search

/ Angeeblech Spionage: Argentinesch Journalisten dierfen net méi an de Regierungssëtz

Argentinien

|
reading time

1 min

Angeeblech Spionage: Argentinesch Journalisten dierfen net méi an de Regierungssëtz

Argentinesch Journalisten hu keen Zougang méi an de Regierungssëtz Casa Rosada zu Buenos Aires. Et wier eng preventiv Mesure, well eng Uklo wéinst illegalem Spionage am Raum stéing, heescht et an enger Kommunikatioun vu Regierungssäit. 

reading time

1 min

picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser | © picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser
Symbolbild Press (Foto: picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser)

Et géif drëms goen déi national Sécherheet ze schützen, heescht et vu Säite vum Regierungschef Javier Milei. Dëse Schrëtt ass ongewéinlech. Journalisten duerften esou guer ënner deem fréieren argentinesche Militärdiktaturen an d‘Casa Rosada eran. 

De President Milei ass zënter Dezember 2023 mat senger Partei La Libertad Avanza am südamerikanesche Land un der Muecht. De Rietspopulist ass bekannt dofir sech mat enger Motorsee op der Bün ze inzenéieren.

Aweiung vun enger argentinescher Ambassade zu Jerusalem

Viru knapps enger Woch war hien op Visitt an Israel fir d'Aweiung vun enger argentinescher Ambassade zu Jerusalem. De President Milei gëllt als enken Alliéierte vum jüddesche Staat. Den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu soll him iwwerdeems eng Éieremedail fir seng Ënnerstëtzung iwwerreecht hunn. 

D'USA haten hir Ambassade am Joer 2018 ënner dem Donald Trump senger éischter Amtszäit vun Tel Aviv op Jerusalem verluecht - e politesche Message. Israel beusprocht Jerusalem als Haaptstad. Aner Länner, dorënner elo och Argentinien, hat dorops hin hir Ambassaden och op Jerusalem verluecht.