpes - bei engem Patient opdroen, obwuel jidderee sech déi Crème ouni Ordonnance an der Apdikt kafe kann.

Et kéim wéinst esou Beispiller zu immense Retarden an den administrativ Opwand wier enorm, esou d’Anne-Marie Hanff. 40 Prozent vun der Aarbecht wier den administrative Volet.

Reuniounen am Aarbechtsgrupp "wéi um Véimaart"

Dobäi goufen et awer eng Rëtsch Reunioune mam Aarbechtsgrupp vum Ministère. Och d’Spidolsfederatioun war vertrueden, genee wéi och d’Gesondheetsschoul. D’ANIL-Presidentin erkläert awer, datt déi Reunioune quasi “vun haut op muer” ugefaangen hätten, an ee sech dowéinst net gutt preparéiere konnt.

“Deen Text, dee mir kruten, war vun enger immens schlechter Qualitéit. Wéi e Brouillon.”

Et hätt ee sech wéi um Véimaart gefillt: Deen, deen am häertste gejaut huet, krut dat, wat e wollt, seet d’Anne-Marie Hanff.

ANIL vs. Ministesch: Verschidden Ziler?

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez sot rezent an der Chamber, datt wann een den Infirmiere méi Autonomie géing ginn, datt een dann an d’Richtung vum Infirmier en pratiques avancées géing goen.

Déi dierfen Aufgaben iwwerhuelen, déi den Infirmier en soins généraux net dierf maachen. Falls ee Kompetenze vergiess hätt, kéint een déi ëmmer nach per Amendement noreechen, esou d’Martine Deprez.

Si sot och, datt et een Aarbechtsgrupp fir den Infirmier en pratiques avancées géing ginn.

Et schéngt also, wéi wann d’Zil vun der Ministesch net ass, dem Infirmier en soins généraux méi Kompetenzen ze ginn.

Basis-Fleeg muss garantéiert ginn

D’Anne-Marie Hanff erkläert, datt den Infirmier en pratiques avancées op Masterniveau forméiert ass an och vill méi Beruffserfarung muss matbréngen. Am Ausland këmmeren déi sech dacks ëm déi chronesch krank Leit, maachen de Suivi an Hausbesich.

D’ANIL awer fuerdert dat, wat schonn a Frankräich am Gesetz verankert ass: Datt all Infirmier dat Fleegematerial, dat hien oder si brauch fir d’Aarbecht ze maachen, selwer verschreiwe kann.

“Ouni Ordonnance vum Dokter kënne mir näischt maachen. Do stellt sech d’Fro vum Benefice Risk.”

Datt ee sech hei am Land och den Infirmier en pratiques avancées ukuckt, hätt een och gefuerdert, seet d’ANIL-Presidentin. Mee als éischt misst ee sech mol ëm d’Basis këmmeren.

“Mir wiere frou, wa mir mol d’Soin-de-basë kënne maachen. D’Leit si fleegeresch ënnerversuergt, och wa si medezinesch gehollef kréien.”

Aus deem Grond hätt een och de Bachelor an der Fleeg gefuerdert, fir déi Kompetenzen, déi een do léiere géing, och am Alldag an um Terrain kënnen ëmzesetzen. Dat géing déi aktuell Reform awer nach verhënneren.

D’Anne-Marie Hanff betount ausserdeem, datt d’ANIL net Deel vum Aarbechtsgrupp ronderëm den Infirmier en pratiques avancées ass, an och net vun der respektiver Task force.

Grozonen am Gesetz

Och d’Patrone soen, datt et schwéier ass, als Spidol oder Altersheem attraktiv fir auslännesch Infirmièren an Infirmieren ze sinn, wann ee vill manner maache kann, wéi bei sech am Land.

Grad am Altersheem wier méi Autonomie wëllkomm, well do net ëmmer en Dokter sur place ass, erkläert d’Anne-Marie Hanff.

D’ANIL warnt iwwerdeems och viru Grozonen am Gesetz, déi et och schonn am aktuelle Gesetz ginn. E konkreet Beispill: Eng Infirmière muss sécherstellen, datt den Dokter “en mesure d’intervenir” ass. Wat genee dat heescht, gëtt net erkläert.

“Muss hien an enger gewësser Zäit do sinn? Muss hien aarbechtsfäeg sinn? Wat ass ‘intervenir’? Per Telefon, sur place? Dat kann een herno alles ausleeën, wéi ee wëllt.”

Verschidde Saache géingen och zweemol drastoen a sech zum Deel widderspriechen.

D'Ministesch kennt d'Positioun vun der ANIL

Firwat um Enn esou een Text entstanen ass, deen esouwäit hanner den Erwaardunge vun der ANIL zeréckbleift, wéisst si och net, esou d’Anne-Marie Hanff. Schlussendlech hätt een e puer Méint Zäit gehat, fir alles methodologesch korrekt ze preparéieren. Elo wieren onräif Avisen ausgeschafft ginn, well net genuch Zäit do war.

Et hätt u Systematik gefeelt, seet d’ANIL-Presidentin. Der Ministesch hätt een och schonn am Oktober kloer ze verstoe ginn, datt een net mat op dee Wee goe wéilt. Firwat hir Positioun awer net consideréiert gouf, kéint si sech net erklären.

play_arrow Lauschteren